Psychosen eescht huelen

Psychosen eescht huelen

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Zu Lëtzebuerg leide ronn 6.000 Persounen un enger Psychose. D’AFPL („Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg“) ass 2017 gegrënnt ginn, huet mëttlerweil 100 Memberen a mécht op de Problem opmierksam.

Ech sinn eng betraffe Mamm, ech hu mäi Jong zanter 7 Joer am Traitement vun enger Schizophrenie. Et handelt sech bei dëser Krankheet ëm ee bio-chemeschen Iwwerschoss vun Dopamin am Gehir, dee mécht, datt verschidde Persounen auditiv an olfaktiv Halluzinatiounen hunn oder Gefiller esou intensiv erliewen, datt et fir ee gesonde Mënsch absolut net nozevollzéien ass. Bei der Éischterkrankung verléiert dee Jonken d’Kontroll iwwert sech selwer a kennt sech selwer net méi erëm. Alles, wat bis ewell wichteg war, wéi Schoul, Ausbildung, Aarbechtsplaz, Hobbyen, ass op eemol onwichteg! Dës Symptomer ginn, wann se séier genuch erkannt ginn, ënnert anerem mat Neuroleptike behandelt. Leider ass an de Familljen dacks eng grouss Schimmt, fir doriwwer ze schwätzen, an d’Krankheet gëtt och leider haut nach ze vill stigmatiséiert.

Oft vergeet vill onnéideg a wäertvoll Zäit, bis déi richteg Diagnos gestallt ass. Souguer fir de Psychiater ass et net ëmmer einfach, bis hien eng genee a richteg Diagnos huet. Ganz dacks si jonk Persounen am Alter vu 15 bis 30 Joer betraff. Awer och eeler Leit kënnen un enger Psychos erkranken. 60% hu keng Asiicht an d’Krankheet, wat de Prozess vun der Reconvalescence schwiereg mécht.

Et gëtt oft chronesch, well di betraffe Persoun mat hirem Traitement ophält. Et ass ganz schwiereg fir si ze verstoen, wat mat hir lass ass. Wéi erkläert een hir och, datt si Medikamenter mat ville Niewewierkunge muss huelen, well déi Iddien, déi si huet, net an der Realitéit sinn?

Sidd Dir Iech bewosst, datt 10% vun de Persounen, déi un enger Psychos leiden, Selbstmord maachen? Do ass eis Santé och gefuerdert, fir dëse Persounen an Nout déi néideg Stäip ze bidden.

D’WHO (World Health Organization) schätzt, datt 1% vun der Weltpopulatioun betraff ass, dat sinn zu Lëtzebuerg 6.000 Persounen. Zielt een dobäi hiert direkt Ëmfeld (Elteren, Partner, Frënn a Bekannten), déi sech grouss Suerge maachen, ennt ee liicht op 24.000 Persounen. Dat sinn zesummen och 30.000 potenziell Wieler! Mir wëllen Iech opmierksam maachen op dës noutwendeg Punkten, déi an eisen Aen absolut derwäert sinn, fir an der Ëffentlechkeet diskutéiert ze ginn.

1. Fréierkennung a Préventioun vun enger Psychos an der Schoul

Bei jonke Persounen, déi ufänke, Virzeeche vun enger Psychos ze weisen, ass et wichteg, datt d’Léierpersonal am Fondamental an d’Enseignanten an de SPOS an de Lycéeën iwwer d’Thematik am Bild sinn, den Eescht vun der Situatioun fréi genuch erkennen a séier Récksprooch mat der Famill a mam Dokter kënnen huelen, fir deem jonke Mënsch kënnen Hëllef ze ginn. Jee méi fréi eng Psychos diagnostizéiert gëtt, ëmsou méi wierkungsvoll kann een Traitement agesat ginn a spéiderhi kënne vill Käschte gespuert ginn, wann net laang Jore muss gedoktert ginn. Virun allem awer géing dësem Jonken erspuert bléiwen, de Wee vun enger Persoun mat engem „Handicap grave“ mussen ze goen.

