LeserforumLoosst de Wollef mat Rou!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Virun engem Mount huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, ugekënnegt, datt si de Schutzstatus vum Wollef op de Leescht huele wéilt. Domadder soll et méi einfach ginn, Wëllef, déi bis elo souwuel iwwert d’Berner Arteschutzkonventioun wéi och iwwert d’Habitat-Direktive vun der EU geschützt sinn, ofzeschéissen.

Opgestëppelt vun enger Allianz vu Jeeër a Véiziichter a vu verschiddenen EU-Memberlänner, huet d’Europaparlament scho virun engem Joer, op Demande vun der konservativer EVP-Fraktioun, eng Resolutioun ugeholl, an där d’Kommissioun opgefuerdert gëtt, eng Propositioun auszeschaffe fir de Schutz vum Wollef ze lockeren. An hirem Communiqué iwwerhëlt d’Ursula von der Leyen net nëmmen d’Argumentatioun vun der Anti-Wollef-Lobby, mee si leet och nach eng Schëpp no andeems si behaapt, de Wollef wier net nëmmen eng Gefor fir di sougenannten Notzdéieren, mä och fir d’Mënschen. Dobäi gëtt et bis elo an Europa keen eenzegen dokumentéierte Fall, wou e Mënsch vun engem Wollef ugegraff gouf. De Wollef ass e scheit Déier, dat dem Mënsch aus dem Wee geet. Et ass allerdéngs net vun der Hand ze weisen, datt de Wollef vun Zäit zu Zäit och Notzdéieren, virun allem Schof, attackéiert. Sou Attacke kënnen awer duerch en uerdentlechen Zonk, den Asaz vun Häerdeschutzhënn an d’Presenz vu SchéiferInnen verhënnert ginn.

Wéi Analyse weisen, besteet dem Wollef säi Kascht haaptsächlech aus Schalenwëld (Réi, Hirschen a Wëllschwäin). Well sech ëmmer erëm iwwer eng Iwwerpopulatioun vun dësem Wëld beklot gëtt, misst de Retour vum Wollef jo eigentlech begréisst ginn. De Wollef huet also duerchaus eng Bedeitung fir eist ekologescht Gläichgewiicht: engersäits hält en d’Schalenwëld a Schach, wat sech positiv op d’Erhuele vun der Vegetatioun auswierkt, anerersäits suergt en dofir, datt de Wëldbestand gesond bleift, well e virun allem al a krank Déieren eliminéiert. Trotzdeem gëtt a villen europäesche Länner Stëmmung géint de Wollef gemaach. A Frankräich gouf ënnert dem Drock vun den Ziichter a Jeeër den Undeel vu Wëllef, déi geschoss däerfe ginn, op 19 Prozent eropgesat. Virun e puer Deeg huet déi däitsch Bundesëmweltministesch Steffi Lemke ugekënnegt, ee Virschlag auszeschaffen, mat deem et méi einfach gemaach soll sinn, sougenannt „Problemwölfe“ ze erschéissen. Éisträich huet seng Prozedure scho virun e puer Méint vereinfacht an erlaabt et EmweltschützerInnen souguer net, géint Decisiounen, Wëllef ze erschéisse, virzegoen. Trotz engem massive Widderstand an der Bevëlkerung wëllt de Schwäizer Ëmweltminister Albert Rösti an déi nämmlecht Richtung goen an d’Wollefsbestänn ëm 70 Prozent verklengeren. 

D’EU-Kommissioun huet ufanks dës Jores ugefaangen, Donnéeën iwwert de Wollef ze sammelen. Am September huet si e weideren Opruff un all déi Interesséiert gemaach, hir Informatiounen iwwert d’Bestänn an hir Auswierkungen ze schécken. Op där Grondlag wëllt d’Kommissioun dann ee Virschlag ausschaffen, fir „eventuell de Status vum Wollefsschutz an der EU ze änneren an de juristesche Kader ze aktualiséieren“, wat „zu enger méi grousser Flexibilitéit am Ëmgang mat den ëmmer méi grousse Populatioune vun dëser Zort Déiere“ bäidroe géif, wéi et am EU-Jargon heescht. Am Kloertext: Et soll méi einfach ginn, Wëllef ofzeschéissen. D’EU-Kommissioun ka just Propositioune maachen. Si ass ofhängeg vun der Zoustëmmung vum EU-Ministerrot a vum Europaparlament. Dofir ass et wichteg, datt sech och eis Regierung an eis Europadeputéiert kloer positionéieren. Aus deem Grond hu mir eng Petitioun ënnert dem Titel „Eng Chance fir de Wollef an eis natierlech Ökosystemer“ gestart, déi eis Regierung an EU-Deputéiert opfuerdert, sech fir de Schutz vum Wollef anzesetzen. Mir hoffen, datt de Wollef och hei zu Lëtzebuerg genuch FrënndInnen huet! 

Fir d’Ekipp Feral Luxembourg, 16. Oktober 2023 

Hubert Hollerich, Karin Meyer, Karin Waringo 

Herbert
19. Oktober 2023 - 10.35

@JJ / Womit sie vollkommen recht haben!

JJ
19. Oktober 2023 - 9.01

Alles was kein Geld einbringt ist schädlich.Also muss der Wolf weg.Obendrein könnte der ja die Wildschweinbestände regulieren und dann bräuchten wir keine "Halalis" mehr in ihren Lodenmänteln.Leyen(von der) hat bei Mutti gelernt, dass man immer machen muss was die Lobby sagt. Von der Leyen und die greise Finanzdame Lagarde sind zu ersetzen.Schleunigst.Quote hin oder her.

max.l
18. Oktober 2023 - 19.05

kann dann von der Leyen esou einfach dat décidéieren! wa jo, ëch ka mër schlecht viirstellen dat een Eppes dogéingt könne maachen do misst ee méi Wëssen iwwert den Text dat de Wollëf soll geschützt bleiwen