Psychosen eescht huelen (Deel 2)

Psychosen eescht huelen (Deel 2)

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den ersten Teil dieses Forumsbeitrags finden Sie hier.

Zu Lëtzebuerg leide ronn 6.000 Persounen un enger Psychose. D’AFPL („Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg“) ass 2017 gegrënnt ginn, huet mëttlerweil 100 Memberen a mécht op de Problem opmierksam. Den zweeten Deel vun engem oppene Bréif.

6. RPGH („Revenu pour personnes gravement handicapées“)

Wat mécht eng Persoun mat 1.300 Euro am Mount? Kënnt Dir Iech virstellen, domadder mussen ze liewen? Firwat muss den RPGH bei psychesch kranke Persounen zréckbezuelt ginn am Fall vun enger Ierfschaft z.B., wou et bei dëse Persoune schonn oft schwéier ass, fir enger gereegelter Aarbecht nozegoen, an déi finanziell Situatioun alles anescht ewéi roseg ass?

7. Zréckbezuelen zu 100% vun all de Neuroleptiken ënnert Form vu Pëllen

Wéinst der prekärer finanzieller Situatioun vum Patient missten och déi Neuroleptiken, déi a Form vu Pëlle sinn, net wéi bis elo zu 80%, mee zu 100% zréckbezuelt ginn.
Et ass gewosst, datt d’Asiicht an d’Krankheet oft feelt, firwat mussen dës Persounen dann och nach een Deel dovun aus der eegener Täsch bezuelen, amplaz si ze motivéieren, hiren Traitement weiderzefeieren?

Dobäi kënnt, datt dës Persounen sech bei verschiddenen Assurancen emol net privat verséchere kënnen!

8. Sämtlech Entreprisen encouragéieren, fir déi virgeschriwwe gesetzlech 5% vu Persoune mat engem Handicap z’engagéieren

Persoune mat engem psycheschen oder physeschen Handicap si genee esou wäertvoll Mënschen, déi ee Recht hunn op eng Aarbechtsplaz. Si verdéngen deeselwechte Respekt a sollen och, trotz hirem Handicap, valoriséiert ginn, grad esou wéi all normalen Employé. Misst een do net och vun „Inklusioun“ schwätzen, wou all d’Mataarbechter gläichberechtegt behandelt solle ginn?

Dobäi misst och nach méi eng enk Zesummenaarbecht mat der ADEM an de verschiddenen Entreprise gefouert ginn. Dir wësst ganz gutt, all Persoun, déi de Wee zréck an d’Beruffsliewe fënnt, ass ee Chômeur manner, deemno entstinn och manner Käschte fir de Staat.

9. Konsum vu Cannabis kann eng Psychos ausléisen

Firwat gëtt net méi heiriwwer, och an der Schoul, sensibiliséiert? Bei verschiddene Jugendlecher ka Cannabis fëmmen den Ausléiser vun enger Psychos sinn, och scho bei engem éischte Konsum, deen irreversibel Schied hannerléisst. D’Psychos huet eng Viretapp, ier si sech fir en Aussestoende bemierkbar mécht, an déi Betraffe schwätzen oft net dovun, bis si keng Kontroll méi driwwer hunn. Genee an dëser Etapp sinn si ganz empfänglech fir Cannabis ze konsuméieren, well deen d’Gehir wonnerbar entspaant. Dobäi mécht de Konsum vu Cannabis hinnen et awer schwéier, fir hire psychesche Gesondheetszoustand ze stabiliséieren. Missten eis Psychiater an och de Gesondheetsministère heiriwwer net onbedéngt méi Opklärung ginn an op d’Geforen opmierksam maachen, zemools bei deene ganz Jonken?

10. Falsche Gebrauch vum Wuert Schizophrenie

Firwat gebrauche Politiker ëfters fälschlecherweis d’Wierder „Schizophrenie“ oder „schizophren“, wa si wëllen eppes Widderspréchleches oder Absurdes ausdrécken? Hannert dësem Wuert steet a Wierklechkeet vill Misär an de betraffene Familljen. Et ass sécher munches geschitt an der Psychiatrie an deene leschte Joren.

Als betraffe Mamm gesinn ech, datt d’Situatioun alles anescht ewéi zefriddestellend ass, an et ass ganz schwéier, mussen nozekucken, datt engem säi Kand, wat ee jonken Erwuessenen ass, och no Joren nach keng richteg Zukunftsperspektiven huet, well et un engem Behandlungskonzept feelt bei Éischterkrankungen. D’Situatioun ass grad esou traureg bei Persounen, déi manner jonk sinn.

D’Lëtzebuerger Land hätt sécher déi finanziell Méiglechkeeten, fir déi noutwendeg Strukturen opzeriichten, déi vun de Professionellen zanter Jore gefuerdert ginn.
Wann ee jonke Mënsch erëm op di richteg Bunn bruecht gëtt an hien säi Liewen no engem Kliniksopenthalt an Dignitéit ka féieren, leeft hie manner Gefor chronesch krank ze ginn. Virun allem awer kéint verhënnert ginn, datt dës wäertvoll Persounen oft hiert Liewe verfuscht kréien!

Wa genuch Strukturen do wären, bräicht d’Gesellschaft, also de Staat, vill manner, fir all dës Fleegefäll ze bezuelen. Leider gëtt ee keng Statistiken doriwwer gewuer, eis Gesondheetskeess huet awer sécher Zuelen heivunner!

Et ass derwäert, z’iwwerleeën, wat et kascht, fir eng Persoun ëmmer erëm wéinst enger Décompensatioun an eng Klinik mussen anzeliwweren, well d’Asiicht feelt fir Neuroleptiken ze huelen, oder ob et net wierklech méi bëlleg géing ginn, wann déi noutwendeg Strukture géife bestoen an een dëse Persounen den néidegen Encadrement séier kéint ubidden, fir hir Krankheet besser ze verstoen an ze léieren, domadder ze liewen. All Persoun, déi un enger Psychos erkrankt ass, verdéngt, grad wéi all anere Patient, eng séier Diagnos, een adequat Encadrement an deen néidege Suivi, fir erëm deementspriechend séier gesond ze ginn.
Ech schwätzen am Numm vun der AFPL asbl net nëmme fir mäi Jong, mee och fir all eis Memberen an all déi aner concernéiert Persounen hei am Land. Ech soen Iech Merci, Dir Dammen an Dir Hären, datt Dir Iech Zäit geholl hutt, mäi Schreiwes ze liesen. Ech géif mer wënschen, datt mir mat Ärer Hëllef kënnen derzou bäidroen, fir d’Situatioun vun deenen 30.000 Persounen ze verbesseren.

* D’Mady Juchem ass Vizepräsidentin vun der AFPL („Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg“).

 

Psychosen eescht huelen