d’Fouer-Gazettchen: Schneekereien iwwer Schneekereien

d’Fouer-Gazettchen: Schneekereien iwwer Schneekereien

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Vum Steve Kayser*

Wa Fouer ass, da si mer net ëmmer sou verstänneg, wann et ëm Séissegkeete geet. Do sinn déi fuerweg Liefkuchenhäerzer. Déi rout-wäiss-blo, wou Schueberfouer mat dem Datum dropsteet, kritt ee leider néierens ze kafen. Dann huele mer eben een anert, wou ee ganz originelle Sproch dropsteet wéi „Ich liebe dich!“ oder einfach nëmme „Spatzi“. Wa mer da weidertrëppelen, richt et jo scho sou gutt no gebrannten Zocker an, an, an …

D’Barbe à papa, déi sou gutt um Gezei pecht, d’Pomme d’amour, iwwer déi sech den Zänndokter freet: déi Kleng si wéi benzeg dorop. Dogéint ass de Popcorn jo schonns en alen Hutt, mais ëmmer nach gutt. Eng Tut geet mat Heem, fir beim Schlappekino. Zockerbuden oder Confiserien hu mer zegutts. Dobäi ass de Coné eng Referenz … Schonn de Lambert Coné, dee seng Fabrik mol an der Acieriesstrooss zu Hollerech hat, hat säin hausmaacher Schappnougat just fir d’Fouer gemeet!

D’Harespelen hunn dat bestëmmt deemools schonns lëschteg fonnt. Net feelen däerfen awer och d’gebrannten Nëss, Cacahueten oder Mandelen an haut souguer ganz exotesch Nëss. Et ass nach wie vor ee Spektakel, nozekucken, wéi de „Nougatsmännchen“ se virun dem Publikum aus dem waarme Kessel op ee Blech schëtt an dann och mol schonn déi eng oder déi aner fir ze schmaachen zum Beschte gëtt. Speck mat Schokola, Bergamotten, Bonbons canadiens, Schaumkëss – déi aner Wierder mat -këss oder -käpp däerf een net méi gebrauchen – sinn och an den Etalagë vun eise mobile Zockerbäckereien ausgestallt a waarden op eis. Och Friichten iwwerzu mat Schokola sinn ëmmer méi beléift. Ech géng soen, si si gesond, well et ass jo schliisslech Uebst!

Donieft geet awer näischt iwwert ee gudde gebakenen Eisekuch. Oder soe mer elo éischter eng Gaufre? Sou oder esou, de Lëtzebuerger huet se och gär mat Schlagsahn an Äerdbier … Äerdbier ass souwisou hei gefrot, och als Glace. Fouer, dat ass och ëmmer Soft-Ice-Zäit. Déi aus der Maschinn. Iergendwéi erënnert dëst un d’Kandheet. Dat muss dann einfach sinn! Komesch, dat Wuert Paangech gëtt kaum nach gebraucht. Do iesse mer léiwer dann eng Crêpe … Lëtzebuerg ass scho ganz international, jiddefalls wann et ëm de Kascht geet. Do kann een och Churros iessen. Déi huet emol Müllesch Foos mat op Lëtzebuerg bruecht! Aus Spuenien. Zënter e puer Joer ass eng Spezialitéit aus Osteuropa och ganz héich um Kommen: de Kürtos … eng Zort Bamkuch. Ech hat se bal vergiess: d’Beigneten. Oliebollen. Donuts – déi richteg, sou wéi se d’“Renommée des Gaufres“ an den 80er Joere gemeet huet – gëtt et net méi!

Et fält schwéier, sech dëser liichter Kichen 20 Deeg laang ze entzéien.

Steve Kayser, 46, Historiker a Geschichtsproff am Athenäum, beschäftegt sech vu Kand u mat der Fouer a mat der Schaustellerei. An den nächsten Deeg publizéiert d’Tageblatt regelméisseg seng Rubrik „d’Fouer-Gazettchen“, wou hien d’Fouer an all hire Facetten thematiséiert.