Abrëll 71

Abrëll 71

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Von unserem Korrespondenten Vincent Artuso

De Lëtzebuerger Mee 68 huet am Abrëll 71 stattfonnt. Deemools hunn déi gréisst Schülerdemonstratioune stattfonnt, déi d’Land erlieft hat. De 27. Abrëll 1971 hunn 2.500 Schüler an der Stad manifestéiert. Zu Esch ware se 1.500. Déi Mobilisatioun war awer kee renge Jugendphenomen, mee eng Illustratioun vum déiwe Wandel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

De Mee 68 huet och zu Lëtzebuerg stattfonnt. D’Lëtzebuerger Originalitéit ass awer, datt déi jonk Leit deemools net géint, mee fir eng schwaarz-blo Regierung demonstréiert hunn. Oder besser gesot: D’Schüler an d’Studenten hunn deemools manifestéiert, fir d’Applikatioun vun enger Schoulreform ze beschleunegen, déi vum Staatsrot blockéiert gouf. Déi Reform huet ënner anerem d’„Collation des grades“ ofgeschaaft, e gläichen Enseignement fir Jongen a Meedercher agefouert an de Lycée gratis gemaach.

Dat ass e bëssche verwirrend an erkläert, dass déi meescht Leit, déi de Sujet behandelt hunn – wéi zum Beispill den Andy Bausch a sengem rezentste Film, „Sixty 8“ – éischter dovunner ausginn, datt de Lëtzebuerger Mee 68 am Abrëll 71 stattfonnt huet.
Alles hat Enn Mäerz ugefaangen, während engem Geschichtscours am Dikrecher Lycée. De Proff huet refuséiert, sech mat engem Schüler, engem Member vun der trotzkistescher Schülerfront, op eng Debatt iwwert de Kolonialismus an Imperialismus anzeloossen. Well dee sech net mat senger marxistescher Propaganda wollt ginn, huet de Proff gemengt, datt en déi gutt al Method kéint uwenden: eng laanscht d’Baken, Fouss an den Aarsch, Schüler erausgeheit.

An den Deeg dono huet d’Schülerfront mat enger Fluchblataktioun reagéiert. De selwechte Geschichtsproff huet versicht, d’Verdeelung z’ënnerbriechen, an ass erëm handgräiflech ginn, mee dës Kéier huet de Schüler zréckgeschloen. Den Direkter huet doropshin d’Verdeelung vu politeschem Material verbueden. D’Ouschtervakanz huet d’Konfrontatioun ënnerbrach, mee net beennegt.

Den 19. Abrëll, direkt nom Schoulufank, huet d’Schülerfront mat hirer Campagne weidergemaach. Den Direkter huet du véier Schüler, déi beschëllegt goufen, d’Aktioun ugefeiert ze hunn, provisoresch ausgeschloss. 400 bis 500 vun hinnen hu sech am Festsall vum Lycée versammelt, fir géint dës Decisioun ze protestéieren. 80 vun hinnen hunn am Nomëtten e Kampfkomitee zesummegestallt an zum Streik opgeruff.

Den 21. Abrëll hu sech 300 Schüler am Haff versammelt an am Nomëtten si se duerch d’Stroossen vun Dikrech gezunn. Ab deem Moment huet d’Beweegung och ugefaangen, en nationale Charakter ze kréien. A sämtleche Lycéeën sinn Ënnerstëtzungscomitéeën entstanen.

Dräi Deeg dono hunn déi éischt Manifestatiounen ausserhalb vun Dikrech stattfonnt. De 24. Abrëll hu sech 1.500 Schüler zu Esch versammelt. An der Stad huet den Athénée gestreikt an Honnerte vu Schüler si laanscht den Educatiounsministère defiléiert. Den Drang, um Streik deelzehuelen, war méi staark ewéi d’Disziplin vum ale System. Schülerinne vum Stater Meedercherslycée, deen offiziell net um Streik deelgeholl huet, sinn duerch d’Fënstere vum Rez-de-chaussée gesprongen, fir sech dem Demonstratiounszuch unzeschléissen. Zu Esch gouf den Direkter vum Jongelycée ausgelaacht, well e mat engem Block duerch d’Stroosse gelaf ass, fir sech d’Nimm vu senge streikende Schüler opzeschreiwen.

D’Streikbeweegung huet de 27. Abrëll säin Héichpunkt erreecht, wou erëm 1.500 Schüler zu Esch an 2.500 an der Stad gestreikt hunn. Dat waren déi gréisst Schülerdemonstratiounen, déi d’Land bis dohinner erlieft hat. De Sujet war esou brenzeleg, datt en den 28. Abrëll an der Chamber beschwat gouf, obwuel en net um Ordre du jour stoung, eigentlech e Verstouss géint d’Reglement. D’Deputéierter waren anscheinend ugestach ginn.

