LeserforumAn nach eng Kéier eis Revendicatiounen zu der Bréck am Neiduerf

Leserforum / An nach eng Kéier eis Revendicatiounen zu der Bréck am Neiduerf
 Grafik: VdL

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Emplacement vun der Bréck: Dëst ass dee Punkt, wou mir ëmmer drop higewisen hunn, dass et net déi richteg Platz ass. (Wann d’Madame seet en Donneschdeg, et géif net ëm d’Emplacement geschwat ginn.) D’Emplacement ass dat, ëm wat et geet. Plaz ass net bei dem Commerce a net bei de Leit. Jorelaang soe mir, dass et déi falsch Plaz ass, leider reagéiert keen drop.

Wou ass di berühmte Participation citoyenne? Sinn dëst net just nëmme Wierder? Kuckt ee just déi organiséiert Versammlung wéi op dem Cents, kann een net vu Participatioun schwätzten. Wéi wier et, wa mol eng Ëmfro (Referendum) gemaach géif ginn, ob d’Leit iwwerhaapt esou eppes wéi dës Bréck wëllen, anstatt dass alles hannert zouenen Dieren op dem Knuedler decidéiert gëtt.

Terrain, deen d’Gemeng kritt huet: Dës Gemeng huet iwwer 50 Ar vun der Brasserie Henri Funck kritt, fir eng Bréck ze bauen. Wat geschitt dann elo mat deem Terrain? (Sinn d’Leit hannert d’Liicht gefouert ginn?) Ginn se dësen Terrain dann elo erëm zeréck?

Alternativen: Wéi ass et, dass mir an all deene Joeren ni eng Alternativ presentéiert kruten? Mir hunn Alternative proposéiert, just dass eis Propositioune bannent zwee Deeg verworf gi sinn. Esou séier hu mir nach kee gesi schaffen zu Lëtzebuerg. Als Fazit kann ee soen, dass eis Alternativen ni, awer ni eescht geholl gi sinn.

Defiguratioun vun dem Quartier: Et kennt een d’Neiduerf mat enger Passerelle vun der Brauerei, awer net mat esou engem risege Bauwierk, wat de Charme vun deem ganze Quartier einfach futtimécht. Hei gëtt e risege Betonsklotz an den Hiwwel geplanzt, an dat gëtt da filigran genannt. En plus kënnt dann nach déi Pollution luminaire dobäi. Dës stéiert Leit ewéi Déieren an deem selwechte Mooss.

Zesummenhängende Bësch: Vun Dummeldeng bis erop an d’Neiduerf iwwert de Paffendall a Clausen ass dëst en zesummenhängende Bësch. Elo wëllen si deen einfach splécken, mat dem Seege vun de Gréngen. Net nëmmen de Bësch gëtt futtigemaach, mee och den Hiwwel, wou den Ënnergrond net esou stabil ass, wéi een sech dëst denkt. An där éischter Versioun vun dem PAG war dës Géigend nach als Zone à risque agedroen. Et gëtt gesot, dass ënnert der Bréck kee Bam ewechgemaach gëtt, mee dat brauchen se net, well déi ginn eleng futti. (Beispill: ënnert der Autobunnsbréck op der Kalchesbréck.) Besteet hei net eng grouss Gefor, fir déi Haiser, déi direkt niewent dësem Bauwierk stinn?

Wat soen eis Déieren dann an dësem Bësch? Se ginn einfach verdriwwen. En Ëmweltschäffe stéiert sech mol net un engem Uhu, dee staark gesetzlech geschützt ass. Eng Ëmweltetüd brauch laut dem Environnement net gemaach ze ginn, well et kee grousse Projet, laut hire Wieder, ass. Bei alles an dësem Land mussen Etüde gemaach ginn, just bei engem Projet, deen engem Schäffen an engem Gréngen an de Krom passt, brauch een dat net. Si mir scho wierklech esou wäit komm, dass Partei-, Persouneninteresse méi wäert sinn, wéi wat d’Leit eigentlech wëllen. Firwat brauch hei da kee PAP gemaach ze ginn?

