Frësch, wëll a kompromësslos: Bodega war een Highlight vun dëser „Congés annulés“-Oplag

Frësch, wëll a kompromësslos: Bodega war een Highlight vun dëser „Congés annulés“-Oplag

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Trotz engem wéi üblech e bëssen zéie Publikum – de Concert war op engem Méinden –  huet Bodega mat sengem intensive Melange vu Post-Punk, Noise- an Indie-Rock een intensive Concert tëschent Melodien a Kaméidi gespillt.

Wéi viru gutt engem Joer „Endless Scroll“, déi éischt LP vu Bodega, erauskoum, huet d’Musek vun de jonken New Yorker Hipstere genee esou geklongen, wéi sech déi fënnef Band-Membere gëschter op der Bühn vun de Rotondes och optesch ginn hunn: frësch, wëll a kompromësslos.

Post-Punk mat Ecken a Kanten

Iergendwéi huet ee sech wärend dem Concert nees wéi an der gëllener Zäit vum Indie-Rock gefillt. Mir erënneren eis: Kuerz no der Jordausendwend hunn op eemol eng sëlleche jonk Bands mat präzise Gittarsfiguren d’Danzfläch fir sech an Usproch geholl – d’Libertines, Bloc Party, d’Strokes, d’Arctic Monkeys, fir der just e puer ze nennen. Vill dovunner hu sech mëttlerweil opgeléist, anerer sinn no Line-up-Ännerungen irrelevant ginn, nach anerer huelen zënterhier ëmmer nees déi nämmlescht Plack op.

Duerno ass et roueg ginn, d’Welt huet sech ëmmer méi fir elektronesche Synthie-Pop intresséiert, déi méi interessant kleng Indie-Bands waren haaptsächlech am Post-Punk an op de ganz klenge Venues ze fannen. Wéi déi éischt Tracks vu Bodega do waren, huet een eppes wéi ee frësche Wand an der Indie-Zeen gespuert, well d’Material zwar usprochsvoll genuch war, fir d’Fans vu Post-Punk mat Ecken a Kanten ze begeeschteren, d’Songs awer mat Melodien, déi an de Gehéiergäng pesche bleiwen („Boxes for the Move“, „Jack in Titanic“) och méi breet Massen usprieche konnten.

E klassesche Bodega-Song bedéngt sech den diverse Manifestatiounsforme vum Indie-Genre, ganz gläich, ob dat elo Post-Punk, klasseschen Indie-Rock aus den 90er, Noise-Rock oder esouguer Brit-Pop ass, an deklinéiert dës Elementer an engem ganz eegene Stil.

Strukturéierte Kaméidi

No enger kuerzer Ukënnegung vun der Sängerin Nikki Belfiglio iwwert d’zukünfteg Kommunikatioun vun der Band („English is the only option“) goung et direkt lass mat „Can’t Knock the Hustle“, duerno gouf et eng gutt 70 Minutte strukturéierte Kaméidi mat vill Melodien an Hooks.

De Funk vun „Name Escape“, de Pop-Appeal vun „Boxes For the Move“ (deen Hit, deen d’Kaiser Chiefs ni geschriwwen hunn), dat lakonescht „Jack in Titanic“, de Punk vun „Gyrate“, dozou nach eng ganz Rei nei Songs: Bodega ass méi ofwiesslungsräich wéi vill Genre-Kollegen aus dem Post-Punk. D’Band weess awer och, dass si d’Rad net nei erfënnt (iergendwann huet de Sänger Ben Hozie ugefaangen, Lyrics vun The Smiths an ee Lidd anzebauen). Dofir schreiwen déi New Yorker Musek mat villen Zitater, déi awer iwwert d’einfach Referenzéieren erausginn.

D’Bühnepresenz vu Bodega ass u Coolness kaum ze iwwertreffen (fir den Encore ze legitiméieren, soten se just: „We wanted to get one more beer“), woubäi och hiert Zesummespill präzis, awer net ze routinéiert ausfält. All eenzelne Museker war zudeem impeccabel: Wéi d’Fräiheetsstatue stoung d’Nikki Belfiglio mat hiren Drum-Sticks do, huet d’Perkussioun iwwerholl, gesongen, gedanzt an niewebäi nach op engem klenge Pad fir d’elektronesch Elementer gesuergt. De Gittarist a Sänger Ben Hozie huet nieft dem lakonesche Spriechgesang och seng Melodie-Verléiftheet mat abruecht, wärend d’Bassistin Heather Elle hire Gebuertsdag mat Basslinnen, déi sech wonnerbar op d’energescht Spill vun der Batteuse geluecht hunn, gefeiert huet.

Op hir nei EP „Shiny New Model“ dierf ee sech deemno freeën.