D’Organisatoren Konnen a FabeckHorizonterweiderung, Informatiounen a Frëndschaften

D’Organisatoren Konnen a Fabeck / Horizonterweiderung, Informatiounen a Frëndschaften
D’Caroline Konnen an de Michel Fabeck Foto: LHCE Times

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Am Kader vum Europrojet hu mir déi zwee Enseignanten gefrot, wisou si dëse Projet geplangt an organiséiert hunn. D‘Caroline Konnen an de Michel Fabeck hu schonn am Joer 2019 mat der Planung ugefaangen, fir dann elo dës Woch 18 aner Schoulen aus ganz Europa ze empfänken.

D’Caroline Konnen ass perséinlech zimlech begeeschtert vun dësem Projet, säit ronn 15 Joer dobäi an huet regelméisseg u Konferenzen mat Partnerschoulen deelgeholl. Si selwer huet och schonn als Schülerin op 2ième un engem Europrojet zu Saragossa deelgeholl. De Michel Fabeck fënnt, dat nieft den Aktivitéiten an de Workshops, déi Jugendlech sech och an der Fräizäit solle besser kenneléieren.

Fir um Projet deelzehuelen, gouf via Instagram oder Bildschierm an der Schoul Reklamm gemaach. Jiddereen, dee sech dofir interesséiert huet, konnt sech fir de Projet mellen. Déi véier erausgesichte Schüler fir dës Konferenz hunn och ee Schüler aus dem Ausland als Host opgeholl.

Béid Proffen hunn d’Zesummenaarbecht mat de Schüler och ganz agreabel fonnt, vu dass déi, déi sech fir dëse Projet umellen, normalerweis ganz motivéiert sinn.  D’Caroline Konnen, wéi och de Michel Fabeck sinn der Meenung, dass dëse Projet de Jonken hiren Horizont erweidere kann an hinnen Informatiounen iwwert Europa op eng aner Aart a Weis méi nobrénge kann. Si komme mat Schüler aus ganz Europa zesummen, huelen se an hirer Famill op, léieren aner Mentalitéite kennen an ënnerschiddlech Methode, fir ze schaffen.  „Wie weess, vläicht entstinn do Frëndschaften fir d’Liewen“, seet dobäi de Michel Fabeck.