LeserforumGesondheet geet vir

Leserforum / Gesondheet geet vir

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mir erlaben eis, Iech haut dëse Message ze adresséieren. Mir sinn eng Grupp vu Primaner aus dem Enseignement secondaire classique aus dem LNB, wat also heescht, dass mir de 4. Mee zeréck an d’Schoul mussen. Vill Leit hunn effektiv Angscht, um Covid-19 ze erkranken. D’Schoul ass en Etablissement, wou een am konstante Kontakt zoueneen ass an de Risiko, sech unzestiechen, héich ass. Ënnerhallef vun de Schüler gëtt et och Persounen, déi als „personnes à risque“ gëlle kënnen oder wou e souer och bei sech doheem present sinn. Dozou ënnersträiche mir, dass mir och un eis Enseignanten denken. Déi musse sech ëm hir Kanner këmmeren, well d’Crèchen a Maisons relais zou sinn.

Eis Schüler fällt et och schwéier, ënnert dësen Ëmstänn ze léieren. Mir liewen am konstante Stress, an der Onsécherheet vun der aktueller Situatioun. Mir denken och un déi jonk Leit, déi e Familljemember verluer hunn oder déi erkrankt sinn. Fir eis fillt et sech net wéi eng Vakanz un oder Extrazäit fir d’Preparatioun vun den Examen. Am Géigendeel, et ass éischter eng mental Belaaschtung, well mir annerthalwe Mount net dobausse waren a mir eis ëm eis Matmënsche Suerge man. Den Här Meisch huet erwäänt, dass d’Schüler nom soziale Kontakt laangen, mee eis ass et méi wichteg, eis Kolleegen erëmzegesinn an enger Zäit, wou kee Risiko méi besteet. Mir wëlle keen ugräifen, mir schätzen d’Efforten an et ass eis bewosst, dass dës Situatioun net einfach ze lenken ass, trotzdeem musse mir Iech widderspriechen. Mir verstinn, dass d’Ekonomie muss weidergoen, mee d’Gesondheet geet vir.

Dat soll net als Excuse gëllen, fir eis vun den Examen ze drécken oder fir doheem ze bleiwen, mee et ass d’Realitéit vun der Situatioun. Kucke mir nëmme Richtung Frankräich. Natierlech wéilte mir eisen Diplom op di traditionell Aart a Weis kréien, mee an dësen Ëmstänn ass eis Mënscheliewe méi wichteg, well de Risiko besteet, dass d’Zuelen zouhuelen. Sou wéi de Plang et virgesäit, fille mir eis e bëssen als „Versuchskaninchen“. D’Zuelen hu gewisen, dass se nach laang net stabel sinn. Mir hunn d’Gefill, dass et eng Course Richtung Normalitéit ass, wat de Moment keng Léisung wär. Aussergewéinlech Situatioune verlaangen no aussergewéinleche Mesuren. Wou bleift d’Mënschlechkeet?

Dëst ass en Appell un d’Solidaritéit an d’Ënnerstëtzung vum Staat. Mir identifizéieren eis mat den Iddie vun eisem Kolleeg Albert Camus: „S’il y a une chose que l’on peut toujours aspirer à atteindre … c’est l’amour humain.“ Mir hoffen, de Message kënnt un. Mir gi geléiert, kritesch ze denken an eis deementspriechend och ze äusseren, mee et fillt sech sou un, wéi wann eis net nogelauschtert gëtt. Mir wëllen net nëmmen en Echo sinn, mee eng Stëmm.

de maulkuerf
22. April 2020 - 12.50

liéw Primaner au dem LNB, ganz gud geschriwwen, esou wéi êt Haut ass matten an der Kriis, Alles richteg duergestalt, ouni Polemik, ouni Fourderungen just een haarden APPEL un d'Mênschlechkeet am allgemengen gesin, huet baal all Mênsch, deen do Heem bleiwt dat dote Gefill, dat mer All nêt méi existéieren, ONS gêt êt nêt méi, d'Haaptsaach mir follegen an haalen ons un d'Moßnahmen, de Maulkuerf ass jo och elo obligatoresch gin, haale mer ons nêt drun, da kascht et . Punkt a färdeg, Vogel friss oder stirb et ass jo och wichteg, dat de Geschäftsläit, an de Firma'en gehollef gêt, awer nêt op d'Käschte vun der Gesondheet vun der Allgemengheet ech sen iwwerzeecht dat, jiddereen sêch wênscht, de ganze Virus-Choas wär Muer riwwer, oder e wär guer nêt hei hinner komm d'Realitéit ass awer aaneschtes all déi Läit déi et trêfft, séiw êt selwer oder engem Member aus senger Famill, oder Frêndeskrees, brauchen och Gehéier, gêchter war êt Deen a Muer ass êt deen Aaneren, mä déi All bleiwe just eng ZUEL vun enger Statistik, méi nêt vill Léit setzen doheem, mat hiirer Famill, oder och elleng, déi maachen sech och Gedanken an hun eventuel Angscht sech unzestiechen a Muer nêt méi Hei ze sen dat ass Alles guer nêt esou einfach, an do brauch ee ganzt Vollek och, wéi DIR schreiwt, mênschlech Decisounen, déi vun onse "Responsabelen" gehol gin, leider hu DIR recht, dat spiirt een net esou, êt fillt een sêch am Stach gelooss, Haaptsaach, êt sê genug Better do, an d'Personal ka jo 60 Stonnen d'Woch schaffen a bereet sên wann da "Patiente" kommen den Dokteren, oder Medizinner geet êt genau esou, déi können nêt emol no hiire Patiente kucken well dann de Wartesall géing vollsêtzen, dobäi géing êt jo einfach goên op rdv, Een nom Aaneren, wou wär do de Probleem.. an d'Schüler missten an d'Schoul!! esou genug elo vu mir krit der nêt nömmen een Echo méi eng Stêmm mir brauchen nach méi esou Appeler und Mênschlechkeet de maulkuerf