Geléinte Wierder (8)Wierder aus China

Geléinte Wierder (8) / Wierder aus China
 Grafik: Editpress

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Déi meescht vun deene geléintene Wierder am Lëtzebuergesche kommen aus de limitrophë Sproochen, also aus deenen, déi no um Grand-Duché leien. Sou munch sinn oder waren iwwerregional gräifbar, sou wéi d’Englescht oder d’Laténgescht. Verschidde Wierder kommen awer vu méi wäit hier. Sou wéi et scho beim Wuert Zocker erkläert gi war, mat senger indescher Originn, sou ass et och sou, datt vereenzelt Wierder aus ganz aneren Deeler vun der Welt stamen.

Téi vum Séi? Nee, vum Mier!

Geléinte Wierder

An dëser Rubrik wëll den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Iech episodesch virstellen, wat d’Lëtzebuergescht alles fir geléinte Wierder huet, wou se hierkommen, wisou mer se hunn a wéi mer se kritt hunn. Dobäi gëtt virun allem d’Originn als déi Sprooch, wou e Wuert hierkënnt, thematiséiert, mee heiansdo awer och déi Sproochen, déi de Moyen fir d’Iwwermëttlung kënne sinn, an heiansdo, well et awer emol passt, ginn d’Wierder och no Bedeitungsfelder virgestallt.

Sou ginn et zum Beispill e puer Wierder am moderne Lëtzebuergeschen, déi aus dem Chineesesche kommen. Hei wier vläicht als éischt d’Wuert Téi ze ernimmen oder seng Variant, den Chai. Den Téi als Planz gëtt et insgesamt a China, mee bei de Wierder mécht et en Ënnerscheed, wou se hierkommen. D’Wuert Téi zum Beispill kënnt aus dem Südchineeseschen, vu wou et iwwert d’Englescht an d’Hollännescht verbreet ginn ass. D’Standard-Wuert aus dem Mandarin (Putonghua) fir Téi ass cha, dat mir och an der Form Chai kennen, an zwar fir speziell Téizorten. Interessant ass et dann, wann een den Ausdrock Chai-Téi héiert, wat u sech nëmmen Téi-Téi heescht. Och am japanesche Macha, wat een och bei eis ëmmer méi oft héiert, verstoppt sech iwweregens dëst Wuert Téi.

 Grafik: Editpress

D’Päerd aus China

Ob lo Téi oder Cha, béid si relativ rezent an d’europäesch Sprooche komm. Et gëtt awer en uraalt Wuert am Lëtzebuergeschen, dat och eppes mam Chineeseschen ze dinn huet. An zwar ass et d’Mier, e weiblecht Päerd, op Däitsch Mähre (awer haut an der Bedeitung aalt Päerd). Dëst ass schonn a fréiem Kontakt vun de sinittesche Sproochen an d’Indogermanescht geléint ginn, vu wou déi germanesch Sproochen et geierft hunn. Am moderne Chineeseschen heescht dëst Wuert just nach ma (mat laangem „a“), mee et gesäit een zum Beispill dorun, datt d’Wuert fréi an d’Koreanescht (mar/l) geléint ginn ass, datt do fréier e Resonant war, also e Laut wéi „r“ oder „l“.

D’Räich an der Mëtt an de Ketchup

Den Numm China ass och interessant, oder besser gesot säin Ursprong. Op Chineesesch schwätzt een hei vun Zhongguo, also dem Land an der Mëtt. Gemengt war hei historesch gesinn d’Land am Zentrum vun der Welt, aus mëttelalterlecher chineesescher Siicht. D’Bezeechnung China kënnt awer iwwert dat laténgescht Wuert sina an d’Lëtzebuergescht, wat eng Bezeechnung fir d’Qin-Dynastie (schwätz: Tchin-Dynastie) ass, eng Herrschaftsdynastie aus China aus dem Altertum.

Och d’Wuert Ketchup kënnt aus China, mee aus dem Kantoneeseschen. Ursprénglech war et just eng fermentéiert Zooss. D’Tomaten dodranner sinn eng rezent amerikanesch Erfindung.