D’Wierklechkeet spigelen a verzerren

D’Wierklechkeet spigelen a verzerren

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

No 14 Woche kënnt eis Serie iwwer zäitgenëssesch Literatur op en Enn. Mir schléissen of mat e puer Gedanken zu de Literaturpräisser, déi zu Lëtzebuerg an de leschte Méint verdeelt goufen, a kucken, a wéi engem Sënn sech Bicher wéi „Chamäleons“ vum Anja Di Bartolomeo, „Tel Mo“ vum Roland Meyer, „Aname“ vum Charles Meder an d’“Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“ vum Nico Helminger (wat schonns méi exhaustif an dëse Säite beschwat gouf) par rapport zu den auslännesche Wierker positionéiere loossen.

De lëtzebuergesche Roman bleift, fir de Gros vun de präisgekréinte Wierker, neonaturalistesch: Souwuel dem Roland Meyer säin „Tel Mo“ iwwert ee portugisesche Bouf, deen an engem Foyer lant, well d’Wierklechkeet e stänneg rose mécht, als och dem Charles Meder säin „Aname“, eng Novelle iwwert eng Persoun mat dissociativer Identitéitsstéierung, an dem Anja Di Bartolomeo seng aacht „Chamäleons“ hunn hir literaresch Wuerzele ferm am Buedem vun der Realitéit verankert – wat se mat deene meeschte Wierker, déi rezent am Ausland mat Präisser belount goufen, deelen.

Esou bleift dem Saunders säi „Lincoln in the Bardo“ mat sengem Ausfluch an d’Räich vun den Doudege leider eng Ausnam, d’national an d’international Jurye schénge mëttlerweil d’Postmodern als eng Klamer an der Literaturgeschicht ze gesinn a favoriséieren, wéi mer et an de leschte Woche gesinn hunn, nees historesch Romaner oder Wierker, déi sech mat der (politescher) Aktualitéit auserneesetzen – nëmmen dem Nico Helminger säi Menn (Servais-Präis) setzt am lëtzebuergesche Kontext dëser heiansdo e bësse groer Wierklechkeetsdoctrin seng Komplexitéit, säi Spill mat de Genres, mat den Ebenen, seng Fragmentéierung a seng Digressiounen, seng Verspilltheet an dat Verwurrelt entgéint a proposéiert ee permanent Verhandele vun der Wierklechkeetsduerstellung, vun der eegener Identitéit, vun der bürokratescher Langweil a vun der Konscht.

Et ass dat, wat bei ville vun den zäitgenëssesche Wierker feelt: d’Loscht un der Literatur, d’Erausfuerdere vun de Grenzen, déi eng Erzielung ausmaachen, an d’Ausnotze vun der struktureller, der formaler an der semantescher Inventivitéit, déi d’Literatur erlaabt an iwwerhaapt ausmécht.

Bei ville vun de präisgekréinte Wierker fënnt ee leider just Elementer vun enger verspillter Wierklechkeetsverzerrung, déi dann awer oft net konsequent genuch ausgenotzt ginn.
Esou feelt et engem Wierk wéi „Aname“ (Lëtzebuerger Buchpräis), wat vu senger dueller Struktur wéi och duerch säi Plottwist duerchaus intressant ass, u literarescher Maîtrise. D’Figure wierken heiansdo ewéi ee blousse Virwand, dem Auteur seng divers Iddien an Usiichten ze entwéckelen – hei kënnt eng e bësse schoulesch Analys vum Homo Faber, do eng Literaturkritik vum Schätzing sengem „Schwarm“, dann nees gesellschaftlech oder philosophesch Analysen, déi u sech duerchaus intressant sinn, mä déi mat Momenter d’Handlung an d’Struewele bréngen.

D’Onzouverlässegkeet vun der Haapterzielinstanz – dem Jule – setzt vun Ufank un eng intressant Situatioun, well d’alternativ Erzielform – mir kréien dem Jule an dem Brudder Thilo hir Versioun vun der Story geliwwert – et dem Auteur natierlech erlaabt, mat der erzielter Wierklechkeet ze spillen. Leider fänkt grad dat Spill iergendwann un, sech ze vill ze widderhuelen, well d’Dichotomie – de rationellen, kalen Thilo an dat verdreemtent Jule – un e bësse flaache Figuren uneckt, déi sech zudeem an enger genee esou flaacher, wéineg spannender Sprooch ausdrécken: Dem Jule säi Kanada-Exkurs kléngt e bësse wéi aus enger Touriste-Broschür.

Zudeem verfält de Roman um Schluss, wann d’Jule a Kanada ass an dem Thilo säi Bléck op d’Realitéit ewechfält, an dem Jule seng halluzinatoresch Wierklechkeetsopfaassung. Dass dat sécher alles esou gewollt ass – d’Jule ass eng vun den nervegste Figure vun der rezenter Literaturgeschicht, an eleng dofir muss een dem Charles Meder gratuléieren, et war nämlech bestëmmt net liicht, sech während dem Schreifprozess mat em erëmzeploen –, ännert näischt drun, dass zu kengem Zäitpunkt Empathie fir d’Figuren entsteet an den Text mat Momenter onbehollef ass.

Ewech vum Roman?

Opfälleg ass, wéi mat de genereschen Denominatioune gespillt gëtt: „Aname“ wëll eng Novelle vun 195 Säite sinn, dem Roland Meyer säin „Tel Mo“ ee „Kannerbuch fir erwuesse Leit“ a beim Nico sengem Menn ass am Titel vun enger „Kuerzer Chronik“ riets, ënnen um Deckel steet dann awer Roman, an nach drënner, a méi bleechgroe Buschtawen, „Erzielungen“: Iergendwéi wëll kee méi e klassesche Roman schreiwen, mat Ausnam vum Menn Malkowitsch bleiwen d’Texter, déi sech hannert de Bezeechnunge verstoppen, awer relativ klassesch.

