TheaterDe Kueder duerno: „Café Terminus“ vum Frank Hoffmann am TNL

Theater / De Kueder duerno: „Café Terminus“ vum Frank Hoffmann am TNL
Op den Hond komm: Zwielef verluere Gestalte fabrizéiere sech eng eege Realitéit aus Drëppen an Dreem … Foto: Bohumil Kostohryz

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Fir déi donkel Zäite vun haut mat Humor ënner d’Lupp ze huelen, ma och der Lëtzebuerger Gesellschaft de Spigel dohinzehalen, verlagert de Frank Hoffmann dem Eugene O’Neill säin „The Iceman Cometh“ an d’Joer 2039 a léisst a sengem „Café Terminus“ zwielef verliefte Gestalten am Krees vum Soff a vun der Hoffnungslosegkeet lafen. Heiansdo gëtt et engem dobäi dronken – oft awer just, well d’Stéck sech vun engem Schenkelklopfer zum nächsten ouni Orientéierung an eng theatralesch Sakgaass beweegt.

De Café Terminus, ee vum 70-järegen Harry Hopp (Marco Lorenzini) gefouerte Bistro mat Pensioun, ass, wéi den Numm et kloer undeit, eng raimlech Metapher fir de Begrëff Sakgaass. Et ass déi Platz, wou een um Enn vun der Nuecht ass, wann all bessert Etablissement seng Dieren längst zougemaach an een d’Panz esou voll huet, dass een déi wieleg Tapéiten, de fleckegen Tapis plain an déi vreckte mënschlech Comptoirsailen net méi gesäit.

Fir erfollegräich Leit wéi de Reesender Theo Hick (François Camus) ass de Café Terminus eng Endstatioun, an déi een heiansdo eraluusst, fir sech ze vergewësseren, dass et ëmmer Mënsche gëtt, déi, egal, wéi déif ee gefall ass, nach méi op den Hond komm sinn. Fir eng Grupp vu versoffene Gestalten, eng Hickecht vu verliefte Krunnemécken, deenen hir Zukunft ëmmer just dat nächst Glas Schnaps ass, wierkt de Café Terminus allerdéngs wéi ee Paradäis – zumools d’Welt dobaussen zur Hell ginn ass.

Ëm des aarme Band, déi eigentlech längst mat der Existenz ofgeschloss huet, sech awer stänneg an déi eegen Täsch litt an dovun iwwerzeegt ass, dass hinnen nach eemol ee ganz grousse Coup gelénge kéint, geet et am Frank Hoffmann senger neister Produktioun – ee Stéck, dat fräi op dem Eugene O’Neill sengem „The Iceman Cometh“ baséiert.

Waarden op den Hick

Do wier de fréiere Politiker an Aktivist Mars Dondelinger (Marc Baum), dee wéi op enger Schoulbänk kluddert, äifreg Zeitung liest, morbid vum eegenen Dout besiess ass a sech quasi als eenzegen iwwer d’Ëmstänn an der Aussewelt opreegt. De gescheiterten Droitstudent Will Elvinger (Philippe Thelen), dee wärend senge Studiejoren d’Léift fir de Soff entdeckt huet a lo just nach plaidéiert, dass et längst nees Zäit fir den nächste Patt ass. De Museker Pitt Wester (Serge Tonnar), deen, wann en uerdentlech begladdert ass, Lëtzebuerger Heemechtlidder zum Beschte gëtt.

Nieft sengem Sidekick, dem Louis Lang (Adrien Papritz), dreiwen am Terminus nach d’Prostituéiert Cora (Nora Koenig), hire Frënd an Zuhälter Greg Morello (Felix Adams), déi fréier Proprietärin vun engem Spillcafé Lina Da Mota (Hana Sofia Lopes), de stomme Museker Batty Kleedermann (René Nuss), „ëmmer op der falscher Plaz ze haart“, an d’Cindy Porret (Esther Gaspart-Michels), Duechter vun enger Aktivistin, mat där de Mars eppes hat, hiert Onwiesen a probéieren ëmmer nees, bei der Berliner Serveuse Lola (Maria Gräfe) ee Patt op d’Haus ze heeschen.

