Luxemburgensia (11)„… and they’re looking for trouble“

Luxemburgensia (11) / „… and they’re looking for trouble“
De Lëtzebuerger Auteur Roland Meyer

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

A sengem bis elo perséinlechste Buch beschreift de Roland Meyer ee Lëtzebuerger Liewen an de 70er Joren. An de beschte Momenter geléngt et „Glous“, eng gesellschaftlech Transitioun duerch de Filter vu jugendleche Figuren duerzestellen, déi d’Erwuesseliewen aus enger deels kannereger, deels brutaler Perspektiv erfueren.

Den Tun, de Carlo an den Erzieler si ganz normal Lëtzebuerger Bouwen. Hiren Alldag verbréngt déi kleng Band domat, der ze stëbsen an ze stiichten, am Haff Kläppen z’organiséieren, u plakeg Mossen ze denken an dem Paschtouer, och nach „de Sadist“ genannt, ee Sënnen-Echantillon ze beichten. Di dräi sinn ëmmer just dann daper, wa se net un déi méi staark Schoulkomerode stoussen; hiert Weltbild ass ondäitlech a staark gepräägt vun den Erwuessenen hier Meenung. „Bei eis doheem goufen et dräi Gruppe vu Feinden: d’Kapitalisten, d’Auslänner (…) an dann d’Preisen.“ Dass d’Weltsiicht vum Papp, deen op der Schmelz schafft, no der Moiesschicht den Tour vun de Bistroe mécht a bei schlechter Laun de Bouf beetscht, liicht schif ass, spiert de jonken Erzieler relativ séier: „Dem Arsène sengen Elteren huet d’Fonderie gehéiert, dat si Kapitalisten, sot mäi Papp, Kapitalisten, wéi se am Buch stinn. Kee Mënsch konnt soen, wéi ee Buch dat war, an deem d’Kapitaliste stoungen, mee hie sot esou. Mee hie sot och dacks Säckdréier, wéi se am Buch stinn, oder Drecksäck, wéi se am Buch stinn.“

D’Erzielung, déi fragmentaresch an och net ëmmer linear progresséiert, fänkt mat der „Arrivée“ vum Pascal, engem Bouf aus dem Weesenheem, an der Schoul un: „Si haten en an der Mëtt, wéi wann et ee Verbriecher wär.“ De Pascal ass de klasseschen Agent perturbateur, deen déi dräi (relativ) onschëlleg Bouwen un d’Iwwerliewen an enger Welt, déi vu Rassismus, Klassenhierarchien a (sexueller) Gewalt dominéiert ass, eruféiert. Hie kennt keng Angscht, zéckt net, säi Messer, dat en ëmmer a senger Täsch mat erëmdréit, anzesetzen, wichst sech een, wärend en der aler Breiesch nokuckt, déi, esou bal hire Mann fortgefuer ass, eng Hickecht un Amanten am Haus empfänkt – a léisst d’rigid Strukturen am Duerf lues a lues entgleisen.

D’Gesellschaft, déi de Roland Meyer beschreift, befënnt sech an enger änlecher Transitioun wéi déi jonk Haaptfiguren. Esou erwäänt den Auteur eng stratifiéiert Societéit, an där d’Glous vun der Vergaangenheet ëmmer nees vum Wand vum Elo ugeblose gëtt: d’Nowéie vum Zweete Weltkrich – d’Bouwe spillen am Schléiwebunker, wou d’Resistenzler sech verstoppt hunn –, d’Konsequenze vun der Industrialiséierung – wärend d’Aarbechter sech an der Wiertschaft bedrénken, fueren d’Kapitaliste mat décke Mercedesse ronderëm – an d’lues Moderniséierung vun enger ruraler Welt, déi nach ganz am Aklang mat der Natur lieft, ginn op eng deels poetesch, deels vulgär Aart duergestallt.

Drécksäck, wei se am Buch stinn

Fir „Glous“ gräift de Roland Meyer op en erzielereschen Trick zréck, deen e scho fir „Telmo“ benotzt hat: Andeems hien eng Welt, déi op der Kipp steet, aus der Perspektiv vun enger Erzielfigur, déi tëschent eeschter Naivitéit a gespillter Maturitéit pendelt, portraitéiert, fënnt en de richtegen Toun, fir ee Baureland op der Schwell zur moderner, neoliberaler Wandlung z’ëmschreiwen.

Tëscht der „Arrivée“ (dem éischte Kapitel) an der „Finall“ (dem leschten) erwaart de Lieser effektiv esou eppes wéi een nostalgeschen Tour de Luxembourg. De Vëlo ass dobäi net just ee wichtege semantesche Bestanddeel vun dëser klenger Welt („wann s de kee Vëlo has, da waars de keen“): Déi kuerz Kapitele fillen sech wéi elliptesch Episode vun enger Vëlostour tëschent Ausdauer a Sprint, Montée an Descente un. Dobäi genéisst de Roland Meyer et, d’Weltsiicht vu senge pubertäre Figuren z’ëmschreiwen: Seelen huet ee Lëtzebuerger Auteur esou akribesch iwwert dat männlecht Geschlechtsorgan – hei meeschtens just als „de Vull“ bezeechent – geschriwwen. Direkt am zweete Kapitel erwëscht den Erzieler zwee Hënn, déi buppen. Wéi e probéiert, déi zwee ze verjoen, stellt hie fest, dass „die groussen (…) mat sengem Hondsvull net méi aus diem klengen erauskomm“.

D’Besiessheet, mat där d’Genitalien hei opgelëscht ginn, passt bei d’Weltbild vun engem Zwielefjäregen – wann eng Figur erzielt, dass si eng Waassermeloun gebuppt huet, denkt een entweder un „American Pie“ oder un de Roberto Benigni am Jarmusch sengem „One Night on Earth“. Am Kontrast dozou stinn d’Säiten iwwert den Herman (Melville), den Daniel (Defoe) oder de Mark (Twain), déi dem Erzieler seng Entdeckung vun der Literatur beliichten. Béid Theme leeden allerdéngs zu de manner gelongene Passagë vum Buch, well et hirem Traitement un Nuance feelt. Glécklecherweis gëtt et an dëser Erzielung trotz enger Rëtsch manner gelongenen, ze topege Momenter (d’Klassekomerodin Mercedes gëtt vun engem Mercedes iwwerrannt) genuch metaphoresch Loft, déi d’textlech Kuel zum glouse bréngt.

Dësen Artikel ass och am Supplément littéraire „LivresBücher“ publizéiert ginn.

Info

Roland Meyer, „Glous“, Op der Lay 2020, 184 Säiten, ISBN 978-2-87967-242-7