Pechschwaarz a verdreemt: Deafheaven an der Rockhal

Pechschwaarz a verdreemt: Deafheaven an der Rockhal

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wéi Deafheaven deemools, 2013, mat „Sunbather“ ee Black-Metal-Album mat engem rosaen Artwork erausbruecht hunn, ware souwuel d’Black-Metal-Fans wéi och déi Kritiker, déi normalerweis deem Genre net vill ofgewanne konnten, perplex. Wéi sech dunn och nach d’Journaliste vu Pitchfork, déi eigentlech nëmme ganz seele Placken aus dem Black-Metal-Genre rezenséieren, fir „Sunbather“ begeeschtert hunn, ass déi Saach dem Black-Metaller vum alen Eisen ze bont ginn. D’Band hat en plus de Culot, verdreemte Post-Rock-Elementer anzebauen, déi dem Nolauschterer Momenter vun Entspanung ginn hunn an deem ganze Kaméidi. D’Quintett huet duerno hire Sound weider geschlaff, den neien, ganz gelongenen Album „Ordinary Corrupt Human Love“ fänkt souguer mat engem Piano-Riff un an huet Deeler, wou richteg a propper gesonge gëtt.

Dass Deafheaven hir Carrière doropper opbauen, ebe grad net klischeehaft wéi déi Black-Metal-Band ze wierken, déi se och effektiv net wierklech sinn, gesäit een zimlech direkt um Ufank vum Concert. Amplaz vun engem vun deenen typeschen, ëmmer e bësse schmuddelegen T-Shirten, op där ee Bandnumm, deen een net entziffert kritt, méi oder wéineger dropsteet, hat de Gittarist Shiv Mehra gëschter ee Radiohead-T-Shirt aus der „OK Computer“-Ära.

Ewech vum Klischee

Deafheaven sinn net fir d’éischt zu Lëtzebuerg. Viru Joren hu si als Virband vu Russian Circles eng zimlech beandrockend Show gebueden, och wann de Sänger George Clarke nach e bësse méi schei gewierkt huet – eng Scheiheet, vun där ee gëschter an der Rockhal näischt méi gesinn huet.

Nom Concert vun Inter Arma, déi mat luesem Sludge à la Neurosis nëmmen hallef iwwerzeege konnten, ass et dunn och mat zwee Auszich vun der neier Plack lassgaangen – „Honeycomb“ a „Canary Yellow“ hunn een direkt a Stëmmung versat, déi gewinnten Ofwiesslung vu rabiate Passagen aus dem schwaarze Metal an de méi atmosphäresche Passagen aus dem Post-Rock, gekoppelt mat Shoegaze-Elementer, funktionéiert einfach immens gutt.

Laang Songs voller Iddien a Riffs

No deenen zwee Lidder war och schonn eng hallef Stonn Concert vergaangen – kee Wonner, dass d’Band dann am Endeffekt just siwen Tracks gespillt huet. Wann eng Grupp wéi Bad Religion oder Converge ee Concert vu siwe Lidder géif spillen, da wier d’Show spéitstens no zéng Minutten eriwwer. Bei Deafheaven si mer ëmmerhin op knapp 80 Minutte komm – d’Lidder vun der Band mäandere progressiv, wiesselen d’Stëmmung, de Rhythmus, si vollgepaakt mat Riffs an Iddien.

Live war dat effektiv alles impeccabel, de Klang war souwuel knaschteg wéi och kloer, de Batteur huet drop getrommelt, wéi wann et eben net sonndegowes an enger leider zimlech eideler Rockhal wier, an déi zwee Gittaristen hunn ee beandrockend Feierwierk u Riffs gezünt, wärend de Clarke gekäift huet a seng Hoer duerch d’Loft gedréit hu wéi ee Ventilator.

Béarnaise

Just eppes huet e bësse gestéiert – wéi d’Band mat dem Klassiker „Dream House“ ofgeschloss huet, konnt ee feststellen, dass Lëtzebuerg alt nees ee Song manner gebuede krut wéi op de Concerten déi Deeg virdrun. Dës Tendenz – 30 Seconds to Mars haten och schonn dräi Lidder manner gespillt wéi soss iwwerall, dat war do natierlech manner schlëmm, well de Concert net gutt war – ass zimlech desagreabel, och wann ee verstoe kann, dass d’Bands net immens motivéiert sinn, wann esou wéineg Leit op de Concerten opdauchen.

Dat ass ëmsou méi schued, well et ee ganz gelongene Concert war. Wéi ech wärend dem Concert de Paul Bradshaw begéint hunn, deen als Booker an der Rockhal schafft, hunn ech him vun dem Lëtzebuerger Filmpräis, deen den Dag virdru war, verzielt an hu mech un de risege Buffet erënnert, op deem et souguer eng immens gutt Entrecôte mat Béarnaise-Zooss gouf. De sympathesche Paul Bradshaw huet dunn op d’Bühn gewisen a gemengt: „Dat doten ass och wéi eng Entrecôte mat Béarnaise-Zooss.“ An en hat ganz recht mat senger Metapher.