Geléinte Wierder (11)Wierder aus Indien

Geléinte Wierder (11) / Wierder aus Indien
 Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Um indesche Subkontinent gëtt et vill verschidde Sproochen. Di eng gehéieren zur selwechter Sproochefamill, déi aner net. Hindi ass iwwert d’Sanskrit ganz wäitleefeg Famill och mam Lëtzebuergeschen. Anescht gesäit et awer bei den Tamilsproochen zum Beispill aus, déi separat stinn. Nieft Curry, dat ursprénglech einfach eng Zooss am Tamil bezeechent huet, Yoga oder Guru (dem spirituelle „Chef”), bei deenen et direkt kloer ass, datt se vum indesche Subkontinent kommen, gëtt et awer och eng Rei aner Wierder. Déi Wierder, déi scho fréi geléint gi sinn, sou wéi den Zocker, sinn iwwert de Landwee komm, meeschtens iwwert d’Arabescht. Déi méi rezent Wierder koumen awer bal all ouni Ausnam iwwert d’Englescht (an iwwert d’Mier).

Mat engem Glas Punsch am Pyjama vrum Bungalow

Geléinte Wierder

An dëser Rubrik wëll den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Iech episodesch virstellen, wat d’Lëtzebuergescht alles fir geléinte Wierder huet, wou se hierkommen, wisou mer se hunn a wéi mer se kritt hunn. Dobäi gëtt virun allem d’Originn als déi Sprooch, wou e Wuert hierkënnt, thematiséiert, mee heiansdo awer och déi Sproochen, déi de Moyen fir d’Iwwermëttlung kënne sinn, an heiansdo, well et awer emol passt, ginn d’Wierder och no Bedeitungsfelder virgestallt.

Bei enger Rëtsch Wierder ass et manner evident, fir direkt erauszefannen, ob se vu méi wäit fort kommen, virun allem, wann et se quasi a ganz Europa (an driwwer eraus) gëtt. Heibäi gehéiert virun allem d’Wuert Pyjama, dat et an der Form pajama an enger Hindustani-Sprooch an Indie gouf an dat vun do aus mam Englesche mat an Europa komm ass. D’Wuert selwer kënnt awer net direkt aus Indien, mee wuel aus dem ale Persien.

En anert Wuert aus Indien ass de Punsch, deen et mol waarm oder kal gëtt. D’Wuert ass duerch englesch Séimänner verbreet ginn a kënnt vum Hindi-Wuert panc (ausgeschwat pantch), wat fënnef bedeit. D’Gedrénks gouf esou benannt, well et ursprénglech aus fënnef Komponenten zesummegesat war. Och d’Wuert Bungalow kënnt vun der indescher Hallefinsel, genee gesot aus dem Bengaleschen. Et huet do ganz einfach en Haus bezeechent, dat eben esou gebaut war, wéi een haut e Bungalow kennt. Anescht gesäit et awer mam Dschungel aus. Dëst Wuert kënnt aus dem Hindi, nämlech vun jangal, wou et eng Wildnis bezeechent. Un de Wierder Dschungel a Punsch gesäit ee gutt, datt se iwwert d’Englescht gaang sinn, well do „u“ als „a“ gelies ginn ass. Spriecher vun anere Sproochen hunn et dono ausgeschwat, wéi se et gelies hunn.

Eemol ronderëm d’Welt

 Grafik: Editpress

En intressante Wee huet d’Wuert Veranda hannert sech. An den zentral- a westeuropäesche Sprooche kënnt d’Wuert aus dem Engleschen, dat et aus dem Bengaleschen (oder och dem Hindi) huet, wou een et ënnert de Forme baranda resp. varanda fënnt. Et ass awer esou, datt dëst Wuert ursprénglech aus Europa kënnt, an zwar aus dem Portugiseschen oder Spueneschen. Wéi bei esou muenche Wierder aus der Expansiounszäit vun de Spuenier a Portugisen, kann een net ëmmer soen, aus wéi enger Sprooch genee e Wiertche kënnt. Sou gëtt et dat japanescht pan an dat koreanescht ppang – béid bezeechne Brout –, Wierder, déi entweeder aus enger eelerer Form vum Portugiseschen oder dem Spuenesche kommen (wéi et nach net pão, mee pan am Portugisesche war). Genee esou och ass d’Wuert varanda op den indesche Subkontinent komm. Ursprénglech ass et awer eng Ofleedung vum Wuert vara, dat eng Holzlat bezeechent. Eng Veranda war also dat, wat aus Holzlate gemaach ginn ass.