Déi rout Fändelen an déi gauchistesch Spréch ware besonnesch effikass, wann et drëms gaangen ass, dem Bourgeois de spatzen Hutt vum Kapp ewechzeblosen. D’Trotzkiste vun der Schülerfront hunn d’Beweegung op jidder Fall am Ufank organisatoresch och tatsächlech dominéiert. Hir Strategie war déi vun enger breeder Mobilisatioun vun der Jugend, déi fréier oder spéider der Revolutioun eng breet Basis ginn hätt.
An engem Sënn ass dee Calcul opgaangen. Schlussendlech hu sämtlech lénk an zentristesch Schülerorganisatiounen um Streik deelgeholl. Mee obwuel Eenzelner tatsächlech dru gegleeft hunn, datt d’Revolutioun imminent war, war d’Beweegung a sengem Kär éischter reformistesch an a senger Natur éischter sozial a kulturell ewéi politesch an ideologesch.

An engem Fluchblat vun der Jeunesse étudiante chrétienne, net onbedéngt eng marxistesch-leninistesch Organisatioun, ass e Gedicht ze fannen, an deem virun allem d’Ofleenung vum Autoritarismus a vum Materialismus ausgedréckt gëtt:

L’enseignement apolitique
Mais on étudie – dès 4 ans –
Le droit à – la – Propriété
à – la – Liberté – TOU-
JOURS SURVEILLÉE
Le droit à – la – Fraternité
(d’écraser les autres)
Tu apprendras à écrire
Sans faute
Mais ne parle pas
Mais on y étudie – dès 16
ans
Le progrès qui prime tout
(même la vie)
Les ressorts de la société
(l’argent et l’ambition)
Tu apprendras
A bien parler
Mais surtout
Ne pose pas de questions

D’Schüler ware mat hire Bedenken absolut net isoléiert. Nom Mythos vum Mee 68 – a vum Abrëll 71 – war d’Gesellschaft, an där se opgewuess waren, gro, autoritär, hypokritesch an absolut onfäeg, hier Erwaardungen ze verstoen. D’Wierklechkeet ass vill méi komplizéiert. Déi Gesellschaft war nämlech amgaangen, e komplette Wandel z’erliewen.

D’Schüler konnten zum Beispill op d’Verständnis vu verschiddene vun hire Proffen zielen. Ganz vill vun hinne waren knapp méi al wéi si. Am Schouljoer 1971-72 hunn 42% vun de Proffe der Alterskategorie vun den 23- bis 34-Järegen ugehéiert. Jonk Proffen hunn um Streik deelgeholl, véier vun hinne goufen dowéinst souguer strofversat.

An de politesche Parteien entdeckt een och éischter eng ënnerlech Spaltung. D’CSV an d’DP, déi deemools an der Regierung waren, hunn de revolutionären Discours a méiglech Ausschreidunge gefaart, mee waren awer vun der Noutwendegkeet vu Reformen am Schoulsystem iwwerzeegt. D’LSAP an d’Kommunisten hu währenddeem e Phenomen, dee sech definitiv um lénke Spektrum ofgespillt huet, éischter positiv betruecht, waren awer gläichzäiteg vu senge gauchisteschen an anarchisteschen Tendenzen ofgeschreckt.
Déi Ambivalenz fënnt een och an der Press. Déi eenzeg d’Zeitung, déi d’Schülerstreiks ouni Weideres begréisst huet, war d’Lëtzebuerger Land. Direkt op der Titelsäit vun der Ausgab vum 30. Abrëll 1971 fënnt een ënnert dem Titel „Der Kinderkreuzzug“ en Artikel, an deem de Léon Kinsch d’Behörden – besonnesch d’Schoulbehörden – ugeprangert an d’Schüler ewéi d’Virreider vum Fortschrëtt duergestallt huet:

„Das Verlangen nach fairem Dialog in der Schule, nach freier Meinungsäußerung im Klassenzimmer, nach kritischer Begutachtung des Lehrstoffs, ja sogar das Verlangen nach zeitgemäßer, weltnaher Gestaltung des Unterrichts wird der Jugend nicht mehr verweigert werden können, es sei denn, die Bildungspolitik der schwarz-blauen Regierung zielt nicht auf die Entfaltung schöpferischer und leistungsfähiger Menschen, sondern nur auf die Fabrikation unkritischer Automaten, die als willfährige Diener einer vergreisten, immobilistischen Gesellschaft Weihrauch streuen sollen.“

D’Schüler hunn deemools eng Dir ageschloen, déi schonn hallef op war.