TheaterEng staark Schëller: „Déi rout Drëps – Wat kucks du?“ vun der Jacqueline Wild

Theater / Eng staark Schëller: „Déi rout Drëps – Wat kucks du?“ vun der Jacqueline Wild
Déi dräi Schauspillerinnen: Elena Spautz … (C) Steve Ginepri

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Fir den drëtte Volet vum „Roude Fuedem“ entféiert eis MASKéNADA op den Zolwerknapp, dekonstruéiert d’Legend vun enger Buergfra a proposéiert eng Rei vu feministeschen Tableauen, déi weiblech Vulnerabilitéit op eng ästhetesch interessant Manéier verdichten.

Esou lues weess een, wéi den Hues leeft: Fir hire groussen Esch22-Projet huet de Kollektiv MASKéNADA ënnert der duebeler Leedung vun der Tammy Reichling an der Mirka Costanzi ee grouss ugeluechten In-Situ-Projet a sechs Kapitelen konzipéiert, dee sech net just op Trëppel-Tier duerch de pittoreske Süden konzentréiert, mä och ee feministescht Ëmschreiwen vun ale Lëtzebuerger Legenden ënnerhëlt, bei deene Fraefiguren, déi oft am Schiet vun der Handlung stoungen, an de Mëttelpunkt geréckelt solle ginn.

Nom Tuer duerch den Ellergronn, wou mer enger Wiewerin an hirem bluttgäile Jeeër begéint sinn, an dem méi grujelege Parcours zu Obeler, wärend deem Pafen zu Werwëllef a Fraen als Hexe verbrannt goufen, féiert eis den drëtten Deel op den Zolwerknapp, wou alt nees een Hypotext aus dem Mil Goerens sengem voluminéise Band „Eiser Soen“ dekonstruéiert gëtt. Dës Kéier steet eng Buergfra am Zentrum, déi aus engem occupéierte Schlass flüchte muss a mathuelen dierf, wat si an hiren Iesel droe kënnen.

Well mam Iesel net de Mann, mä eben een authentesche Véierbeener gemengt ass, a well een ënnert dem ganze Räichtum, dee sech an der Buerg ugesammelt hat, een Tri muss maachen, entscheet sech d’Fra, dat, wat hir am léifsten ass, matzehuelen – a peekt sech de Mann op hir Schëlleren.

Kléngt a priori net ganz feministesch? Wiem déi zwee éischt Parcourse vun engem feministesche Standpunkt ze brav waren, dee kritt bei der „Rouder Drëps“, wéi den Titel et scho suggeréiert, eng méi komplex, méi radikal Neierzielung gebueden, an där vum Hypotext am stännege Pendelen tëschent Legend, Vergaangenheet, Präsens a Suerg ëm d’Zukunft net méi schrecklech vill iwwreg bleift.

Mä alles der Rei no: Op der Place de l’Indépendance zu Zolwer waart ee Bus, deen Ufanks net lass fuere wëll. D’Nora Zrika, déi mer grad nach am kapitalismuskriteschen „Gipfelstürmer“ am Kasemattentheater gesinn hunn an déi de Public op eng oft humorvoll Manéier duerch de Parcours leet, versicht, de Won ze reparéieren, dréckt dofir op all Knäppchen, éiert si da probéiert, e selwer ze drécken. „Ze Fouss wier dat méi séier gaangen“, mengt d’Schauspillerin ëmweltbewosst.

Wärend dem Trajet gëtt de Public op verspillte Manéier an de Vif du Sujet agefouert, bis de Bus da stoe bleift an de klenge Grupp de Parcours dierf entdecken – ee Parcours, dee mat enger Gebuert ufänkt, vu dass de Publikum duerch een als riseg Vulva dekoréiert Zelt wandert, éiert en dann an d’Welt vum Stéck erausgespaut gëtt, e bësse wéi wann e sech nach am Bardo befonnt an op eng buddhistesch Reinkarnatioun gewaart hätt.

