Forum1,61%? Firwat d’DP-Politik am Commerce keng gutt „Affär“ ass

Forum / 1,61%? Firwat d’DP-Politik am Commerce keng gutt „Affär“ ass
D’Sonndesaarbecht huet ganz kloer Repercussiounen op d’Zefriddenheet am Beruff  Foto: AFP/Matthew Hatcher/Getty Images

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„Méi flexibel Aarbechtszäite sinn net eleng eng Fuerderung vu ville Betriber selwer. Et ass och de Wonsch vun enger grousser Majoritéit vun de Salariéen“1, esou schreift d’Carole Hartmann (DP-Deputéiert) an engem Artikel vum 2. Dezember op dem Internetsite vun hirer Partei, der DP. 

Op wéi eng Erkenntnisser dës Feststellung sech baséiert ass net gewosst; de ganzen Artikel kënnt nämlech ouni Foussnott oder Referenz aus. Et schéngt, wéi wann, a beschter DP-Manéier, nees wëssenschaftlech verkaf soll ginn, wat net wëssenschaftlech beluecht ass. De Contraire ass souguer de Fall: Eng rezent Etüd vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (Liser), déi et zu dësem Sujet gëtt, kënnt zum Schluss, dass et eben NET der grousser Majoritéit vun de Salariéen am Commerce hire Wonsch ass, fir méi flexibel ze schaffen an d’Aarbechtszäite weider ze liberaliséieren!2 Vun de Salariéen, déi owes spéit musse schaffen, schwätze sech grad emol 1,61% fir eng komplett Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten aus; bei deenen anere Salariéë sinn et 7,46%3. Iwwer 90% vun de Leit, déi am Commerce schaffen, sinn also géint eng komplett Liberaliséierung. En änlecht Bild ergëtt sech aus där Etüd, wat eng deelweis Oplockerung vun den Ëffnungszäiten ugeet, och deem sti knapp 60% ganz kritesch géintiwwer.

Mee wa mir iwwer d’Aarbechtszäiten am Commerce wëlle schwätzen, da komm mir beliichte mol, ewéi eis Matmënschen, déi an deem Secteur schaffen, hiren Aarbechtsalldag empfannen. Eng gutt Work-Life-Balance schreift sech jo mëttlerweil all Partei op de Fändel, esou och d’DP.

Owes- a Sonndesaarbecht

Aus der ugeschwater Etüd vum Liser am Optrag vum Wirtschaftsministère aus dem Joer 2018 geet ervir, dass all Drëtten, deen owes no 18 Auer schafft, manner zefridde mat sengem Liewen ass, ewéi wann en owes net géif schaffen4. D’Owesaarbecht huet also fir vill Leit kee positiven Afloss op hiert Liewen. Beim Grond, firwat si owes schaffen, hu 4 vun 10 Leit uginn, aus Angscht schaffen ze goen; aus Angscht, hir Aarbecht ze verléieren, wann si et net maachen5. Een Trend, deen an dem aktuellem negativen ekonomesche Klima sécher net wäert ofhuelen an duerfir méi genau sollt an esou enger Diskussioun beliicht ginn!

Sonndes, deen Dag, wou ee soll zur Rou kommen, wou een Zäit fir seng Famill soll hunn, schaffen am Commerce 60,10% vun de Salariéen, wouvun 8 vun 10 Salariéen sonndes am léifsten net géife schaffen, mee dëst léiwer wärend der Woch géife maachen!7 Et si laut der Etüd vum Liser majoritär Fraen, Leit, déi Franséisch schwätzen an an engem Betrib vun iwwer 16 Salariéë schaffen8. Och wann fir d’Majoritéit vun de Befroten d’Haaptmotivatioun, fir sonndes ze schaffen, d’Gehaltserhéijung um Sonnde vu minimum 70% ass9; gi ganzer 45% un, sonndes aus Angscht schaffen ze goen, aus Angscht, hir Aarbecht ze verléieren, wann se et net géife maachen10. Een Drock, eng Angscht, déi, wéi gesot, no Corona net wäert ofhuelen, ganz am Géigendeel.

D’Sonndesaarbecht huet och ganz kloer Repercussiounen op d’Zefriddenheet am Beruff. Mat hirem Beruffsliewe sinn am Duerchschnëtt 56% vun de Leit zefridden, schaffen se sonndes, sinn et nëmmen nach 45%11. Mam aktuellem Aarbechtsrecht sinn 71% vun de Leit zefridden, schaffen se sonndes, sinn et just nach 44%12.