Si all waarden op den Theo Hick, oder villméi, op dem Theo Hick säi generéise Portmonni, deen um Ufank vum Stéck just, e bësse wéi dem Beckett säi Godot, eng Chimär ze si schéngt, duerno awer, wéi dem Molière säin Tartuffe, eng spéit Entrée mécht – an deen, wann en dann opdaucht, duerch eng radikal Entscheedung – déi, mam Alkohol opzehalen an déi verluere Band nees op déi richteg Spur ze leeden –, d’Stéck wéi och den Alldag vun de Figuren aus der Bunn puche wäert.

Well den Harry Hopp, deem säi 70. Gebuertsdag der Erzielung esou eppes wéi e Kader an e Spannungsbou gëtt, en allgemengt Verbuet vun all Zort vun elektroneschen Apparater proklaméiert huet, fält et senge Clienten ëmsou méi liicht, déi ellen Aussewelt auszeklameren – esou kann ee ganz bequeem ignoréieren, dass d’Regierung déi Saach mam Gouvernéiere genee 200 Joer no der Lëtzebuerger Onofhängegkeet definitiv opginn huet an dass d’Land am Chaos versenkt.

„Café Terminus“ bleift eis Äntwerte schëlleg, wat genee et mat deem Krich an deem Chaos op sech huet: Spéider, wa mer gewuer ginn, dass de Mudam elo ee Militärlager ass an de Cercle Cité ee Flüchtlingslager, gëtt zwar eng kakophonesch Dystopie skizzéiert, d’Ausmooss vun deem, wat passéiert soll sinn, bleift awer am Donkelen a wierkt deelweis esou niewesächlech ewéi esou munch Figuren – esou dass een sech iergendwann froe kann, wéi vill kollektive Selbstbedruch an dem post-apokalypteschen Zenario eigentlech stécht.

… an engem Café um Enn vun der Welt
… an engem Café um Enn vun der Welt Foto: Bohumil Kostohryz

Himmel Aarsch

Bistro-Fiktioune si mat der Zäit quasi e Sous-Genre fir sech ginn – an der rezenter Filmgeschicht kann een un e gudden Deel vum Quentin Tarantino sengem „Death Proof” oder och „The World’s End” vum Edgar Wright denken: Am Wright sengem Film fuerdert de Simon Pegg seng fréier Saufkomeroden zwanzeg Joer no hirer leschter Café-Tour dozou op, en deemools entaméierte Pub Crawl zu Enn ze drénken – an iwwerrascht, genee wéi „Café Terminus”, mat Elementer vu Science-Fiction.

„Café Terminus“ verkeeft dem Zuschauer allerdéngs éischter eng Zort Nostalgie-Trip ënnert dem Deckmantel vun der Sci-Fi. Ëmmer nees gëtt de Schwéierpunkt drop geluecht, dass mer eis am Joer 2039 befannen, sief et an Detailer am Dekor oder an Uspillungen an den Dialogen – an nawell ass déi Extrapolatioun verschenkt, et versteet een net wierklech, wat genee an där Welt vill anescht soll sinn ewéi am Joer 2023.

Den Dekor, de Figuren hir sproochlech Ticker, esouguer hiren Alldag klénge méi no 1980 wéi no 2040 – ech denken un der Lina Da Mota hir Obsessioun mat Spillautomaten, mä och un de Fait, dass am Café Terminus näischt dorop verweist, dass et par Rapport zu sengem Opféierungsdatum en technologesche Fortschrëtt sollt gi sinn: Dëst ass, an engem Zäitalter, wou den technologesche Progrès vun de leschte 16 Joer zu engem Paradigmewiessel gefouert huet, net ganz credibel, och wann d’Argument, am Café Terminus wier d’Zäit ebe stoe bliwwen, versicht, deen Manktem nees glat ze bigelen.

