Idles aus Bristol spille wëllen, ëmmer liicht schife Post-Punk. An hiren Texter besange si Theme wéi Ofhängegkeet, Depressioun, Immigratioun an de Brexit. Op der Bühn goufen déi duerchaus eescht Themen deels a katharteschem Kaméidi, deels an der Affirmatioun vum Hedonismus opgeléist.

Mat hirem zweeten Album „Joy as an Act of Resistance“ (2018) sinn d’Idles ee Joer no hirem Debut „Brutalism“ relativ séier zum „next big thing“ am Indie-Rock ginn. Wat an deem Sënn erstaunlech ass, well de Sänger Joe Talbot eemol iwwert seng eege Band sot, dass se nawell Startschwieregkeeten haten, well se laang Zäit net woussten, wat se iwwerhaapt maache wéilten – an dowéinst immens schlecht waren. Effektiv awer hunn déi zwou Placken eng Rëtsch Argumenter op hirer Säit: D’Texter si politesch engagéiert an intelligent genuch, fir sech iwwert d’Platitude vu villen anere Punk-Bands ewechzehiewen, bleiwen awer grëffeg genuch, fir dass de breede Publikum se och matsange kann.

Klanglech hu si en ähnleche Kompromëss fonnt: Mol erënneren den déiwe Bass, déi schif Gittaren an den ähnlech schifen, genervte Gesang vum Joe Talbot, dee kléngt, wéi wann de Mann een Dauerschnapp géif mat erëmdroen, un eng zäitgenëssesch Versioun vun der englescher Kult-Avant-Garde-Punkband Mclusky, mol sinn hir Melodien, besonnesch wa se duerch Gang-Vocals begleet ginn, esou schmasseg, dass se un d’Libertines („I’m Scum“, „Never Fight a Man with a Perm“) oder esou guer un d’Sauflidder vun den Dropkick Murphys (de Refrain vun „Danny Nedelko“) zeréckdenke loossen.

Katharsis a Karneval

Spéitstens no den éischten dräi Lidder vun der Setlist wousst een, wat ee beim Idles-Concert géif erwaarden: De Joe Talbot, deen ausgesäit ewéi eng Mëschung tëschent dem LSAP-Politiker a Bar-Guru Gabriel Boisante an dem Schrëftsteller Rafael David Kohn, priedegt seng Texter mat dem selwechten Äifer wéi leschte Summer (och an de Rotondes) de Sänger vu Protomartyr, eng Post-Punk-Band aus Detroit, déi een als de méi donkelen, méi komplexe Brudder vun den Idles bezeechne kéint.

Nämmlecht wéi den Andy Falkous vu Mclusky a Future of the Left provozéiert de Joe Talbot d’Publikum, gëtt ze bemierken, dass „mer hei net an enger Bar sinn“, a reegt sech e puermol iwwer Leit op, déi de Bak net hale wëllen oder deenen aneren ee Moshpit opzwénge wëllen.

Anescht wéi de Falkous, dee wärend de Shows grandiose Stand-up improviséiert, ginn dem Talbot d’Iddien awer iergendwann aus, de Mann moraliséiert och en Tick ze vill, wat duerch d’Topegkeete vum Gittarist Mark Bowen, dee mat Schnurres a Boxershort am Porno-Schauspiller-Look duerch d’Publikum geet, nees opgehuewe gëtt. De Bassist, mat Eeërkapp a laangem, dichtem Baart (quasi eng normativ Prescriptioun fir ee Bassist an enger Post-Punk-Band) geet d’Saach méi stoesch un, ass awer, genee wéi och den Drummer Jon Beavis, präzis an energesch.

Klassegewëssen an Ongerechtegkeet

Am Géigesaz zu de Concert’en, déi d’Idles déi Deeg virdru gespillt hunn, gouf den Optrëtt an de Rotondes net mat „Colossus“, dem Opener vun hirem zweeten Album „Joy as an Act of Resistance“, ugefaangen, mä mat „Heel/Heal“ – dem éischte Song vun der éischter LP „Brutalism“. Wat e bësse schued war, well „Colossus“ net just eng gutt Mise en bouche gewiescht wier, mä och ee vun de stäerksten Tracks vum neien Album.

Dovun ofgesi huet d’Band dann ee Best-of vun hiren zwou LPs ginn – an am Laf vu Lidder wéi „Mother“ („The best way to scare a Tory is to read and get rich/Sexual violence doesn’t start and end with rape/It starts in our books and behind our school gates“) oder „White Privilege“ („How many optimists does it take to change a light bulb?/None! Their butler changes the light bulb“) gewisen, dass se genuch vu Klassegesellschaft, Ongerechtegkeet a Gewalt verstanen hunn, fir dës Themen op eng intelligent Aart an hir duerch an duerch optimistesch Show anzebauen. Eng Show, déi, wéi an der Lescht esou oft an de Rotondes, duerch eng wonnerbar präzis Luucht-Show a proppere Klang nach méi iwwerzeegend war.

Heiansdo sinn d’Texter vläicht ze plakativ, fir iwwert pauschal politesch Statements erauszegoen. D’Idles sinn awer clever genuch, fir ze wëssen, dass si d’Rad net nei erfannen – hire „Love Song“ kënnt dowéinst live mat enger ganzer Rëtsch vun Zitater aus aneren ofgelutschte Lidder iwwer Léift („Everything I do, I do it for you“) –, an illustréiere wärend engem Concert, dee mat 90 Minutte licht ze laang war, dass d’Liewensfreed duerchaus ee Geste vu Rebellioun, ee politesche Manifest ka ginn.

2 Kommentare

    • Waat? E gudden Artikel iwwert eng interessant Band? Emmer gären! Leit, di de Wärt vun Kultur net kennen? Am Fong net, Letzebuerg ass voll dovunner. Zwee Fragezeichen um Enn vum Saaz? Op kee Fall. Bildung fir Zeidungslieser? Batter néideg.

      Oder waat schwiewt Ierch mat Ärem “daaaaaaat” fir?

Schreiben Sie einen Kommentar zu Jonathan Wrotham Antwort abbrechen


Please enter your comment!
Please enter your name here