Wonnerbar verwurrelt

Wonnerbar verwurrelt

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Um Enn vum Buch gëtt „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ als NILO (Net identifizéierte literareschen Objet“) qualifizéiert. Dem Menn seng deels witzeg, deels batter Erzielungen sinn zwar effektiv immens fragmentéiert a bewosst digressiv, se stelle vrun allem awer ee vun de beschte lëtzebuergesche Romaner vun de leschte Joren duer.

De Menn Malkowitsch sëtzt a senger Loge a verdreift sech d’Zäit mat Schreiwen. Hien erzielt vun enger Existenz, déi relativ fréi an d’Mauer vun der berufflecher Langweil gerannt ass, enger Existenz, déi fir hie mat absurden administrativen Aufgaben an der Postdirektioun ufänkt, éiert en duerno an engem ganz ellene Krees vun der Hell – dee, wou d’Werbeagencen täteg sinn – festpecht wéi eng doudeg Méck un enger Fënster.

Berufflech wéi bezéiungstechnesch feelt et dem Menn oft u Motivatioun: „Meng Fra huet a mengem Liewe keng grouss Roll gespillt“, seet hien. Et ass eng oft gro, traureg Existenz, déi haaptsächlech duerch d’Glënnere vun deels versoffenen, deels absurde Situatiounen opgewäert gëtt, déi duerch dem Menn säi Wuertwitz a seng Deels flemmseg, deels witzeg, ëmmer éierlech Analysen transzendéiert gëtt.

Ouni elo hei ze vill vun der fragmentärer Liewensgeschicht ze verzielen, soll hei just verrode ginn, dass de Lieser duerch doudwitzeg Momenter vu Büroslangweil geet, dem Menn seng schwéngseg-erotesch Eskapade mat der Hortense, déi eisen Erzieler op säi Fleeschbengel ze reduzéiere schéngt, hautno (mol eng Kéier passt dësen topegen Ausdrock) materlieft, am musikalesche Register eng dekadent Eskapad mat der Harmonie souwuel wéi den éischte Concert vu senger Jugendband „Dizzy’s Body Parts“ a musiktheoretesch Diskussioune mam Emma verzielt kritt.

Feierwierk u Stiler

Och strukturell ass dem Nico(1) säin neie Roman wonnerbar verschachtelt – esou verschachtelt, dass ech et hei just schematesch kann erëmginn. Wann de Menn grad keng Loscht huet, eng Episod z’erzielen, déi him desagréabel war – wéi zum Beispill een Treffe mat engem arrogante Flic an enger Riichterin, déi sech gären un d’Bett strécke léisst, een Treffen, wat zustane komm ass, well de Menn am Vollrausch den Auto widdert e Poteau gekéiert huet an sech duerno duerch d’Bascht gemaach hat –, da briecht hien se einfach of. Heiansdo gëtt d’Episod méi spéit nees opgegraff, heiansdo awer och net. Heiansdo sëtzt de Menn sech och einfach op en anere Dësch, well em do eng Moss gefält, a vergësst säin éischte, langweilege Rendez-vous.

D’Hybridform, déi hei gewielt gëtt, erlaabt et dem Menn/Nico, e Feierwierk u Stiler a Situatiounen ze testen. Géint der Enn vum Roman spillen ëmmer méi Zeenen am „Halleluja!“, engem ranzege Schapp, an deen de Menn vum Schrëftsteller Helminger gelackelt ginn ass. Hie stellt fest, dass d’halluzinatoresch Wierklechkeet, déi duerch de versoffenen Niwwel am „Halleluja!“ entsteet, ëmmer méi der Stëmmung op senger Schaff bei Ubbus, enger Reklamm-Agence, déi Nation-Branding bedreiwe sollt, ähnelt – wouwéinst am Buch dann den Zeenewiessel heiansdo ouni Schnatt gemaach gëtt.

Stëmmen aus dem Näischt

Déi eng Zeil si mer mam Menn op der Schaff, déi nächst schonn oder nees am „Halleluja!“ (den Thomas Pynchon mécht dat och op eng ähnlech subtil Aart a Weis), iergendwann si mer an engem textleche Labyrinth, an deem een sech mat Genoss verléiert.

Déi associativ Logik, bal eng Dramlogik (den Dick Laurent aus dem Lynch sengem „Lost Highway“ huet ee Gaaschtoptrëtt), entsprécht enger Passioun fir dat Digressivt, dat Verspilltent a féiert zu enger Form vum Roman, déi sech méi der Diderot-Sterne-Schoul ewéi dem Dogma vum Realismus verschreift, ee Realismus, dee vun Ufank un enger fundamentaler Antinomie entsprécht: Wann eisen Alldag fad a langweileg ass, da brauche mer keng Literatur, fir genee deen Alldag ze spigelen, nee, mir mussen en zu eppes Absurdem transzendéieren.

