LeserforumVill Zirkus ëm en Zirkus

Leserforum / Vill Zirkus ëm en Zirkus
  Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wéi ech en Dënschden de Mëtte géint dräi Auer um Internet gelies hunn, datt de Käler Gemengerot d’Autorisatioun fir den Optrëtt vum Zirkus Crone a senger Gemeng zréckgezunn hat, ass fir mech eng Welt zesummegebrach. Nodeems sech dunn och nach rausgestallt huet, datt dat net d’Resultat vun der Aktioun vun engem Eenzelne war, si meng Roserei a meng Verzweifelung ëmmer mi grouss ginn.

An Tëschenzäit loosse sech Dozene vu Leit op de sougenannte soziale Medien iwwert den Zirkus aus a felicitéieren de Gemengen: Tatsächlech huet d’Gemeng Péiteng jo kuerz drop nogezunn an dem Zirkus och do d’Autorisatioun entzunn. De Motto ass ganz allgemeng Tierquälerei, déi dem Zirkus virgeworf gëtt.

Ech war, wéi di meeschte Leit, net zu Réimech a ka mech folglech nëmmen op dat bezéien, wat ech an de Medie liesen. Den detailéierste Reportage war wuel am LW, deem säi Journalist mat engem Responsable vun der Veterinärsinspektioun geschwat huet. Do goung et awer just ganz allgemeng ëm „sanitäre Mängel“, woubäi festgestallt gouf, datt d’Käfeger grouss genuch gewiescht wieren an d’Déieren och genuch z’iessen an ze drénken haten.

Bei den Déiere schéngt et sech ëm Dromedaren, Lamaen a Waasserbüffelen ze handlen, déi an anere Länner als Notz- a Schaffdéiere gehal ginn. Souguer bei eis am Land fënnt ee Lamaen an de Wisen; a Frankräich gëtt et Bauerenhäff mat Kaméiler an Dromedaren.

Am Géigesaz zu deem, wat vill Leit ze menge schéngen, sinn Déieren am Zirkus hei zu Lëtzebuerg net generell verbueden, mä et sinn nëmmen heemesch Zorten erlaabt, z.B., Päerd, Kéi oder Schwäin. Wann een also lo argumentéiert, Déiren hätten näischt an engem Zirkus ze sichen, misst ee sech mol fir d’éischt fir e generelle Verbuet asetzen.

Nieft den Déieren, déi mam Zirkus weidergezu ginn, gëtt et awer och nach Mënschen: Verschidde Medie schénge mam Direkter vum Zirkus geschwat ze hunn. Heibäi goung et awer nëmmen ëm d’Situatioun vun den Déieren, awer net ëm di generell Fro, ob Déieren a sengen Aen iwwerhaapt eppes am Zirkus verluer hunn. Ech hu selwer probéiert, un den Tony Lartigues ze kommen: Leider huet en awer ne geäntwert.

Vru ville Joren hunn ech fir d’Lëtzebuerger Land en Artikel geschriwwen, wou ech der Fro nogaange sinn, firwat et zu Lëtzebuerg keng „Zigeiner“ gëtt. Ech hu mech deemools gefrot, wou ech iwwerhaapt siche sollt, well et de Leit schliisslech net op der Stir geschriwwe steet, datt se „Zigeiner“ oder, wéi et haut méi richteg heescht, Sinti oder Roma sinn, an hunn du mol opgesicht, wéi hei mat deene Leit verfuer gouf, déi ee fréier als „fahrendes Volk“ bezeechent huet. Dobäi hunn ech mech och fir d’Wanderzirkussen interesséiert, déi ech nach aus menger Kandheet kennen.

E pensionéierte Gendarme, dee fréier d’Autorisatioune fir Schéiereschlëffer, Lompekréimer etc. ausgestallt huet, sot mer, si hätten di Leit op Häerz an Nieren iwwerpréift, bis du schliisslech de Colportage ganz verbuede gouf. Fir hien hat dat näischt mat de Leit ze dinn, mä et gouf einfach versicht, ambulant Händler duerch komplizéiert administrativ Prozeduren ze decouragéieren.

Wéi ech vru 15 Joer ugefaangen hunn, fir en europäeschen Daachverband vu Romaorganisatiounen ze schaffen, gouf ech och mat der Situatioun vun de franséische „Gens du voyage“ konfrontéiert a weess dohir, datt déi Leit souguer an hirem Land mat enger ganzer Rei vun administrativen Hürden a Contrainten ze dinn hunn, déi wahrscheinlech mat erklären, firwat datt si sou staark un hir Liewensweis an un hiren traditionelle Beruffer festhalen: Dozou gehéiert och den Zirkus.

Ech hunn an de leschten Deeg e bësschen am Internet recherchéiert, fir eppes iwwert d’Fro vun den Zirkusse mat Déiere gewuer ze ginn. Ech sinn op en Interview mam Alexandre Bouglione gefall, an deem hie seet, datt hie sech ëmbrénge wollt, wéi him verbuede gouf, mat sengen Déieren opzetrieden (https://soirmag.lesoir.be/541713/article/2023-10-06/alexandre-bouglione-revient-sur-linterdiction-des-animaux-sauvages-au-cirque-jai). Aner Zirkusleit fäerten, datt d’Leit net méi an den Zirkus kéimen, wa keng Déiere méi do wieren.