„Tel Mo“ vum Roland Meyer (Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch) berout op dem narrativen Trick, sengem jonken Erzieler Saachen an de Mond ze leeën, déi aus enger bewosst naiver Perspektiv dann eng krass Wierklechkeet erëmginn: Esou erzielt den Telmo vu sengem Papp, dee seng Mamm verlooss huet, vun der Mamm hirem „Neien“ (dee fir den Telmo och no Joren nach den „Neien“ ass), dee si ëmmer an de Restaurant invitéiert, mä den Telmo ni mathëlt, vum Deal mat Séissegkeeten am Schoulhaff, de schlechten Notten, dem Foyer, dem Diana, wat op eemol net méi mat him, mä mat sengem Kolleg, dem Rafael, zesummen ass – a vun där Roserei, déi sech stänneg an him manifestéiert an hien ëmmer dozou verleet, „voll krass“ Saachen ze maachen – wéi zum Beispill dem „Neie“ säi Mupp mathëllef vun engem Wirschtchen zur Fënster erauszepuchen.

Duerch den naive Bléck vum Telmo gëtt d’Erwuessenewelt an all hirer gesellschaftlecher Absurditéit duergestallt – Gewalt, Alkoholismus a Rassismus, Immigratioun schéngen an der gefilterter Kannerwelt duerch, de Meyer weist, wéi d’zäitgenëssesch Kandheeten ënner anerem duerch Technologie a sozial Netzwierker schonn immens fréi an d’Melancholie an den Egalwat vum Erwuessesinn geheit ginn. Zwar ass den narrativen Trick, duerch Naivitéit e schounungslose Bléck op d’Welt ze geheien, alles anescht wéi nei an dem Meyer säin Text och net ëmmer ganz fräi vu Klischeeën a moralesche Lektiounen, „Tel Mo“ bleift awer nawell en agreabele Liesmoment

Intressant ass beim „Tel Mo“, wéi de Meyer sozial Netzwierker notzt, fir senger Figur iwwert d’Grenze vum Buch eraus eng Existenz ze ginn: Genee wéi beim Grégoire Bouillier sengem „Le Dossier M“, wou den Auteur op engem Internetsite säi Projet mat Texter ergänzt huet, huet de Meyer dem Telmo ee Facebook-Profil erschaf, op deem seng Existenz weidergefouert gëtt. Eng duerchaus intressant Aart, géint d’ontologesch Beschränktheet vun der Fiktiounsfigur, déi jo oft am Buch agespaart bleift, ze sprengen, ënnert der Bedingung, dass déi virtuell Existenz net just ee PR-Gag ass an d’Editeuren an Zukunft net d’Mauere vun eise Facebook-Profiler mat Fiktiounsfiguren zouspammen.

Bei „Chamäleons“ (Gewënner vum Nationale Literaturconcours) ginn aacht Existenzen an enger ufanks banaler Alldagssituatioun ëmrass, aus där se dann erausgerappt ginn: De Konstantin kritt en neie Büro, an deem seng Mataarbechter en no an no vergiessen, de Paul begéint dem Dout an engem Hawaii-Hiem um Fluchhafen, d’Marie steet all Dag um Postbüro a kritt sech net dozou entscheet, säi Bréif fortzeschécken, d’Clara gesäit am Spidol ee sadistesche Proff aus der Vergaangenheet a muss entscheeden, ob et dem kriibskranke Mann seng lescht Liewensnuecht mat Medikamenter erliichtert oder net, de Leo schafft am Familljebetrib a muss dowéinst an enger Geeschterbunn d’Leit erschrecken, de Clemens kritt de wichtegsten Dag vu sengem Beruffsliewen duerch eng dement Madamm uerdentlech versaut an d’Charlotte erënnert sech u seng Studienzäit an un ee Kolleg, deen heiansdo einfach verschwënnt – a vun Depressioune geplot ass.

D’Entstelle vum Alldag, dat schnellt Entgleise vun eben dësem Alldag an eppes oft Beonrouegendes, heiansdo och Witzeges gëtt vum Anja Di Bartolomeo op eng geschéckt Aart a Weis agefaangen – d’Kuerzgeschichte weisen drop hin, wéi séier de Konsens vun deem, wat d’Wierklechkeet ass, an d’Erwaardung dorun, wéi mer eis Existenzen ze féieren hunn, ka kippen. Wéi mer eis all upassen, a wéi mer hannert där Fassad eis futtis Existenze pléischteren. D’Auteurin fänkt genee déi Momenter an, wou d’Fassad bréckelt an eppes méi Éierleches, awer och méi Ellenes un d’Dagesliicht kënnt.

Heiansdo sinn d’Formuléierungen iwwerspëtzt, verschidden Adjektiven an Adverbe kommen ze oft erëm (jidderee „presst“ dauernd iergendeppes) an d’Dialoge wierken heiansdo onnatierlech a versichen ze krampfhaft, aner Idiomer ze erfannen, oft geléngt et der Auteurin awer, d’Banneliewe vun hire Figuren an enger präziser, billerräicher Sprooch anzefänken an esou Theme wéi Einsamkeet, Depressioun an d’Langweil vum Alldag an aacht gelongene Liewensfragmenter ze verbildlechen.

Am Laf vun den nächste Woche sëtze mir eis an eise Kultursäite mat rezente lëtzebuergesche Verëffentlechungen auserneen a beliichte se ënnert dem thematesche Bléckpunkt vun dëser Serie.