Präis: De Präs schéint elo 24 Mio. Euro ze sinn. Wann een dann aner Projete kuckt, da wäert dëst sécher och net duergoen, da kommen nach ongeféier 35-50% dobäi. Da leie mir geschwë bei iwwer 30 Mio. Euro. War do net eng Kéier en DP-Mann, deen am Neiduerf stoung a sech geiergert huet, dass dee Projet vun der Bréck ze deier géif gi vis-à-vis vun deem, wat se bréngt. Dëst si Steiersuen, also eis alleguerter Suen. Déi soll een dach mat Bedacht ausginn.

Wou ass eng Käscht-Notzen-Analyse? Dëst hu mir ëmmer gefrot a sinn ëmmer schif bekuckt ginn an ausgelaacht ginn. Bei al seriöem Projet gëtt dach esou eng Analyse als éischt gemaach. Wann dës Bréck am Duerchschnëtt pro Dag vun zéng Leit benotzt gëtt, schéint et iwwerdriwwen ze sinn, esou eppes ze bauen. Woubäi ee weess, dass d’Gemeng de Vel’oh-System mat elektresche Veloen ausgestatt huet, wat de Steierzueler vill Sue kascht, obwuel dëse Locatiounssystem eis als gewënnbréngend verkaf ginn ass virun e puer Joer.

Versprieche gehalen: Dës rezent Ausso, erëm vun engem DP-Schäffen, deen op de soziale Medien sech bretzt mat dëser Ausso: „Versprieche gehalen“. Wiem huet dëse Mann dann e Versprieche ginn? Schaffen esou Leit just nëmme fir e Grupp vu Leit?

Keng Bréck iwwert d’Käpp vun de Leit am Neiduerf: Jo, se hu jo alles gemaach, dass se dës Haiser kafe konnten (egal wéi héich de Präis war an ass). Mee wat maache mir da mat deene Leit, déi riets a lénks vun dësem Bauwierk wunnen, déi keng Rou méi hunn, wann se an hirem Gaart sëtzen? Dës Leit si permanent engem Voyeurismus ausgesat, dee méi schiedlech ass, wéi dëst Bauwierk Notze bréngt. Se gi reegelméisseg belästegt mat dem Knascht an dem Kaméidi, deen duerch dës Bréck entsteet.

Touristesch Attraktioun: Dës Bréck ass eis ëmmer verkaf ginn, wéi wann se e Stéck wär vun engem Mobilitéitsplang. Leider gëtt et esou e Plang nach guer net. Wéi ass et dann, dass dëst op eemol als touristesch Attraktioun verkaf gëtt? Ass et net esou, dass just e puer Leit sech wëlle profiléiere mat esou engem Prestige-Bauwierk? Hei gëtt et dach bestëmmt besser Iddien, déi als touristesch Attraktioun kënnen entwéckelt ginn.

Privat Interessi: Huet hei net eng Vëlos-Entreprise en Interessen un där Bréck, sou dass hire Commerce sech ka besser entwéckelen. Als Alibi verstoppt dëse Betrib sech dann hannert enger Initiativ. Hei stellt sech Fro vun engem Interessekonflikt.

Ubannen un déi bestoend Vëlosweeër: Wann dës Bréck op dëser Plaz gebaut gëtt, ass et schwiereg, d’Connexioun un déi bestoend Weeër ze maachen a mat vill Opwand. Mee wéi ass et: „Et kascht, wat et kascht.“ Op der Säit vum Cents läit den Accès an der Brousse an op dem Weimeschhaff kënnt se an engem Bierg eraus, dee sécher kee Mënsch wëll eropdrécke mat dem Stoliesel. Dës Accèse leien allen zwee wäit ewech vun de Mobilitéitsinfrastrukturen.

Mir stellen eis d’Fro och, wéi et ass mat der Verhältnisméissegkeet. Et gëtt just eesäiteg gekuckt, no engem klenge Grupp vu Leit, an déi aner bleiwen op der Streck.

Als Ofschloss géife mir iech bieden, dësem Projet net zouzestëmmen. Dëse Projet mécht méi e grousse Schued, wéi en eppes bréngt.