Wat di mir eise Kanner un…???

Wat di mir eise Kanner un…???
(dpa)

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Leserbrief von J.

Et sinn elo 10 Joer dass déi éischt Maison Relaisen hier Dieren opgemaach hunn.
Mee kann en dat féieren???

Déi meescht vun eise Kanner ginn do haut versuergt, jo et ginn praktesch keng Kanner méi déi net dohi ginn.
Vu mueres 7 bis owes 7 Auer, vun 2-3 Méint bis 12 Joer. Vill ze fréi a vill ze laang wann e weess dass et fatal ass fir kleng Kanner ënner 3 Joer wann déi méi wéi 5-6 Stonnen am Daach friemversuergt ginn. Si kënnen sou keng Relatioun zu hiren Elteren opbauen. E Kand awer muss eng Bezugspersoun hunn op déi hat sech verloosse kann.
Ech maachen mir enorm Suergen well dat haut net méi de Fall ass.

Ech schaffen selwer an enger Maison Relais a gesinn wéi mir do all Altersgruppen vu Kanner net kënne gerecht ginn. Immens vill verhalensopfälleg Kanner, déi onbedéngt Hëllef bräichten an déi se bei eis net kréien. Et ass eng Geräischkuliss, déi een sech net ka virstellen wann sou ëm 30 Kanner an engem Sall sinn.

Ech hu virun laange Joren de Beruff Erzéier geléiert well ech eppes am soziale Beräich wollt maachen a well ech frou mat Kanner sinn. Wann ech haut gesinn wat mir eise Kanner zoumudden, kéint ech kräischen.

Et si vill Kanner déi vun 3 Joer un de ganze Programm (7-8 Auer Maison Relais, 8-12 Auer Schoul, 12-14 Auer Maison Relais, 14-16 Auer Schoul an da rëm bis 18-19 Auer Maison Relais) mussen matmaachen an och an de Vakanzen vu fréi bis spéit an der Maison Relais sinn. An och nach doheem oft keen deen sech déi Zäit hellt déi si bräichten. Déi Kanner kënne sech net normal entwéckelen. Net ze schwätzen vun de Bébéen déi oft ëm 10 Stonnen an der Maison Relais sinn.
Ech wonnere mech guer net iwwer déi vill verhaalensgestéiert Kanner, keen Schoulofschloss, Drogen, keng Bezéiung kënne oprecht erhaalen, keng Aarbecht kréien, Kriminalitéit, Mobbing asw…

Nach e Wuert zum Personal an de Maison Relaisen. Dëst besteet aus Erzéier (60%) an Agents socio-éducatifs (40%). Déi läscht verdéngen manner wéi är Botzfraen. Virbereedungszäit huet een sou gudd wéi keng. Et schafft een mat Coupures, vun 2-4 Auer ass een fräi an kënnt dann erëm fir 1-3 Stonnen. „Selon les besoins du service“ ass een agestallt. Just an de Vakanzen kann een seng Stonnen um Stéck schaffen. Wéineg Erzéier bleiwen laang an enger Maison Relais, ech hu net wéineg gutt Erzéier erlieft déi eis verlooss hunn well se eng Aarbecht fond hunn wou si besser Konditiounen hunn.

Sou, also ech fannen net dass dat ka gefeiert ginn, ech fannen éischter dass mer no 10 Joer mol missten iwwerleeën op dat de richtege Wee ass.

Eng (vu villen) besuergten an iwwerfuerdert Erzéierin