In Gedanken bei ihr – Die Wünsche von Chiaras Mitschülern

In Gedanken bei ihr – Die Wünsche von Chiaras Mitschülern

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Bei Chiara aus Dahlem wurde eine seltenen Knochenkrebserkrankung diagnostiziert. Die 13-Jährige kämpft derzeit in der Kannerklinik des CHL gegen die Krankheit. Ihre Mitschüler aus der Klasse 6C1 des Lycée Josy Barthel in Mamer haben sich zusammengetan – und senden ihr hier ihre Wünsche .

Mike

Mir vermëssen dech all a mir hoffen, dass et dir besser wäert goen. Bléif staark. Mir mussen all Dag un dech denken. Hoffen, dir geet et gutt, an nach schéi Gréiss vun eiser Klass.

 

David

Ech wënschen dir eng gutt Besserung, Chiara, an ech hoffen, dass du rëm schnell gesond gëss. Du feels an eiser Klass. Ech hoffen, dass du rëm gläich bei eis an der Klass bass, sou wéi fréier.

Léa

Léift Chiara, mir hoffen, dass et dir gläich erëm gutt geet. Mir wëssen, datt et net einfach ass, wat s du grad duerchmaache muss, mee du packs dat schonn. Ech gleewen un dech an hunn dech ganz vill gär.

Malte

Déi ganz Klass wënscht dir
eng gutt Besserung, mir hoffen, du kënns sou schnell wéi méiglech rëm zeréck. Du schaffs dat! Schéi Gréiss.

Nova

Am Ende wird alles gut werden und wenn es nicht gut ist, dann ist es noch nicht am Ende!
Chiara, ech hunn dech ganz vill gären, egal, ob gesond oder krank, ob s du grad nach Hoer um Kapp hues oder net. Ech hunn dech ëmmer gären an du bass wonnerschéin! Ech hunn dech als Persoun gären.

Daniel

Ich hoffe, dass alles gut verlaufen wird, aber ich weiß, dass du stark bist, deshalb bin ich sicher, dass du es schaffst.

Loïc

Moie Chiara,
ech war bis elo nach net vill mat der zesummen a vun haut un wäert sech dat änneren. Ech denke vill un dech an heiansdo kräischen ech och. Ech si mer sécher, dass du dat packs. Mir sinn all fir dech do.

Yan

Gute Besserung, Chiara, ich wünsche dir viel Glück und alles Gute. Du wirst das schaffen! Wir glauben an dich!
Liebe Grüße.

Lisa

Alles ist schwierig, bevor es einfach ist.
Chiara, ’t ass am Moment schwéier fir dech, mee du bass staark a packs dat! Du bass esou eng léif a schéi Persoun an ech hunn dech ganz vill
gär.

Lena

Léift Chiara, mir hoffen, dass de rëm schnell gesond gëss! An ech weess, dass dat lo eng schwéier Zäit fir dech an deng Famill ass. Vermëssen dech sou krass! Mir hunn ons lo scho sou laang net méi gesinn. Wa mir an der Schoul sinn, da feels du, well da si mir net méi zu 5 (quinto).

Alex

Ech hoffen, dass mir eis ganz schnell rëm gesinn, kämpf weider, sou wéi s du dat lo grad sou gutt mëss. Gëff rëm schnell gesond, fir dass du bei eis rëm an déi flott Schoul kanns kommen. Bis gläich!

Emma

Du packs dat, ech gleewen un dech an ech hunn dech iwwert alles gären. Ech sinn ëmmer fir dech do.

Fiona

C ool
H übsch
I nteressant
A benteuerlustig
R espektvoll
A ufmerksam
Chiara, du bass mir säit leschtem Joer sou krass un d’Häerz gewues. Du kanns dir net virstellen, wéi wichteg s du mir bass. Du bass sou léif, schéin, sou witzeg a cool. Ech hunn dech iwwert alles gär.
Du packs dat, Fichi!
Du bass dat Bescht!

Tim

Hallo Chichi,
bleif weiderhi staark an ech denke vill un dech wärend dëser schwéierer Zäit 🙂 Hunn dech gär a vermëssen dech.

Julie

Léift Chiaralein, hei ass d’Julielein, ech hoffen, du weess nach, wéi ech ausgesinn, mir hunn eis lo schonn ze laang net gesinn. Ech weess, dass et eng schwéier a laang Zäit fir dech ass, mee ech weess och, dass du dat packe wäerts. Dat ass e Fakt an dat ass och sou. Ech vermëssen dech ganz ganz vill, méi wéi s du denks. An ech hunn dech sou vill gären. An ech weess, dass de och gesond gëss an dann alles sou ass wéi ëmmer. Love you more than pizza.

Noemie

Léift Chiara, ech weess, am Moment ass et net einfach fir dech, mee du packs dat an och wa mir lo ni sou gutt zesumme waren, ech wäert ëmmer fir dech do sinn. Gutt Besserung!

Noah

Gute Besserung, Chiara,
wir glauben alle an dich.
Du wirst den Kampf gewinnen. Ich wünsche dir viel Mut. I MISS YOU.

Anne-Laure

Léift Chiarachen,
mir vermëssen dech ganz vill an ech och iwwerdriwwe vill, mir haten zwar an der Lescht net méi esou vill Kontakt, mee trotzdem bass du eng léif a gutt Persoun. Ech hoffen, du kënns erëm ganz schnell op d’Been. Du bass staark, vergiess dat niemols, du bass perfekt, esou wéi s du bass, nimools solls de dech veränneren. Ech weess net, wéi laang ech dech kennen, mee kennen dech quasi mäi ganzt Liewe laang. I LOVE YOU AND MISS YOU.

Tom

Gutt Besserung an hoffen, dass du geschwënn erëm bei eis kënns. LG.

Joana

Hey Chiara, wollt där nëmme soen, dass de staark solls bleiwen, well du packs dat schonn! Mir denke ganz fest un dech, also vill Gléck nach!

Massimo

Am Ende wird alles gut werden und wenn es noch nicht gut ist, dann ist es noch nicht am Ende.

 

Chiara, die Kämpfernatur – Wie eine 14-jährige Luxemburgerin mit der Diagnose Krebs umgeht

anne
25. Dezember 2018 - 13.01

En ganz léiwen a groussen Geste vun den Matschüler ,an daat gëd dem Chiara bestëmmt Kraaft fir déi schweier Zeit durch zestoen. Kënnen Chiara net an wönschen him a sënger Famill all Guddes an Hoffnung nët opgin. Zesummen sid der stark