Mi., 3. Juni 2020

Premium /  


  1. Michi Lämmes /

    Do ass manifestement d’Partei schlecht berode ginn, an ginn mat vollem Wëssen och nach esou eppes opgeriichten……

    De Steierzueler kann déi „visuell Pollutioun“ jo bezuelen…..

  2. Le Républicain /

    Bei dieser Partei sind nicht nur die Plakate fehlerhaft glaube ich …

  3. Jacques Zeyen /

    Een Tipp. Einfach d’Plakat ëmdréien,dann ass de Fändel richteg.

  4. Scholer /

    An Zaiten vun Smileys an Zeechensprooch, sollen mir net esou pingeleg sin , wenn emol en puer Schreiwfeeler opdauchen.Wievill Jonker schreiwen haut nach ouni Feeler, wivill Jonker sin iwwerhaapt nach kapabbel eng Konversatioun ze féieren.

  5. roger wohlfart /

    Fir d’Lëtzebuerger Sprooch setzt sech jo neierdéngs DP an, an déi visuel Pollutioun trëfft schliesslech op all Parteien zou. Ët ass natiirlech eng déck Blamage vun enger nationalistesch orientéierter Partei, wann se op hire Plakaten de Lëtzebuerger Fändel dënneschtandierwëscht ofgebild huet. ” Do huerelt jo alles ! ” géif e best!emmten Buergermeeschter soen.

  6. ronald /

    elo sinn mer awer esou lues an enger Maison Relais ukomm. Dat waert jo nët esou weidergoen bis d‘Wahlen !

  7. Grober J-P. /

    Wat heescht Asyl ouni Mëssbrauch? Sin d’Asylanten bis elo vergewaltegt gin?
    Sécher Grenzen durch eng “Berliner Mauer” vläicht oder 356 nei Zaldoten fir all Kilometer Grenz? Verstin näischt. 🙁

  8. Michel Konrad /

    Aus eigener Erfahrung wies ich das die Herstellung von Planen sehr kostenintensiv ist. Ich vermute daher sehr stark, daß die Partei, die sich ja gerne nach außen, quasi als “Luxemburg zuerst“ darstellt, sich für eine Firma im Ausland entschieden haben. Das würde auch das fehlende Verständnis für die Luxemburger Fahne erklären. Die ganze Geschichte erinnert dann doch stark an der Moral von Ultra-rechts (alt-right) in den USA die ihre T-Shirts in China drucken lassen. Demnach: Wein saufen und Wasser predigen.

    • J.C. KEMP /

      Hat och geduecht: Dat doten ass a Polen, Ungarn, Rumänien oder Litaue gedréckt gin. An de Faendel erënnert un de russeschen.

  9. Bistrot /

    Do huet et d‘LSAP jo awer méi einfach: ofschreiwen! Recycling mol aneschters.

    Eng Dréckerei mecht do awer kee Feeler, den Designer den dat um Computer erstallt huet hat net opgepasst (war och vläicht ee Fransous) an de wou de „Bon à tirer“ autoriséiert huet ass de richteg Schëllegen.

    Dobäi ass de Sproch och falsch: Asyl huet näischt mat de Grenzen ze dinn, ma mat ganz anere Faktoren.

  10. DanV /

    An déi Partei wëll Regierungsverantwortung iwerhuelen?

    – d’Dréckerei ass schold
    – d’Stater Sektioun ass schold

    ohne Worte …

  11. Nomi /

    De Message net verstaan ? Den ADR wellt Alles ob d’Kopp stellen ?

Schreiben Sie einen Kommentar zu Michi Lämmes Cancel reply

Meistgelesen