2. Zousätzlech Better am CHNP an an der Orangerie

Patienten, déi un enger Psychos erkrankt sinn, ginn ze fréi no engem ze kuerzen Openthalt aus dem CHEM, HRS, CHL entlooss, well Better musse fräigemaach ginn. Si sinn awer dee Moment net fit a stabel genuch, fir zréck op d’Aarbecht oder an d’Schoul a musse laang Woche waarden, fir kënnen am CHNP oder an der Orangerie ënnerdaach ze kommen. Wann Dir z.B. eng néi Hëft kritt, kënnt Dir direkt no der Operatioun an d’Reha goen, fir nees a Form ze kommen. Firwat ass dat net de Fall bei Persoune mat enger Psychos?

3. Zousätzlech Strukturen, nom Modell vun den d’ATPen, fir een direkten Encadrement no der Entloossung aus dem Spidol

Et feelt säit Joren un zousätzlechen ATPen („Atelier thérapeutique et protégé“), wou eng gewësse Struktur am Alldag gebuede gëtt, fir Persounen, déi stabil sinn. Waardelëschte vun engem bis zwee Joer sinn net ze vertrieden. Oft kréie jonk Persounen, déi d’Liewe viru sech hunn, intelligent sinn a vill Ressourcen hunn, awer un enger Psychos erkrankt sinn, keng Aussiicht op eng Reconvalescence. Si gi chronesch krank an oft bleift hinnen net vill aneschters iwwreg, wéi de Statut vum RPGH („Revenu pour personne gravement handicapée“) unzehuelen.

Wisou kréien neierdéngs Leit, déi eng Qualifikatioun hunn, dës bei engem ATP-Kontrakt net méi unerkannt? Firwat kréie Leit, déi an en ATP schaffe ginn, net de Mindestloun? Déi eng kréien e Kontrakt, déi aner sinn an enger ‚mesure thérapeutique‘. Misst net all Persoun, déi gesondheetlech schonn net ob der Héicht ass, an och fir hiert Selbstvertrauen ze stäerken, motivéiert ginn, fir reegelméisseg op eng Aarbecht ze goen, déi u si ugepasst ass, an d’Recht hunn, fir grad esou bezuelt ze gi wéi op enger ‘normaler‘ Aarbecht?

4. Zousätzlech betreit Wunnengen

Onméiglech laang Waardelëschte fënnt een och am Fall vun de betreite Wunnengen. D’Étude Rössler huet schonn 2005 dorop opmierksam gemaach, datt méi Wunnplazen onbedéngt noutwendeg sinn. Bis haut, mat méi Awunner wéi deemools, huet sech näischt un der Situatioun geännert. Firwat gëtt dëser Étude keng Rechnung gedroen?
Wat geschitt mat Persounen, déi bei Alter sinn an duerch d’Psychos Schwieregkeeten hunn, an engem Altersheem ënnerdaach ze kommen? Wat geschitt mat betraffene Persounen, déi keng Famill hunn, déi no hinne kuckt an doduerch op der Strooss landen, ouni „suivi médical“? Bei dës miserabel Situatioun kënnt dann oft nach de Problem mat Alkohol an Drogen dobäi. Ass et akzeptabel, am räiche Lëtzebuerg einfach esou nozekucken, wou sou schro Situatioune bekannt sinn?

5. Opstocke vum Personal vum SPAD (CHNP) a vun der „Equipe mobile“ (CHEM)

Den SPAD („Service psychiatrique à domicile“ vum CHNP) an d’“Equipe mobile“ vum CHEM betreien hir Patienten och doheem a maachen eng wonnerbar Aarbecht. Duerch dësen Encadrement kënne Rechute verhënnert ginn, well sech eng Vertrauensrelatioun tëschent dem Patient an dem Professionellen opbaut.

Dës 2 Equipë missten onbedéngt mat zousätzlechem Personal opgestockt ginn, fir déi vill Patiente reegelméisseg ausserhalb vun der Klinik beschtméiglech kënnen ze betreien. Och an dësem Fall gëtt et erëm eng Kéier ze vill laang Waardelëschten!

* D’Mady Juchem ass Vizepräsidentin vun der AFPL („Association des familles ayant un proche atteint de psychose au Luxembourg“). Den zweeten Deel gëtt muer publizéiert.

Den zweiten Teil dieses Forumsbeitrags finden Sie hier. 

Psychosen eescht huelen (Deel 2)