„D’Fouer-Gazettchen“: De Siggi féiert eis op de Glacis

„D’Fouer-Gazettchen“: De Siggi féiert eis op de Glacis

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Laang hu mer op e gewaart. Lo ass en do. Den Tram. Siggi hunn d’Lëtzebuerger hie gedeeft. Eng Ovatioun un de Grënnerpapp vun der Stad a Virfahr vum Grënnerpapp vun der Fouer, de Jang de Blannen.

Steve Kayser*

Laang hu mer op e gewaart. Vill hu mer iwwert hie geschwat. Déi eng positiv, déi aner besuergt bis negativ. Lo ass en do. Den Tram. Siggi hunn d’Lëtzebuerger hie gedeeft. Eng Ovatioun un de Grënnerpapp vun der Stad a Virfahr vum Grënnerpapp vun der Fouer, de Jang de Blannen. Vun der Kierchefënster iwwert der Entrée vun der Glacis-Kappell hält hie Wuecht iwwert de Glacis. Him wor et deemools, wéi hien eise Joermaart gegrënnt hat, scho wichteg, datt déi éischt reesend Geschäftsleit méiglechst gutt vun den anere Mäert op Lëtzebuerg a weider op erëm aner Mäert konnte kommen.

D’Fouer huet mat Mobilitéit ze dinn. Do wäre mol déi eng, déi sech beméien, fir datt dëst Fest iwwerhaapt ka lassgoen. All d’Servicer vun der Gemeng a vun der Stad sinn op de Been a pake mat un, vum Op- bis zum Ofriichten. Honnerte vu Leit liwweren an hire Camionen a Camionnetten dat, wat mer gäre sou an engem Fouerdag zieren.

Do sinn awer virun allem Honnerte vu Foraine mat hirem Personal, déi oft vu wäit hirkommen, fir eis mat hire Spiller a Stänn méiglechst vill Freed ze man. Well vill vun hinnen ëmmer op der Rull sinn, bréngen si hir mobil Haiser, d’Roulotten, wéi mir hei soen, direkt mat. A schliisslech sinn et dausende vu Besicher, déi all Dag op de Glacis stréimen, déi op der Fouer spadséieren an a sou muncher Maschinn rullen, dréinen, klunschen, heiansdo ënnescht iewescht.

A wéi kommen all déi Leit op d’Fouer an erëm heem? Besonnesch den Heemwee ass eng wichteg Fro … Dat huet och mat deem ze dinn, wat een esou am Laf vum Tour op der Fouer u Flëssegem zou sech geholl huet … Duerfir gëtt et e gutt organiséierte Bus- an Zuch-Service. Och wann den Zuch an dësem Ablack net esou disponibel ass, well e moderniséiert gëtt. Ee Kuss fir de Bus also.

Dat ass och virbildlech an Europa! Zësumme mat Park&Ride, als aner Optioun mam Auto. Dobäi erënneren ech mech nach gutt als Kand an och méi spéit, wéi d’Autoen iwwerall um Lampertsbierg bis an den Eecher Bierg oder an d’Stad dorëmmer stoungen. Haut muss een och relativ vill bezuelen, bis an d’Nuecht, wann ee mat sengem Gefier selwer dohifiert. An esou vill Parkplaze gëtt et net méi. Taxie gëtt et natierlech och. Déi sinn allerdéngs net bëlleg.

Den ëffentleche Transport gouf nach ëmmer op der Fouer groussgeschriwwen. Schonn ufanks des 20. Joerhonnert si speziell Zich fir op d’Fouer agesat ginn. An elo hu mer den Tram. Eigentlech ass dëst jo och eng Traditioun, déi mer 1964 iergendwéi aus eisem Bléckfeld gejot haten. 1875 ass de Päerdstram och vum Roude Pëtz, wou haut de Bour mam Hämmelsmarsch steet, bis op de Glacis gefuer. 1908 wor et dunn um
elektreschen Tram, fir d’Stad mobil ze maachen. Do louch de Glacis ganz vir op: schliisslech wor jo och den Tramsschapp um Lampertsbierg. Eigentlech haten eis Virfahren alles verstan …

An de 50er Joere wor et dunn um Bus, fir d’Relève ze huelen, an den Tram gouf zeréckgebaut. De 5. September 1964 – et wor Fouer – ass dee leschten Tram du gefuer! An elo hu mer eigentlech dat éischt neit Spill op eiser Fouer: de Siggi. Wisou en onbedéngt huet missen iwwert den ieweschte Glacis, duerch d’Scheffer-Allée bis erof op d’Stäreplaz gondelen an net laanscht de Boulevard de la Foire, dat ass ee Choix wéi een aneren och … An da fiert d’Bunn mat reduzéierter Vitesse op nëmmen engem Gleis an der Fouerzäit duerch d’Scheffer-Allée.

Jo, dat as scho kuriéis: eng ganz Partie vun de Stänn a Bude stinn op enger Halschent vum Tramstracé. Hoffe mer, datt dëst net nëmmen eng Iwwergangsléisung ass, fir eis emol ze berouegen an nach méi un der Fouerplaz ze rappen.

Sou oder sou: d’Fouer setzt Leit a Beweegung.

*De Steve Kayser, 46, Historiker a Geschichtsproff am Athénée, thematiséiert an senger Rubrik „d’Fouer-Gazettchen“ am Tageblatt d’Fouer an all hire Facetten.