… Nora Zrika …
… Nora Zrika … (C) Bohumil Kostohryz

Sechs Geschichte vu Mësshandlung

Déi éischt Momenter hunn op den éischte Bléck häerzlech wéineg mat der Buergfra ze dinn a wierke méi wéi en interaktive Parcours duerch zäitgenëssesch Konscht-Installatiounen: An engem Zelt zeechent eng Silhouette mat hirem Menstruatiouns-Blutt d’Wuert Zyklus un d’Paroi vun enger wäisser Matrisse – „well d’Blutt all Mount mech wéi eng Auer begleet“.

Duerno erwaarden de Public am textlech vläicht beschte Passage sechs Erzielungen, déi an de sechs Landessproochen vu sechs Kënschtlerinnen (Marly Marques, Melissa Dalton, Mirka Costanzi, Nora Zrika, Tammy Reichling, Regina Picker) opgeholl goufen – wärend déi italieenesch Erzielerin vun der Péng vun der Gebuert erzielt an d’Lëtzebuergerin weist, wéi Mësshandelen ëmmer just zu weiderem Mësshandelen leet, geet et hei och ëm skandaléis Mannerwäertegkeet vun de Fraen am Beruffsliewen, sexuell Gewalt an enger (lesbescher) Koppel an ee ruppegen, iwwergrëffege Farleerer.

Ab dann hëlt de Parcours, änlech wéi zu Obeler, eng méi klassesch-theatralesch Tournure – de Public leeft dem Nora Zrika hirer Kathrein no, begéint enger eelerer Fra, iwwerzeegend gespillt vum Mady Durrer, déi erzielt, wéi futti hir Spréif vun engem Mann ëmmer war, wann e bis zréck vun der Schaff aus den Héichiewe koum, wéi si sech ëm hie gekëmmert huet, a wéi wichteg d’Fraen am Allgemengen deemools waren, fir d’Industrie, well d’Aarbechter den haarden Alldag ouni hir Schëller net gepackt hätten.

Dës Metapher – déi vun der Fra, déi an der Legend hirem Mann eng Stäip bitt – gëtt duerno an dräi weideren Zeenen deklinéiert: Eemol gesi mer, wéi eng jonk Mamm hiert Kand op déi ongewëss Zukunft virbereet, eemol, wéi eng Schwëster op hire klenge Brudder an engem Krichsgebitt oppasst (d’Obeler Hex Elena Spautz weist hei nei Facetten), an zu gudder Lescht gëtt de Bou nees zum Récit-Cadre gespaant, wann d’Mady Durrer aus der Perspektiv vun der Déngschtmod erzielt, déi net versteet, wéisou d’Buergfra den Typ iwwerhaapt matgeschleeft huet. Nawell geléngt et der Regisseurin Regina Picker, Fraen hei net just als d’Schëller, déi Trouscht spent, duerzestellen, och wann dat an den Texter heiansdo e bëssen ze vill ugedeit gëtt.

Am Allgemengen ass „D’rout Drëps“ bis elo dat feministeschst Stéck am „Roude Fuedem“-Zyklus, dat sech relativ radikal vu sengem Hypotext distanzéiert oder en zumindest, och well der Jacqueline Wild hiren Text komplex a subtil genuch ass, fir dat zouzeloossen, nei Konstellatiounen, Zenarien a Spill-Situatiounen ronderëm d’Legend wieft. E puer Passagen iwwert d’Gebuert si vläicht ze kitscheg, de schamanesche Ritual um Schluss eng Grimmel ze esoteresch an et geléngt der Regisseurin och net ëmmer, déi eenzel Fragmenter méi konkret mateneen ze verbannen – wéi och zu Obeler feelt hei munchmol de roude Fuedem –, nawell ginn hei eng Rei Tableaue proposéiert, déi gutt gespillt an intelligent inzenéiert sinn.

… a Mady Durrer
… a Mady Durrer (C) Steve Ginepri

Info

Nächst Virstellung: e Mëttwoch um 20.00 Auer