This Hard Minett LandMy Hometown (Erënnere mech)

This Hard Minett Land / My Hometown (Erënnere mech)
 Illustration: Dan Altmann

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Erënnere mech un de Geroch vu waarmer Mëllech.

Erënnere mech un d’stolen Nuese vu mengem Papp senge Schong.

Erënnere mech un de Plënnerwon, an deen eis ganz Wunneng eragepasst huet.

Erënnere mech un d’gréngt A um Radio.

Erënnere mech drun, datt mäi Papp sot: Hei ass lo däin neit Doheem.

Erënnere mech un d’hëlze Bänken am Zuch.

Erënnere mech, datt ech onbedéngt eng rout Trottinett wollt hunn.

Erënnere mech un der Spillschoulsjoffer hir déck Brëlleglieser, hannert deenen hir Ae kleng ware wéi d’Reséngen um Boxemännchen.

Erënnere mech un d’Käschten, déi ech opgeraaft hunn an un d’Männercher, déi ech draus gemaach hunn.

Erënnere mech un d’Lokomotiven, déi mer vun der Gare hier schwéiren Damp entgéint geblosen hunn.

Erënnere mech un déi stëbseg Diecher an un de Mann, dee sot: Et mengt een, et wär hei e Vulkan ausgebrach.

Erënnere mech drun, net gewosst ze hunn, wat e Vulkan wär.

Erënnere mech un d’Fraen am Coiffeurssalon, déi ënnert risegen Hauwen an der Rei souze wéi um Wee op en anere Planéit.

Erënnere mech un d’Schmelzentut.

Erënnere mech u mengem Papp säi Kuuschtesak an un d’Wuert „Huesebrout“.

Erënnere mech un d’Äis am Béiermann sengem Won; schwéier Bléck, vun deenen hie kleng Stécker rofgehaen huet, gratis Glacë fir d’Kanner.

Erënnere mech un déi déck Seeler am Turnsall.

Erënnere mech drun, datt mer an der Schoul wochelaang geflecht hunn, woubäi d’Musteren ëmmer méi komplizéiert an d’Pabeiersträifen ëmmer méi schmuel goufen.

Erënnere mech un e Meedchen, dat Nadine geheescht huet.

Erënnere mech un d’Biller am Schockela, op deene Leit ware mat schwaarzer Haut a risegen Tellerlëpsen.

Erënnere mech un d’Äisblummen a menger Kummer.

Erënnere mech un eng Kap mat engem hellgréngen, duerchsichtege Stuerz, deen ech wéi e Sonnebrëll virun d’Aen zéien konnt.

Erënnere mech un en Zauberer, deen an enger Wiertschaft eng déck Bull schwiewe gelooss huet.

Erënnere mech un den Douanieren hiert Haischen, un d’Barriär virdrun an u mäi Papp, dee sot: Déi wäerten dach net mengen, mer wäre Schmuggler!

Erënnere mech un eng Reklamm fir „Maryland“ op engem Plakat niewent der Bensinsstatioun.

Erënnere mech drun, datt mäi Papp „F6“ gefëmmt huet.

Erënnere mech u „Bonux“ an „Extra“, Seefepolver mat all Kéier engem klenge Kaddo am Pak.

Erënnere mech un e Mineur, dee Martini geheescht huet, an en aneren, dee sot: E Martinni ass nach méi schlëmm wéi e Knëppel.

Erënnere mech u Männer mat schwaarze Gesiichter.

Erënnere mech u „Leck Salz, da gëss de duuschtereg!“

Erënnere mech un e Mann mat engem décke Bauch, deen déck Zigare gefëmmt an Timbere gesammelt huet.

Erënnere mech drun, datt meng Mamm sot: Ass d’Loft hei net scho verpescht genuch!

Erënnere mech un d’Vëloe vun den Aarbechter, un dat soueregt Geräisch vun de Rieder, e bësse wéi d’Gesumms vun engem iwwerdimensionale Beieschwaarm.

Erënnere mech un d’Sëlwer un der Uewepäif.

Erënnere mech un d’Buggien, déi héich iwwer der Wiss geschwieft sinn, wou mer e Schaz vergruewen hunn.

Erënnere mech un d’Tour-de-Francen an der Sandkaul, bei deene jiddereen de Charly Gaul wollt sinn.

Erënnere mech drun, datt ech an der Schoul nach manner gär gepickt hu wéi geflecht.

Erënnere mech u menger Mamm hire Schnéibiesem.

Erënnere mech un e Cortège, wou ganz vill Museken opmarschéiert si mat ganz haardem Getrommels.

Erënnere mech u „Café Arbo“.

Erënnere mech, datt ech mat der Zong un e wackelegen Zant gaang sinn an datt d’Joffer gefrot huet: Wat hues de do am Mond?

Erënnere mech un d’Wuert LAV, dat, wéi ech gesot krut, kee Wuert war, mee eng Ofkierzung aus dräi Buschtawen.

Erënnere mech u mengem Papp seng al Kap um Schnéimännche virun der Dier, déi den Dag drop geklaut gouf.

Erënnere mech un de Camion, deen en décke Koup Kuele virun d’Dier getippt huet.

Erënnere mech um Mëllechmann seng Päif.

Erënnere mech un d’Stëmm vum Charles de Gaulle, deen am Radio geschwat huet an dee verschiddener vun eis mam Charly Gaul verwiesselt hunn.

Erënnere mech u mäin éischte Revolver an un d’Revolvertäsch mat de Fränjelen.

Erënnere mech un d’Duch, mat deem meng Mamm no den Harespele geschloen huet, wa Gebeess gekacht gouf.

