LeserforumBréif u mäi Monni, deen net aus dem Krich zréckkomm ass

Leserforum / Bréif u mäi Monni, deen net aus dem Krich zréckkomm ass
 Symbolbild: Unsplash

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Léiwen Eugène,   

Du kenns mech net. Ech sinn deng jéngste Niess. Du bass mäin eelste Monni. Mir hunn eis ni gesinn. An dach hunn ech d’Gefill, dech ze kennen. Ech hu Fotoë vun dir gekuckt. Schwaarz-wäiss. Du hues ee Brëll, wéi déi meescht an eiser Famill. Als Kand hunn ech gemengt, déi Zäit an där s du gelieft hues, wier d’Welt wierklech schwaarz-wäiss gewiecht. Vläischt war se dat och bëssen. Et leien 53 Joer tëscht eise Gebuertsdeeg. Du bass, genau wéi ech, vun Ëlwen. Du hues do och eng schéi Kandheet a gees souguer an dat selwescht Gebai wéi ech an d’Primärschoul. Du bass een éiergäizege Schüler an ee rouegen, sensibelen a feine Jong.  Mat 17 Joer lauschteren ech am Bus fir an de Lycée op Wolz Green Day um Walkman. Oder ech léiere séier nach bëssen. Et ass ee Golden Goal geschoss ginn. „Oh nee, d’Preise sinn Europameeschter!“ „Kënns de och e Samsdeg an d’Schleef op de Bal? Why not spillt.“ „Nee, ech däerf leider net. ‘t ass Prüfungszäit.“ Oh, wat ass d’Welt sou ongerecht!  

Mat 17 Joer, virun 81 Joer, bass du am Iechternacher Lycée. Du gees deen Dag, wou et heescht, datt d’Joergäng virun dir mussen an d’Wehrmacht, net an d’Schoul. D‘Preise kommen iech sichen. Du muss mat denge Schoulfrënn op d’Burg Stahleck an een Erziehungslager. Wat s de do genau erliefs, weess ech net. Ech probéiere mer et virzestellen. Ech kann et net.  Mat 19 Joer sinn ech op Première. Ech hunn d’Examen hannert mer. Eis Klass lount ee Chalet am Bësch. Frankräich gëtt Weltmeeschter am eegene Land. Mat menge Klassekolleegen danzen ech op dem Dario G säi Carnaval De Paris, op Oasis a Guildo Horn. Mir drénke, laachen an dreeme beim Lagerfeier. Bis fréi Moies tëscht de Bamspëtzen d’Sonn rauskënnt, déi virublénkt. D’ganz Welt steet eis op. Mir si sou fräi wéi ni méi soss an eisem Liewen. Sou fräi wéi all 19-Järegen iwwerall op der Welt sollt sinn.  Mat 19 Joer gëss du gewuer, datt s du an deng Klassekolleegen an d’Wehrmacht musst. Dir musst fir d’Preisen an de Krich. Krich? Dat geet net! Dat kanns du net!  Du verstopps dech mat Frënn bei engem Bauer. Dir musst roueg sinn. Du denks vill no. Du denks un deng Elteren an deng fënnef Geschwëster doheem. Däi jéngste Brudder, mäi Papp, huet dräi Joer. Et gëtt gesot, datt d’Famillje fortbruecht ginn. Si kommen a Lageren. Si gi vläischt gefoltert an ëmbruecht.

Nee, dat geet net! Dat kanns du net! Du stells dech a muss an Dänemark goen. Do léiers de, wéi ee mat Waffen ëmgeet. Waffen? Du, dee kenger Méck eppes géif zuleeds doen. D’Stad Lëtzebuerg gëtt endlech vun den Amerikaner befreit. Mee fir den Norden kënnt et dono nach eng Kéier knëppelhaart. Chrëschtdag ass no. Du hoffs, fräi ze kréien. Datt se dech heem loossen. Mee si loossen iech net. „Déi do kommen dann net méi zréck!“ heescht et. „Dir kritt keen Urlaub!“ heescht et. Dee Verréckten décidéiert, nach eng Kéier alles a jiddereen dranzegeheien. Du kënns a Polen. Warscheinlech. Deng Spuer verléiert sech. Mat 19 Joer. D’Sonn blénkt net virun. Wann ech mer deng lescht Minutte virstellen, dann dréint a mengem Kapp eng Kreessee. Kaméidi. Geschéiss. Vill Männer. Angscht. Schwaarz. Vill wäiss. Kal. Alleng. A ganz vill rout. Wat langweilen ech mech als Kand all Joer op Allerhellgen um Kierfecht. Et ass niwweleg. Ech sinn déck agepaakt, mat Mutz a Schal an ech gesi mäin Otem. D’Leit si schick. Mir stinn um Familljegraf. De Paschtouer schwätzt, mee ech lauschteren net, wat e seet. Ech sinn déck frou, datt ech endlech d’Buschtawen um Graf entziffere kann. Ech kréien endlech d‘Nimm gelies, déi dropstinn. Du stees och drop. Däi Gebuertsdag. Däin Doudesdag net. Ech strenge mech un, ze liesen, wat nach do steet. „Mort pour la patrie“. Ech verstinn dee Saz net. Mäi Franséisch ass nach net gutt genuch. Mee dat kënnt nach.  

