Allain ArtaudSäit 1966 alles gesammelt, klasséiert a stockéiert: Porträt vum Privatarchivist vun der Escher Jeunesse 

Allain Artaud / Säit 1966 alles gesammelt, klasséiert a stockéiert: Porträt vum Privatarchivist vun der Escher Jeunesse 
Den Allain Artaud huet e risegt Privatarchiv iwwert de Fußball-Rekordchampion Jeunesse Esch Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Allain Artaud ass e „Bianco-Nero“ duerch an duerch, hie steet senger Jeunesse vun Esch nach ëmmer ganz no … eleng schonn nëmme, well hien an der Hiehl an enger Kolonie direkt hannert dem Terrain wunnt. Am Laf vun de Joeren huet den Allain no an no en immens groussen Archiv iwwert de lokalen an internationale Fussball zesummegestallt, virun allem absolutt alles zesummegedroen, gesammelt a klasséiert, wat mat sengem Häerzensveräin, der A.S. Jeunesse, ze dinn huet. Dat sinn zirka 350 Classeuren, Bicher, Fanions, Wimpelen, Figurinen an Affichen, déi dat relativ klengt Haus bis ënner den Daach opfëllen.

Den Allain ass 1946 zu Étain, hei vir am Frankräich am Département vun der Meuse, op d’Welt komm. Dem franséische Beamten dohannen um „état civil“ ass beim Androen e fatale Feeler ënnerlaf, an hien huet iertemlecherweis dem Alain e weideren „l“ direkt hannert dem A bäigeprafft. Dëse Schreiffeeler réckgängeg ze maache, wär net méiglech gewiescht, dat wäer elo och souzesoen zu senger „image de marque“ ginn, och wann hien an all däer Zäit schon emol dowéinst Problemer mat den Administratiounen, respektiv de Gendarme kritt hätt.

„Tempi passati“

Genealogie an Éiren, ma vum Allain léisst een sech gär beléieren: iwwer d’Meuse, de Fussball am Allgemengen an d‘Escher Jeunesse „en particulier“! Gläich no senger Gebuert ass hien mat der Famill vun dohanne fortgeplënnert, nodeems säi Papp eng nei Schaff als Biergoarbechter op der Minière „Mont Rouge“ am noen „Däitsch-Oth“ fonnt hat. 

Gewunnt hu si awer vun deem Moment un an der Escher Brillstrooss. Mat knapp dräi/véier Joer hätt säi Papp hien da gläich all Sonndes mat op de Jeunesse-Terrain geholl, sou datt hie scho souzesoen a ganz fréire Joeren an de Chaudron vun der Grenz gezappt gi wier, an dofir iwwert d’„potion magique“ am „biberon“ op de „goût“ koum – e ganz bësse wéi en anere Gewiichtegen aus enger beschtbekannter franséischer „bande dessinée“ …

An der Woch huet hien dobaussen, direkt virun der Dier am Schoulhaff oder op der Brillplaz – wéi déi nach net mat exzentresch-dubiéise Konschtwierker zougekéipt a vu „kubistesche“ Bunkere flankéiert wuar – mat senge Komeroden et deene Groussen nogemaach a Fussball gespillt. Ënnert hinne war ënner anerem och den Nello Saltutti,1947 zu Gualdo gebuer, aus der paralleler Burestrooss, deen et duerno als Profi beim AC Milan, der Sampdoria an der Fiorentina zwar wäit brénge sollt, ma leider vun hirem Trainer an der Toskana, wéi eng ganz Rei Matspiller och, zum gesondheetsschiedlechen Doping „Micoren“ verfouert gouf, an doduerch fréizäiteg mat 56 Joer verscheet dierft sinn!

 Foto: Editpress/Julien Garroy

Weider bekannte Spillkomerode vum Allain, dee sech 1992 fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit entscheed huet, waren de Gilbert Simonelli, de Bridi, „il fratello dal Nello“, de Nazareno, alias de „Spëtzendänzer“, de Jeannot Schaul, de Guychen Allamano a sporadesch och den Zeni, dee sech och déi Zäit schon ëmmer, ma éischter „à tort“, fir deen Allerbeschte gehalen huet.

Wéi den Allain dunn eng Léier als Installateur ugefaangen huet an him keng Zäit méi blouf, fir ze spillen – „erst die Arbeit, dann das Spiel“ –, huet hien ugefaangen, sech no Feierowend, als „passe-temps“, doheem voll op d’Liesen, d’Erausschneide vu Presseartikelen an Dokumentatioun ze konzentréieren.

