Leserforum„Wat fir e battere Verloscht!“

Leserforum / „Wat fir e battere Verloscht!“
 Foto: Editpress/Gerry Schmit

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Haut vrun aacht Deeg ass den Dan Theis gestuerwen!

All déi, déi och nëmmen eemol mat him ze dinn haten, kënne sech net virstellen, datt deen iwweraus aktive Mënsch a beschtem Alter Bekanntschaft mam Doud hat. Den Dan war den 21. August op sengem gewinnten, bal deegleche Vëlostour béis gefall: Et huet sech erausgestallt, datt hien d’Affer vun engem Häerzinfarkt gi war …

Zanterhier huet hien iwwer véier Méint, véier onendlech laang Méint, op engem Kliniksbett, géint der Doud gekämpft. Säi spréchwiertleche Wëllen huet näischt gedéngt. De 29. Dezember huet him d’Liewen en tragesche Streech gespillt …

Seng Fra Nathalie, mat deer hien 30 Joer bestuet war, huet en häerzensgudde Mann verluer; seng Kanner, de Luca an d’Sara, kräischen ëm de Verloscht  vun hirem groussaartege Papp … Hiren enorme Misär ass mat näischt ze vergläichen.

Si verstinn awer bestëmmt, aus Léift fir den Dan, datt him säin Doud, dem Futtball, senger ausseruerdentlecher Passioun, en terrible Schlag versat huet … Den Dan ass de selwechten Dag gestuerwen wéi de Pelé, sou wéi wann d’Schicksal mat Nodrock hätt wëllen ënnersträichen , datt dem „klenge“ Lëtzebuerger säi Spill bei eis grad sou vill Bedeitung hat wéi dem Superstar seng Influenz op Weltniveau!

De Signataire vun dësem Noruff géif et woen, ze behaapten, datt de klengen Theis als en iwwerzeegten „Jeunesse“-Mann op d’Welt koum (gebuer den 11.9.1967) an et och säi Liewe laang bliwwen ass, egal wéi ville Veräiner hien dono als Spiller oder Trainer virugehollef huet.

Säi Papp, de Mars, war schonn eng wichteg Figur an der grousser Jeunesse-Equipe vun de 50- a 60-er Joren (zesummen mat Steffen, Pascucci, May, Meurisse, Schaack, Mond a.s.v.). Den Dan selwer huet 279 Mol fir seng Equipe gespillt. Wann hie mat senge Kolleege Jemp Barboni, Denis Scuto (a wéi se all geheescht hunn) op den Terrain koum, huet een him d’Freed schonn am Gesiicht ofgesinn.

Iwwer all eenzelne Gol vun deenen 112, déi hie fir „seng“ Jeunesse geschoss huet, konnt hie sech freeë wéi e klengt Kand. Siwemol war den Dan Champion mat der Jeunesse, dräimol huet en d’Coupe de Luxembourg mat senger Häerzensequipe gewonnen an als Jeunesse-Spiller koum hien op 35 Selektiounen an der Nationalequipe.

Als Trainer huet hien net nëmmen dräi Joer laang mat den U-19 geschafft, als Coach vun Déifferdang huet hien och d’Coupe de Luxembourg zweemol gewonnen. Als Coach war hien iwwregens vun alle grousse Lëtzebuerger Veräiner (Jeunesse, Diddeleng, Hesper a.s.v.) e gesichte Mann.

Ënner senger Leedung ass Hesper an d’Nationaldivisioun geklommen, woufir hien awer (an dat huet terribel wéi gedoen) vu senge sougenannten Dirigenten de Stull vrun d’Dier gesat krut, obschonn hien nach ee Joer Kontrakt hat!!!

Datt säi Bouf, de Luca, och mat Häerz Futtballer war, versteet sech vum selwen: Hie war Golkipper vun de Jugendselektiounen U-15 bis U-19.

Wéi Futtball-begeeschtert den Dan Theis war, weess jiddereen, deen och nëmmen eng Kéier mat him iwwer seng Leidenschaft diskutéiert huet. Säi gudde Frënd Guy Hellers war ee vu senge léifste Gespréichs-Partner, a perséinlech hate mir och d’Chance, jorelaang, quasi all Dag, mat him iwwer Futtball ze poteren …

Et bleiwen haut onvergiesslech Erënnerungen!