LeserforumOppene Bréif un de Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht – Erzwongene Konformismus?

Leserforum / Oppene Bréif un de Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht – Erzwongene Konformismus?
Symbolfoto Leserbrief Foto: Pixabay

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Symbolfoto Leserbrief
Symbolfoto Leserbrief Foto: Pixabay

Ass dat Ären Eescht, Här Mischo? Den Ament hu mir tatsächlech vill méi seriös Problemer a Katastrophen op dëser Welt a virun eiser Hausdir, trotzdem sinn ech vun dësem absurde Reglement (PAP QE Art.2.4.1), deen zu Esch-Uelzecht applizéiert gëtt, genuch revoltéiert, fir Iech ze kontaktéieren. – Bref: Mir wunnen an enger wonnerschéiner, historescher Cité, rue Léon Weirich. Eist Haischen, gebaut 1912, an dat mir eis vun Ufank u verléift haten, hu mir zënterdeem, geheegt a gefleegt. A wollten elo mat eisen Noperen zesummen eis Fassad nei usträichen. Mir haten eng Faarf gewielt, déi de Sandsteng an dem Charakter vum Haus entspriechen.

Mä do krute mir matgedeelt, dass dat net geet, well no dem uewen zitéierte Reglement nëmmen nach eng Faarf fir déi ganz Cité zougelooss ass. Ofgesi vun der Tatsaach, dass mir Verständnis dofir hunn, dass d’Gemeng an déi historësch Responsabel dofir wëlle Suerg droen, dass hei net egal wat fir e Kaleidoskop u psychedelesche Faarwen entstoe soll, fanne mir, dass d’Imposéiere vun enger Faarf awer wirklech ze wäit geet. Dat ass, wéi wann Dir vun engem géift virgeschriwwe kréien, dass Äre Kostüm nëmmen nach eng Faarf dierft hunn, déi Dir guer net droe wëllt, an awer bezuele misst an all Dag kucke misst.

Wéi komme mir elo aus dëser vertrackter Situatioun eraus? 

Wéi wier et domat, wann Dir dëse Reglement ofännere géift, andeem Dir zum Beispill eng Palette vu fënnef Faarwen de Leit zur Auswiel géift ginn, déi all dem Charakter vun der Cité entsprieche géifen?

An d’Awunner trotzdem e Gefill vun der fräier Wiel hätten, fir sech fir hir Faarf ze décidéieren. Bei de Walen däerf, jo muss soguer, de mëndege Biirger déi politësch Faarf wielen, déi him am meeschten zouseet. Oder, wann d’Gemeng eng eenzeg Faarf imposéiert, géint de fräie Wonsch vun dem betraffene Biirger, d’Käschte vun dësen Aarbechten iwwerhuele géif? Oder all eenzel Demande fir eng nei Fassadefaarf no objektive Kritäre préiwen, an dann autoriséieren oder refuséiere géif?

Dir gesitt, et gëtt nach aner demokratesch Moyenen, wéi dësen imposéierten an net novollzéibare Konformismus, fir trotzdem d’Zilsetzung vun der Erhalung vun dem historësche Charakter an eisem Quartier ze ereechen. Mam Imposéiere vun enger Moossnam, déi null Impakt op en anstännegt Zesummenliewen, awer e groussen Impakt op d’Rechtsëmfanne vun Äre Biirger huet, ereecht Dir just de Contraire: Frust, Aggression, Onverständnis respektiv, dass déi betraffe Biirger sech an Zukunft net méi un Oplagen halen, déi absolut net novollzéibar sinn.

An der Hoffnung, dass Dir Iech, trotz Ärem voluminéisen Aarbechtsëmfang, eisem Uleies seriös unhuelt, well mir man dat och, luede mir Iech, an de ganze Schäfferot, zu enger Visite de lieu bei eis an, wou Dir Iech selwer en Androck vun der Situatioun verschafe kënnt.

Bis dohinner verbleiwe mir mat beschte Gréiss

Milva
1. Juni 2022 - 19.23

"Wéi komme mir elo aus dëser vertrackter Situatioun eraus? " Dir hutt andauernd Problemer fir Iech un d'Reegelen ze halen. Sidd dach frou, am Ausland ass et net besser, déi soen Iech och wat fir eng Faarf Är Fënsteren an Dieren däerfe benotzt ginn, wat fir eng Hecken a wéi héich asw. Dir hutt just ëmmer Problemer mat Autoritéit.

khnemund
1. Juni 2022 - 16.04

"Kaleidoskop u psychedelesche Faarwen" :-D made my day

Unheen
1. Juni 2022 - 13.34

Wann ech mech net ieren stoungen an den « Conditiounen » vun der Gemeng Esch oder vun der ARBED an de natariellen Akten eng Partie Foarwen déi fir d’Fassade vun Haiser an de Cité en demools (Cinquantenaire, Weierwuess a wéi se all heeschen) dran. D’Leit haten de Choix tëscht deene Foarwen. Se op 1 ze reduzéieren fannen ech lachhaft. Bestëmmt op der Mëscht vun deem geniale, brillanten Architecte-Directeur vun der Stat Esch gewuess…dat passt bei deen…

JJ
1. Juni 2022 - 9.08

Säit deem all d'Faarwen toleréiert ginn ass sou zimmlech all Duerf engem Legoland-Charakter änlech. Do kann et engem scho mol passéieren,dass ee muerges wakereg gëtt an op eng violett Fassad beim Noper muss kucken,déi dann mat de Joren op der Sonnesäit an e knaschteg Groblo mutéiert . Ma dee Virschlag fir e puer "tolerabel" Faarwen ze wielen fannen ech ganz gutt.