Di., 7. Dezember 2021



  1. David /

    Do gesäit een nees wéi liméitéiert de Sportminister mat sénge Beroder an hierem Denken a virun allem an hiere Kompetenzen sinn.
    Sie maachen eng Pressekonferenz a kënnen nach keng eenzeg Léisung presentéieren. Et muss nach alles gekuckt ginn.
    Dat eenzegt wat se bis elo hunn, si Filmer déi se dann publizéieren. Wow, dat ass beandrockend wéi ee ka mat 3mol näicht eng Pressekonferenz maachen.
    Wa Leit vu Gëschter mat Gedankengut vu Viirgëschter sollen d’Zukunft gestallten, da kann et net klappen.
    De Minister Kersch huet jo schonn emol säi Récktrëtt annoncéiert an hoffentlech setzt en dat och an de nächste Méint ëm.
    Fir de Sport an der Gesellschaft wier et dat bescht an dréngend noutwendeg.

  2. Paul Moutschen /

    Gudden Moien,

    ech muss emmer laachen wann se esou Saachen proposeieren. Wat een Quatsch! Den Bénévolat ass dout. Dat gett vun uewen virgelieft an wärt och net mei remkommen.

    Eis Gesellschaft ass eng ginn wou net mei jidvereen jidvereen kennt an och keen Interesse drun huet drun Deel ze huelen.Eis Dierfer an eis Gemeinschaftsstukturern sinn an den leschten 20 Joer durch politisch Descisiounen esou geännert dass den gudden aalen Model (op et wirklech besser war bleift ze beweisen!) nie mei fonktioneieren wärt. Et ass dei eeler Generatioun dei eis Gesellschaft geännert huet. Wei sie weggefall sinn hunn dei Jonk dat wieder gefouert. Dat schlecht Beispill huet sech an der Gesellschaft durchgesat. Dat ass dei eenzeg Wourecht an eng traureg.

    Den Egoismus (Ech ech ech an meng Virdeeler) ass esou Verbreed das et irréverdisbel ass. Den Elitismus ass Tromp. Den VIP am VIP. Ween soll dann do drënner freiwelleg den Idiot spillen?
    An dei dei et machen maachen et fir hier eegen Virdeeler oder dei vun hierem Kand oder Kanner.

    Huet dem Dan Kersch mol seng Pei an seng Jettons weg. Mol kucken wei vill vum Bénévolat iwereg bleift.

    Mat frendlechen Gréiss

    Paul Moutschen

Kommentieren Sie den Artikel