Genee dat mécht den Nico, andeems en digresséiert, verschachtelt, Saache sträicht, mat Wierklechkeetsniveaue spillt, verwurrelt, entwurrelt, andeems säi Roman sech ëmmer méi op seng Opléisung zousteiert – eng Opléisung net am metaphoresche Sënn, wéi se elo an engem Krimi virkënnt, nee, e reegelrecht Opléisen, een Zerfalen, een Zerbréckelen, ewéi d’Kappwéi-Tablett, déi de Menn wuel oft muss zou sech huelen(2), fir de Kueder lasszeginn, déi sech lues a lues am Waasser zersetzt. Heiansdo weess een an dem polyphone Konstrukt guer net méi, wien elo schwätzt, d’Stëmme schéngen aus dem Näischt opzedauchen, wéi ee Chouer an der ganz prosaescher Tragedie, déi d’Liewen ass. Oft gräife Figuren Aussoen op, et weess en net méi, wat ausgeschwat gouf a wat just Gedanke waren. Des alternativ Schreif- an Erzielforme wielt de Menn ganz bewosst: Hie seet selwer, dass et gëllt, „eng aner Sprooch ze wielen, eng, déi net scho komplett vun de Schaltkreesser vun der Muecht dominéiert ass“.

Räich un Iddien

Dem Menn seng Chroniken sinn esou räich un Iddien, u sproochlechen Afäll, u One-Lineren, un narrativen Afäll, dass et scho bal frustrant ass, driwwer ze schreiwen: D’Unzuel u Passagen, déi ech hei gären exemplaresch ëmschriwwen oder zitéiert hätt, ass einfach ze grouss.

Heiansdo, wann de Menn d’Gewunnechte vun der lëtzebuergescher Populace op d’Schëpp hëlt, kléngt den Text e bësschen, wéi an der Lescht och vill vun dem Rewenig senge Produktiounen, no Cabaret. Dëst kann allerdéngs engersäits duerch den heiansdo wëlle Stilbroch, deen d’Wierk ausmécht, duerch d’Hybridiséierung vun de Formen, justifiéiert ginn, anerersäits freet een sech, op d’Spigele vu gewësse Lëtzebuerger Gewunnechten a Liewensformen net automatesch gewësse parodesch Zisch mat sech bréngen(3). D’Buch kënnt op de 500 Säiten net ganz ouni Längten, allerdéngs ass dat eppes, wat all déckem Buch unzekräiden ass – och de Proust hätt sech kéinte méi kuerz faassen, och am grandiosen „Infinite Jest“ gëtt et a mengen Aen e puer Säiten iwwert den Tennis ze vill.

Mä am Endeffekt gëllt fir dës Chronike Folgendes: Jiddereen, dee behaapt, Lëtzebuerg wier a Saache Literatur en Nowuessland, sief einfach stomm dëst Buch an de Grapp gedréckt. Et ass déi ongeschlaffen, zu all Moment hoffnungslos verwurrelt Liewensgeschicht vun enger Figur, déi hir beréierend Flemm an eng Erzielung apaakt, an där hir Luciditéit Iech Tréinen an d’Ae wäert dreiwen – meeschtens vu Laachen, verschidde Passagen (z.B. ee Monolog iwwer Drogenhandel, Prostitutioun(4) a lëtzebuergeschem Kafrausch(5) sinn awer esou treffend a batter, dass ee, wéi de Menn et esou oft mécht, just nach Loscht huet, ze plënneren an de Grand-Duché, hei quasi d’Inkarnatioun, den Nuebel vum kranken Neoliberalismus, definitiv ze verloossen.

(1) Ech soen hei Nico, fir den Auteur vum Helminger ze ënnerscheeden – den Helminger ass eng Schrëftstellerfigur, déi am Roman reegelméisseg opdaucht.

(2) „(A Klamere sief gesot, datt den Helminger schéngt eng Zort Method-Auteur ze sinn, deen […] ganz an d’Figuren eraklëmmt, déi hie beschreift. Wéi hien e Buch iwwert en Taxi-Chauffeur geplangt huet, ass hien ee Joer laang Taxi gefuer, a wéi hien eng Aarbecht preparéiert huet iwwert eng Éisleker Grousstatta, vun där erzielt gi war, si wier eng Hex, huet hien en halleft Joer an den Ardennen als Fra gelieft. De Moment, sou schéngt et, schafft hien um Wierk iwwert en Alkoholiker.)“

(3) An de beschte Passagë gëtt zum Beispill d’Aarbechtswelt folgendermoosse beschriwwen: „Iwwerall datselwecht schaimegt Geräisch vu spautbesabbeltem Stoffwiessel; iwwerspaante Wiesen, schimmereg Ueleggesiichter, dier Insektekierper, all an dreckstutegroe Kostümer, mat Grommelen an den Aen op dat nächst Affer aus.“

(4) „am Club, wou de Chrom an de Schweess glënnert, déi kleng pervers Loscht an alle Faarwen, an alle Schieter, dat anert am Hallefdäischteren an der Wäschkichen, wou et den Aasch ausgespullt kritt mam Schlauch, wéinst der Wuer oder wéinst dem Freier“

(5) „Sportsween, déi ganz aus Viagra gebaut sinn, Dammenaure mat sou vill Diamanten drop, datt een d’Zäit net méi matkritt an éiweg jonk bleift“


Zum Buch
Nico Helminger
Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge
493 Säiten
ISBN: 978-99959-42-31-1