Den Zirkus Crone hat keng Tigeren a keng Elefanten derbäi. Ech denken, datt d’Ëmstellung op Wiederkäuer schonn eng Upassung un eng verännert Astellung an der Gesellschaft ass. Déi Eeler vun eis wäerte sech nach un d’Léiwen erënneren, déi op Kommando gebrëllt oder mat der Patt gefacht hunn, an un d’Ponyen, déi op der Schueberfouer am Krees gelaf sinn.

Och d’Wëssenschaft huet e grousse Schrëtt gemaach an an Tëschenzäit ass et net méi sou „abwegeg“, dervun auszegoen, datt och Déiere Gefiller hunn an deemno leide kënnen. An awer verbréngen di meescht vun deenen Déieren, där hir „Produkter“ mir sou selbstverständlech consomméieren, hiert Méckeliewen an engem Stall oder Käfeg. An awer brénge mir Déieren ëm, well mer se net brauchen. Sou z.B. männlech Jippelcher, déi laang vergaast oder zermalmt goufen. An awer ziichte mir Déieren, déi ausschliisslech op ons Besoinen ausgeriicht sinn a méiglecherweis hiert ganzt Liewen ënnert hirem onnatierleche Kierperbau leiden. An awer verfollege mer Déieren, bis datt se vun Erschöpfung zesummebriechen a mer se dann „erléisen“.

Et ass eng Saach, Leit, deenen hiert Liewen een net kennt, an déi souwisou net vun hei sinn, mam Fanger ze weisen an se ze forcéieren, hir siwe Saachen ze paken an onst Land ze verloossen. Et ass eng aner Saach, sech Froen ze stellen iwwer seng eege Gewunnechten, eis produktivistesch Landwirtschaft an eist Verhältnis zur Natur.

A mengen Aen ass Matgefill eng Fro vun enger allgemenger Astellung a bezitt sech deemno genee sou gutt op Mënsche wéi op Déieren. Mä hei goung et wuel net ëm Matgefill, mä ëm bëllesch Sensatioun!

Engelhardt Lars
30. Oktober 2023 - 10.33

Ech sinn als Kand an den Zirkus gaangen do gouf et nach Elefanten ,Leiwen an anner (richteg exotesch) Deiren. D'Problematik vum Crone ass an ear einfach das tritz fehelnder Autorisatioun d'Deiren matbruecht goufen an anscheinend och mat obgetrueden sinn. Dei anner Probkematik mat den "Zigeiner" Roma an Sinti ass hier maneier sech zu behuelen wann een gesait waat dei Sait der Grenz gutti gemach an an engem lamentabelen Zoustand hannerloss get och bei Privatterraien wou se naischt verluer hun ( an met all Gemeng huet en 'Terrain d'acceuil des gens de voyages' versteht een d'Haltung geint dei Leit. Di het acces ob brechen an biegen forceiert fir das sie ob enger strategesch gudder olaatz sinn hieren , leider deelweis illegal, Aktiviteiten nozogoen.

HeWhoCannotBeNamed
30. Oktober 2023 - 9.45

Prinzipiell finde ich es zunächst mal lobenswert, auf die menschlichen Schicksale hinter der Zirkus-Show einzugehen. Das Thema der Sinti und Roma in Luxemburg würde sicherlich eine Aufarbeitung verdienen, aber in einem anderen Kontext als jenem des Zirkus. Thema Tiere : dass manch exotische Huftiere auf Bauernhöfen legal gehalten werden können, darf und soll kein Argument sein, um ihre Einbindung in eine Zirkusshow zu rechtfertigen - da gibt es immer noch Unterschiede. Und was an dem ganzen 'Zirkus' wohl noch am meisten missfallen hat, ist die Ungeniertheit, mit der sich diese Leute über Abmachungen (und geltenden Gesetze) hinweggesetzt haben. Und übrigens, ist der arme Bouglione nicht jener, der Ende der 90er seine Leute auf ein paar friedliche luxemburgische Demonstranten gehetzt hatte?? Da fällt es mir doch wieder schwer, das Narrativ der Paria der ausgestoßenen Zirkusmenschen ernst zu nehmen (und das trotz meiner Aversion zu diesem Daniel...)

jean-pierre.goelff
30. Oktober 2023 - 8.24

....waat hut där fir Problemer am Ländchen,eng Grimmel lachhaft!

Danielle
28. Oktober 2023 - 18.14

Dass jo en neit Gesetz gemach gin vir Deieren ze schützen. Huet awer neischt geännert. Strofen sin net heich genuch wann iwerhaapt. An dann missten jo och Baueren op Fangeren gekukt gin an Scluechthaus an Klappjuegd verbueden gin…..An well Partei hätt den Courage dat ze machen?Also bleift alles beim Alen an Deieren leiden weider……

luxmann
28. Oktober 2023 - 17.31

Gudde breif. A sachen deiere quaelerei get et secher vill schlemmer sachen wei en zirkus....sachen dei awer och hei am land erlabt sin a wou weineg leit sech gedanken driwer machen.