Erënnere mech un eng Nopesch, déi, verwonnert driwwer, datt mär Räis iesse géifen, sot: Där sidd dach awer keng Chineesen!

Erënnere mech drun, datt mäi Papp eng Zeitung abonnéiert hat, déi „Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek“ geheescht huet.

Erënnere mech u „Biergleit fréi op, ruffe Gléck op“.

Erënnere mech un en décke Rouer iwwer den Diecher vun den Haiser an der Hiel.

Erënnere mech drun, datt meng Mamm zu mer sot: Mengs du, du wäers a Barongs op d’Welt komm?

Erënnere mech drun, datt mäi Papp sot, den Hüttepolizist hätt him an de Kuuschtesak gekuckt.

Erënnere mech u Päiperleken an eidele Kachkéisdëppercher.

Erënnere mech un e roude Bonux-Cowboy, deen de Bennie mat engem geklaute Briquet a Brand gestach huet.

Erënnere mech un e Frënd vu mengem Papp, deen op der Schmelz en A verluer hat, an deen „de Pirat“ genannt gouf.

Erënnere mech un den Donst an der Wäschkichen.

Erënnere mech u Quetschekrautsschmieren.

Erënnere mech drun, datt meng Mamm dacks sot: Dat kënne mer eis net leeschten.

Erënnere mech un d’Gummisstiwwelen, déi mer an der Schoul ausgedoen an an der Garderob an d’Rei gestallt hunn.

Erënnere mech drun, datt mäi Papp mueres um hallwer 5 scho beim Kaffi souz.

Erënnere mech drun, datt hie sot: D’Fola ass e Manchettëclub.

Erënnere mech un eng Wiertschaft, déi voller Damp war, wéi wa se matten an der Schmelz stéing.

Erënnere mech un d’Madame Simonelli, déi éiweg e Schal um Kapp hat, an am klengen Haff hannenaus Teppecher geklappt huet.

Erënnere mech un Nuddelen, bei déi een e Schwaarze-Péiter-Kaartespill bäikritt huet.

Erënnere mech un dem Metzler Konnen säi grousst Messer an un d’Rëndelcher, déi mer kruten.

Erënnere mech un d’Kraachen, dat vum Schlakentipp hierkoum, nuets, am roude Reen.

Erënnere mech u Bëschäerdbier.

Erënnere mech un opgewullte Buedem.

Erënnere mech drun, datt mäi Papp zu mer sot: Do ni e bloe Kostüm un!

My Hometown

I was eight years old and running with
A dime in my hand
To the bus stop to pick up a paper
For my old man
I’d sit on his lap in that big old Buick
And steer as we drove through town
He’d tousle my hair and say „Son take a good look around
This is your hometown“
This is your hometown
This is your hometown
This is your hometown

In ‘65 tension was running high
At my high school
There was a lot of fights between the black and white
There was nothing you could do
Two cars at a light on a Saturday night
In the back seat there was a gun
Words were passed, in a shotgun blast
Troubled times had come
To my hometown
My hometown
My hometown
My hometown

Now Main Street’s whitewashed windows
And vacant stores
Seems like there ain’t nobody
Wants to come down here no more
They’re closing down the textile mill
Across the railroad tracks
Foreman says these jobs are going boys
And they ain’t coming back
To your hometown
Your hometown
Your hometown
Your hometown

Last night me and Kate we laid in bed
Talking about getting out
Packing up our bags, maybe heading south
I’m thirty-five, we got a boy of our own now
Last night I sat him up behind the wheel
And said „Son take a good look around
This is your hometown“

Bruce Springsteen
(from the album Born in the USA, 1984)
© Sony Music Group/Eldridge

Zum Auteur

Den Nico Helminger, 1953 zu Déifferdeng gebuer, huet zu Saarbrécken, zu Wien an zu Berlin Literatur an Theater studéiert, huet bis 1999 zu Paräis gelieft, ass elo rëm zu Lëtzebuerg. Hien huet Gedichter, Theaterstécker, Erzielungen, Libretti fir Operen a Romaner publizéiert. 2008 krut hie fir säi Gesamtwierk de Batty-Weber-Präis. Zu senge rezente Wierker zielen: „abrasch“, Lyrik, 2013 (Servais-Präis 2014); „Autopsie“, Roman, 2014; „Be our guests“, Theater, 2015; „Et le jour prend forme sous ton regard“, Danztheater, 2016; „Flakka“, Erzielung, 2016; „Aricia“, Theater, 2017; „Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“, Roman, 2017 (Prix Servais 2018, Lëtzebuerger Buchpräis 2018); „Namen“, Gedichter, Konschtbuch vum Robert Brandy, 2020.

This Hard Minett Land

Von März bis Oktober 2022 laden das Tageblatt, das Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) und capybarabooks die LeserInnen jeden Freitag zu einer besonderen Entdeckungsreise durch Luxemburgs Süden ein. Rund vierzig SchriftstellerInnen und HistorikerInnen lassen sich von Bruce Springsteens Songs inspirieren und schreiben Texte über das luxemburgisch-lothringische Eisenerzbecken, de Minett, sowie über diejenigen, die dort geboren oder dorthin eingewandert sind, dort gelebt, gearbeitet, geliebt, geträumt, gehofft, gekämpft, Erfolg hatten oder gescheitert sind. Begleitet werden die Texte in deutscher, englischer, französischer und luxemburgischer Sprache von Illustrationen des Luxemburger Künstlers Dan Altmann. Im Herbst erscheinen sämtliche Texte und Zeichnungen dann versammelt in Buchform bei capybarabooks. Bis dahin heißt es: „Son, take a good look around/this is your … Minett Land!“