Komplex Thematik

Dëse klengen Exkurs an d’Etüd fir ze weisen, ewéi komplex d’Thematik ass, mat där een sech als éischt soll beschäftegen, éier ee pauschal Fuerderungen opstellt, déi doriwwer eraus net begrënnt sinn. Bis elo nach net „begrënnt“, ass och d’Attraktivitéit vun den oppene Sonndeger fir d’Geschäftswelt, fir déi kleng Commercë selwer. Vill kleng Commercë schéngen ënnert dem Drock, sonndes mussen opzemaachen, ze leiden. An der Stad Lëtzebuerg zum Beispill ass deemnächst sonndes an der Stad shoppen ugesot, dëst am Dezember fir d’Chrëschtgeschäft an am Januar fir d’Soldesaison.

Vläicht géif et der Stad Lëtzebuerg, déi ëmmer méi ënnert der liberaler Féierung ze leide schéngt, Wunnraum ass kaum nach do, d’(Iwwer-)Liewe fir déi kleng Commercë gëtt ëmmer méi schwéier, guttdoen, sech nach emol intensiv mat de sechs Fuerderunge vum OGBL sengem „Nos commerces, nos emplois – notre avenir“-Sechs-Punkteplang auserneenzesetzen. Fir d’Stad nees ze beliewen, a senge Salariéen, awer och de ville klenge Commercen a Butteker, déi eng Stad dach ausmaachen, entgéintzekommen.

„Aus der Corona-Pandemie mussen déi richteg Léiere gezu ginn“, gouf an der Lescht sou dacks gesot. „Wat brauche mir wierklech an eisem Liewen?“, „Wéi vill Konsum ass néideg?“, waren zwou weider Froen, déi oft opgeworf gi sinn. Sollt der DP hir Äntwert eng weider Liberalisatioun an e weidert Bradéiere vun den Ëffnungszäiten am Commerce sinn, gläichzesetzen mat enger negativer Auswierkung op d’Liewensqualitéit vun de Salariéen hei am Land, schéngt déi liberal Partei jiddefalls näischt aus dëser Kris geléiert ze hunn a keng Äntwerten fir d’Zukunft liwweren ze kënnen.

Carole Hartmann, „De Commerce brauch elo méi an net manner Flexibilitéit“, https://www.dp.lu/de/artikel/de-commerce-brauch-elo-méi-net-manner-flexibilitéit?fbclid=IwAR30zn3No9NI9xbiY4GpZC_NFiXp2HfaLA_4z8waP1u8rff6A1IprZIGu-g
2 Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du ministère de l’Economie: Principaux résultats de la consultation menée auprès des employés, Liser, 2018.
3 Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du ministère de l’Economie: Principaux résultats de la consultation menée auprès des employés, Liser, 2018, S. 83.
4 Id. S. 81.
5 Id. S. 84.
6 Id. S. 12.
7 Id. S. 40.
8 Id. S. 12-13.
9 Code du travail Art. L-231-7(2).
10 Ludivine Martin, Rapport relatif à l’évaluation de l’impact des heures d’ouverture dans le commerce de détail à destination du ministère de l’Economie: Principaux résultats de la consultation menée auprès des employés, Liser, 2018, S. 35.
11 Id. S. 32.
12 Id. S. 34.

Illia
12. Dezember 2020 - 13.33

De Commerce ass dout, a keng Partei kann e retten.

HTK
10. Dezember 2020 - 9.31

Ist die Idee der "Streckung" der Geschäftszeiten nicht nur für die Coronazeiten gedacht? Es macht durchaus Sinn wenn die Leute sich nicht alle nur Samstags in den Supermärkten drängen weil sie über der Woche keine Zeit haben.Wer abends noch locker seine Besorgungen machen kann der kann Samstags zuhause bleiben. Dass Schichtarbeit nicht immer lustig ist kann ich bestätigen.War 40 Jahre dabei,es geht mir aber ziemlich gut.Mental und physisch.

Carlo GOEBEL
10. Dezember 2020 - 8.54

Die kleinen Geschäfte interessieren die DP auch nicht mehr (siehe Horesca Bereich oder Selbstständige Geschäftsleute). Für die DP gelten nur noch die grossen Geschäftsflächen die ja schliesslich auch Sonntags für die Weihnachts- und Silvestereinkäufe geöffnet sein dürfen, statt sie während Corona Zeiten zu schliessen.

en ale Sozialist
9. Dezember 2020 - 16.11

Die DP ist und bleibt die Partei des Kapitals. Und im Kapitalismus zählt der Mensch bekanntlich nicht viel. Einzig und allein zählt das Wachstum. Die Liberalen vertreten die Interessen der Geschäftswelt und der Wirtschaft. Die Arbeitnehmer sind einfache Handlanger im System. Die anderen politischen Gruppierungen drängen in die gutbürgerliche Mitte wobei der einfache Arbeiter fin kaum noch Beachtung findet und grösstenteils ohne Lobby auskommen muss. Eine schwindend geringe Minderheit der Politiker setzt sich für sie ein. Die Gewerkschaften haben in den letzten Jahren enorm an Einfluss verloren. Ihre Führungskräfte bekommen lukrative Posten in den Verwaltungsräten der grossen Gesellschaften und werden auf diese Weise mundtot gemacht.