Lëtzebuergesch léierenNimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?

Lëtzebuergesch léieren / Nimm als Wierder: Wousst Dir schonns, datt …?
D’Silhouettë vun zwee Mënschen, déi e Peace-Handzeeche weisen. D’Wuert „Silhouette“ am Lëtzebuergeschen ass och mat der franséischer Geschicht enk verbonnen. Foto: dpa/Liam Mcburney/PA Wire

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wousst Dir schonns, datt d’Wuert Silhouette e liewegt Virbild hat, oder de Baxter aus der Klinick eigentlech eppes mat Amerika ze dinn huet? An dëser Serie, déi d’Magazin am Tageblatt mam Dr. Sam Mersch, Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, haut op dëser Plaz ufänkt, stelle mir Iech all Woch e puer nei Wierder an hiren Hannergrond vir. Den Ufank maachen d’Begrëffer „Silhouette“, „Baxter“, „Poubelle“ an „Diesel“.

De Sproochhistoriker Dr. Sam Mersch 
De Sproochhistoriker Dr. Sam Mersch  Foto: ZLS

Silhouette

… d’Silhouette no dem franséischen Étienne de Silhouette benannt ass, dee 1759 fir nëmmen aacht Méint Controlleur général des Finances ënnert dem Louis XV war? Well hien a senger kuerzer an onspektakulärer Amtszäit nëmme Projeten ugefaangen huet, se awer net fäerdeg gemaach huet, ass de Portrait à la silhouette no him benannt ginn.

Sandwich

… de Sandwich nom engleschen John Montagu, 4th Earl of Sandwich, benannt ginn ass, deen am 18. Joerhonnert gelieft huet? Säi Kach huet fir hien dee fir eis haut sou mundäne Snack tëscht zwee Broutstécker erfonnt, fir datt den John Montagu iwwert dem Kaartespille konnt iessen, ouni opzestoen.

Baxter

… de Baxter, deen een heiansdo an der Klinick kritt, indirekt nom Amerikaner Donald Baxter benannt ass? Seng Firma, e Pharmakonzern, deen no him benannt ass, Baxter International, huet sech am fréien 19. Joerhonnert op Transfusioune spezialiséiert. Am Lëtzebuergeschen ass d’Wuert no der Firma (a sengem Grënner) benannt, well et kee bessert gouf.

Poubelle

… d’Poubelle als Wuert eréischt am spéiden 19. Joerhonnert a Frankräich opkomm ass an dono och bei eis? Se ass nom Eugène de Poubelle benannt, dem Préfet de la Seine, deen 1884 ugeuerdent huet, datt zu Paräis dës Zort Drecksbac fir Offäll soll geholl ginn, fir datt d’Haushaltsoffäll net méi einfach géingen an der Strooss leien.

Diesel

… d’Wuert Diesel, also de Pendant zum Bensinn op der Pompelstatioun, nom Rudolf Diesel benannt ass? Den Här Diesel war en däitschen Ingenieur, deen zu Paräis gebuer ginn ass an deen den Dieselmotor erfonnt huet, deen ursprénglech mat Planzenueleg gelaf ass. No sengem Dout gouf de Motor modifizéiert, fir mam modernen Diesel kënnen ze lafen.

Hutt Dir nach Froen?

Wann Dir Froen hutt iwwer bestëmmten Etymologien oder iwwer d’Lëtzebuerger Sproochgeschicht am Allgemengen, da schéckt dës gären op d’Adress lod@lod.lu.