Och wa mer eis hei éischter an der Welt vum Cabaret befannen, ënnerhält d’Stéck um Ufank duerchaus. Mä séier lafe sech Witzer, Iddien a Regieafäll dout, well „Café Terminus” sech mat senge bal dräi Stonnen dohischleeft wéi ee Schluppert, deen um Enn vun der Nuecht an Zäitlupp an onkoordinéiert zur leschter Fläsch gräife wëll.

Klamauk hin oder hier – vill Reaktioune vun de Figuren wierken onglafwierdeg, iwwerspëtzt: Esou zéckt d’Lola um Ufank vum zweeten Deel eng Pistoul an et ass absolut net novollzéibar, wéisou dat alles ausaart. Zudeem geléngt et dem Stéck net wierklech, seng vill One-Lineren zu engem dystopesch-verzerrte Gesellschaftsspigel ze transzendéieren. Och hätt „Café Terminus” op e puer vu senge sëllege musikaleschen Interluden kënne verzichten, well se d’Stéck ëmmer méi engem Owend am Grënner Café des artistes änelen dinn, säi Rhythmus briechen an een net genee weess, op de musikalesche Patrimoine vu Lëtzebuerg valoriséiert oder an d’Lächerlecht gezu wëll ginn.

Ass dach schäissegal

Vun den zwielef Figuren sinn der eng Rei net wierklech ausgeschafft, sou dass ee sech freet, wéisou et eng Bün mat esou villen Acteure gebraucht huet, wa sech der (ze) vill just schablounenarteg mat hirer Figur ausernaner setze kënnen: Der Hana Sofia Lopes hir Lina Da Mota mécht weider näischt wéi rose ronderëm ze lafen a genee sou rose Monologer op Portugisesch ze halen – den Usaz, esou eppes wéi Rassismus zu Lëtzebuerg ze kritiséieren, verpufft, well d’Figur sëlwer en eenzege Klischee ass.

Och der Maria Gräfe hir Lola ass näischt méi wéi eng Parodie vun enger Berliner Serveuse, aner Figure si virun allem als faire-valoir vu méi wichtege Personnagen do: Dem Adrien Papritz säi Louis Lang déngt als Virlag, fir verbalen Zodi mam Serge Tonnar sengem Pitt Wester ze inzenéieren, der Esther Gaspart-Michels hir Cindy Porret gëtt haaptsächlech dem Marc Baum sengem Mars méi Konturen.

Eng vun den interessantesten an am beschte gespillte Figuren – dem Philippe Thelen säi versoffenen Droitstudent – steet e bëssen deconnectéiert vun den anere Personnagen am Raum an hätt eigentlech Potenzial gehat, fir méi textlech Déift ze kréien, zemools hei den iwweraus talentéierte Schauspiller déi Figur definitiv hätt kënnen droen.

Am beschte funktionéieren déi Figuren, déi duerch hire Casting mat autobiografeschen Allusioune ugeräichert sinn – de Serge Tonnar mam Nation-Branding-Outfit, deen eigentlech léiwer beim Ministère géif schaffen (an deem seng musikalesch Bäitrag definitiv méi beräicherend sinn ewéi d’Humpejang-Lidder) ass änlech lëschteg wéi de Baum als desillusiounéierte granzege Gauchist.

Dat ass alles schued, well vill Potenzial do war – d’Ausgangssituatioun war spannend, d’Bünebild an d’Spill mam Raum vum TNL interessant an um Schluss traut sech d’Mise en scène dann och, mat gelooptenem Tounchaos, deen ëmmer méi zu Tounbulli gëtt, den Zoustand vun der Aussewelt ze spigelen, a weist mat Schlussmonologen, déi jiddwereen à tour de rôle ufänkt an ad inifinitum weider knoutert, ouni deem aneren nozelauschteren, wéi all d’Figuren an hirem banneschte Prisong krepéieren.

Am Endeffekt awer fillt sech „Café Interminus“ net un ewéi dee Rausch vun de Sënner, mat deenen een dem Enn vun der Welt eng ästhetesch Alternativ kéint entgéingt setzen – ma villméi wéi de laange Kueder den Dag duerno.

D’Stéck leeft nach de Samschdegowend um 20.00 Auer am TNL.