Geléinte Wierder (9)Wierder aus dem Arabeschen (Deel 1)

Geléinte Wierder (9) / Wierder aus dem Arabeschen (Deel 1)
 Foto: Editpress/Hervé Montaigu

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Vill vun deene Wierder, déi een deeglech benotzt, komme vu wäit hier, wéi zum Beispill de Ketchup aus China, wéi schonns erkläert ginn ass. Et kommen der awer och eng jett aus dem Orient. Et ass dobäi ganz spannend ze gesinn, datt eng sëllege Wierder hiren Uersprong am Arabeschen hunn.

Wäin aus dem Jemen

Geléinte Wierder

An dëser Rubrik wëll den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Iech episodesch virstellen, wat d’Lëtzebuergescht alles fir geléinte Wierder huet, wou se hierkommen, wisou mer se hunn a wéi mer se kritt hunn. Dobäi gëtt virun allem d’Originn als déi Sprooch, wou e Wuert hierkënnt, thematiséiert, mee heiansdo awer och déi Sproochen, déi de Moyen fir d’Iwwermëttlung kënne sinn, an heiansdo, well et awer emol passt, ginn d’Wierder och no Bedeitungsfelder virgestallt.

De Kaffi ass hautdesdaags bal net méi aus dem Alldag ewechzedenken an en ass fir vill Leit essenziell an hirem Dagesoflaf. Am Lëtzebuergesche schwätzt ee vum Kaffi drénken, egal, ob ee Kaffi drénkt oder Téi. Och d’Dageszäit spillt keng Roll, Kaffi gëtt moies an owes gedronk. Interessant ass awer, datt d’Wuert Kaffi iwwert dat Franséischt an d’Lëtzebuergescht komm ass, genee wéi d’Wuert Mokka, mee och aner Wierder, déi eppes mam Iessen ze dinn hunn. Dës zwee Wierder kommen awer aus dem Arabeschen an hunn zum Deel e wäite Wee hannert sech. Et ass unzehuelen, datt virun allem d’Tierkescht (oder Osmanescht) hei eng wichteg Roll an der Diffusioun gespillt huet. D’Wuert Kaffi kënnt vum arabesche qahwa, dat ursprénglech de Wäin bezeechent huet. Datt mir vu Kaffisboune schwätzen, huet dobäi näischt domadder ze dinn, datt dës Kären ewéi Bounen ausgesinn, mee d’Friichte vum Kaffisbam goufen am Arabeschen als Kiischten – also bunn – bezeechent. Hannert dem Wuert Mokka verstoppt sech den Numm vun enger Stad um Roude Mier am Jemen, al-Muha. Dëst war fréier eng vun deene wichtegsten Handelsplaze fir Kaffi.

Den Admirol ass net méi ganz bei sech

 Grafik: Editpress

Vill vun deene moderne militäreschen Titele sinn duerch d’Franséischt verbreet ginn, mee se sinn net all Franséisch an hirer Originn. De Maréchal zum Beispill kënnt aus dem Germaneschen a bezeechent ursprénglech e Päerdskniecht. Den Admirol, dee kéint aus dem Arabeschen, nämlech vum Wuert amir, dat e Befeelshaber bezeechent huet. Dëst Wuert lieft haut weider an der Bezeechnung Emir, vun deem och Emirat ofgeleet ass (wéi a Vereenegt Arabesch Emirater). Bei verschiddenen anere Wierder erkennt een, datt se aus dem Arabesche kommen, well se mat engem al- ufänken (den arabeschen Artikel), sou wéi Alkohol oder och Algorithmus. Dëse leschte Begrëff gouf no engem gewëssenen al-Chwarizmi benannt, deen aus dem ale Choresmien stame soll (haut wier dat tëscht Uzbekistan an Turkmenistan). Den Alkohol koum iwwert d’Spuenescht, dat am fréie Mëttelalter vill Kontakt mam Arabeschen hat, an d’Franséischt an d’Lëtzebuergescht eran. Dobäi bezeechent d’Wuert al-kuhl am Arabeschen awer ursprénglech e Pudder, dat geholl ginn ass, fir d’An ze schminken. D’Wuert ass awer nach eng Grëtz méi al a kënnt warscheinlech aus dem Akkadeschen (guhlu), enger vun deenen eelste beluechte Sproochen op der Welt, déi och zu där selwechter grousser Sproochefamill gehéiert wéi d’Arabescht.

Och den Hasch(isch) kënnt aus dem Arabeschen, wou d’Wuert d’selwecht klengt, mee primär iergend ee Kraut oder Gras bezeechent.