D’Joere verginn. All Joer sti mer um niwwelege Kierfecht. Mäi Franséisch gëtt besser. Ech brauch och net méi ze entzifferen. Mee ech verstinn nach ëmmer net. Wat wëll dee Saz bedeiten? Op enger Plack vun engem Graf, an deem ni och nëmmen ee klengen Iwwerbleibsel vun dir loung. Wat ass dat, Patrie? A firwat hues du dofir misse stierwen ? Mat 19 Joer. D’Joere verginn. Du bass ëmmer do. Och all déi Deeg wou mir net um niwwelege Kierfecht stinn. Du hues eng Plaz an eiser Famill. Mäi Papp, däi jéngste Brudder, erzielt vun dir. Meng Schwëster an ech däerfen am décke Classeur mat denge ville Bréiwer bliederen. Mir verstinn net alles. Mir sinn traureg an et kommen eis Tréinen. Mäi Papp erzielt eis, wéi d’Bomi voller Hoffnung op d’Gare gaang ass, wa Jongen ukomm sinn. Ëmmer rem. Vill Zich sinn ukomm, och nach Joren nom Krich, mat Kolleegen an dengem Alter, déi Schreckleches hannert sech haten. Deng Mamm wollt dech sichekomme, wanns du géifs heemkommen. Si wollt do si fir dech. Si wollt dech drécken. Mee du bass ni méi komm. Et huet hir d’Häerz gebrach.  D’Jore verginn. Et gëtt ëmmer rem vun dir erzielt. Et sinn dacks déi selwescht Geschichten, mee heinsdo héieren ech nach Saachen, déi ech net wousst.

Wéi bei engem risege Puzzle setzen ech mer dech an däi vill ze kuerzt Liewen zesummen. Mat allem, wat ech héieren a liesen. An ech mengen, ech verstinn et lo bëssen. Och wann et net wierklech Sënn mécht. Wa mer um niwwelege Kierfecht  stinn, da liesen ech fir mech „Mort pour la famille“. Du hues dech geopfert, fir datt deng Elteren an deng fënnef Geschwëster weider liewe konnten. An dofir däerf och ech haut liewen. Ech wollt der dat schonn ëmmer eng Kéier soen: MERCI, Monni Eugène! Et ginn Honnerte sou Puzzelen hei am Land. Dausenden op der Welt. Schicksaler vun enger Generatioun, déi hir Fräiheet an hiert Liewe geklaut kritt hunn. Si hu sech fir hier Famillje geopfert. Mort pour la famille. Mort pour la patrie. 

An da ginn et Leit, déi soen: Nee, déi do sinn net fir hiert Land gestuerwen. Si hunn hiert Land verrroden. Et si Feiglingen. Si hunn eng Naziuniform gedroen. Dem Feind seng. Sou Aussoen di souguer mir, puer Generatiounen no dir, nach immens wéi. Et ass absurd. Mengen déi Leit wierklech, du häss GÄR eng Naziuniform ugedoen? Du wiers GÄR dausende vu Kilometer vun denge Léifste fort gewiecht? Du häss GÄR eng Waff ugepak? Du häss GÄR geléiert, wéi een ee Mënsch erschéisst? Mat 19 Joer. Du wollts an d’Schoul goen, du wollts eppes léieren, du has däi ganzt Liewe virun dir. Mee du duerfst net danzen, laachen an dreemen. Du waars net fräi. Awer alles anescht wéi feig.   

D’Welt vun haut ass faarweg. Si ass séier. Si ass anescht wéi zu denger Zäit. Wanns du haut hei wärs, géifs du villes net méi verstoen. Et gëtt gescrollt, gepost, geliked, gevote. Et sinn iwwerall Ecranen, klenger, mëtteler, grousser. Mat Touchscreen. Et blénkt. Alles ass méiglech. Mir sinn oppen, tolerant, multikulti. Et ass schéin. An awer fale mer an der Lescht ëmmer rëm schwaarz-wäiss Flecken op. Et gëtt mer ellen, wann ech mer da virstellen, datt déi Kanner, déi lo op d’Welt kommen, an ee Krich misste goen. Hir Fräiheet géife verléieren. Mat 19 Joer.  D’Sonn muss virublénken. 

Robert Hottua
5. Oktober 2023 - 10.58

Guten Tag Frau Pletsch, ab 1933 hat die Zeitung des luxemburger Bistums alle Katholiken diesseits und jenseits der Mosel auf den Weg der nationalsozialistischen Schicksalspolitik zwangsverpflichtet. Dasselbe passiert heute in Russland, wo Kirill alle orthodoxen Christen zum Krieg zwangsverpflichtet. Ihr Onkel, Frau Pletsch, musste kollaborieren, wenn er getauft war. Warum wird diese fundamentale Tatsache in Luxemburg verschwiegen? MfG Robert Hottua