Den Ausléiser-Klick

Den Terrain war also preparéiert, d‘Basis fir den Interessi um ronne Lieder geluecht. Ma richteg ugefaange mam methodeschen Archivéieren hätt hien eréischt vun 1966 un, dat bei Geleeënheet vun der WM, déi bekanntlech vun England mat 4:2 geint d’BRD gewonne gouf.

Dem Geoffrey Hurst säi gestaffelten Hattrick, a virun allem den ëmstriddene Goal ënnert d‘Lat zum 3:2 an der Verlängerung, grad wéi d‘Validatioun durch deen deemolege russesche Linienrichter Tofik Bakhramow hätten dunn dat Sammelféiwer bei him ausgeléist. Den Allain, dee sech virdrun nëmme fir Photoen aus deem Beräich interesséire konnt, huet dunn säin alleréischten Dossier ugeluecht, mat illustréierte Presseartikelen iwwert d’Charltonsbridder, de Bobby Moore, Hurst, Ball, Banks a Co., fir den Nobby Stiles, deen ouni Zänn (‚schaardeg’ op Lëtzebuergesch), net ze vergiessen. Och deene sech ugeschass gefillten Däitschen goufen eng etlech Säite beim Allain reservéiert.

Vun do un ass den Allain all Dag gläich e puer lokal Dageszeitungen, plus l’Équipe, ënner anerem beim Andrea Deidda säi Papp op de Prënzeréng kafe gaang. Dat wuare finanziell Ausgaben, déi sech summéiert hunn an iwwert déi d‘Mme Artaud doheem net onbedéngt ëmmer „amused“ wuar, wéi hien eis mat engem liichte Grinsen ze verstoe gouf. ‚Leitz‘ an aner Uerdner hu sech geheeft a fëllen „entretemps“ – mat den historesche Broschüren, Fändelcher, Figurinen an Affichen – d’Haus an der Minne-Strooss souzesoe bis ënnert d’Charpente op, woubäi een net zevill korpulent duarf sinn, fir iwerhaapt iwwert déi schmuel Holztrap bis do erop virzestoussen!

Méi kuerz trëppelen

 Foto: Editpress/Julien Garroy

D‘Wunneng ass strubbelpvoll, an dofir huet dee verstännege Mann agesinn, datt hien elo méi kleng trëppele muss. Iwwert d‘Jeunesse steet do schwaarz op wäiss alles dran. Déi ganz gutt a manner erfreelech Momenter vu fréier bis haut sinn do liicht erëmzefannen, och esuguer déi verschidde Berichter iwwert de rezenten Drama um Trainingsterrain sinn ageheft a goufen – esou huet een op mannst den Androck –, anescht wéi bei der Veräinsspëtzt, net ausgeblent an tabuiséiert! Gutt wär et, sot hien, wann sech d’Jeunesse selwer elo endlech deem fir si bestëmmt dach och héich interessanten Archiv unhuele géif. Et gouf en éischte Kontakt viru Joeren, op deen awer weider näischt erfollegt wär. Eis géigeniwwer huet hie verséchert, datt hien absolutt bereet wier, senger Jeunesse de ganzen Archiv z’iwwerginn – virausgesat, dem Veräin géif dorun eppes leien.

Deemno: „avis aux amateurs“, respektiv u Semi-Profien, ma déi interesséiert leider meeschtens just de boren Dalles. Et ass um legendären Escher Veräin, fir sech op d’Been ze setzen a sech ze beméien, déi mat vill Suerg, Léift a Fläiss zesummegestallte 40 Dossieren an där „à l’ancienne“ virleiender Fassung ze kopéieren. An enger moderner, ultra-geraffter Form wär esou vill Plaz gespuert an et géing näischt verluer. Alles wier op déi Aart a Weis gespäichert, an dat virun allem net méi wéi elo: bis ënnert de Plafong vum Gespäer. Dobäi sief bemierkt, datt an all Zeitung och haut nach nieft der Datebank déi sougenannte „Collectioun“ virläit, an dat a Form vun décke Wälzer, an deene gemittlech kann nogebliedert ginn.

Ob déi Manéier sting eisem Football-Rekordmeeschter Jeunesse, iwwer all Nostalgie eraus, en eemolegt Noschlowierk gratis zur Verfügung. Un deem kéinten a sollte si sech inspiréieren an op déi al Werter besënnen, a fir d‘Zukunft drun orientéieren.