Montag3. November 2025

Demaart De Maart

EschGeschicht vun enger Frëndschaft an de Faarwe Schwaarz a Wäiss

Esch / Geschicht vun enger Frëndschaft an de Faarwe Schwaarz a Wäiss
Den Dominique Di Genova (M.) op der Tribün vu senger Jeunesse, flankéiert vum haarde Kär vun alen, ganz gudde Frënn a fréiere Matspiller Henri Tornambe, Jeannot Schaul, Jules Vinciotti an Armand Kirsch Foto: Jeff Lahr

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Vrun enger Zeit war et usus, datt virun de Matcher op der Escher Grenz déi al Gréissten dem Publikum virgestallt a geéiert goufen. Ob den Dominique Di Genova, Ofkierzung „Méni“, och schonn derbäi war, wësse mär net, ma fir sécher ze goen, wollte mär him, deen entretemps scho ganzer 81 Joer al ass, déi Éier nach eng Kéier zoukomme loossen!

Hien ass a bleift wäit iwwer d’Grenz eraus e Begrëff fir vill Leit, Spiller, Zuschauer, Arbittere compris, a verdingt, datt mär seng 11 Joer laang erfollegräich Carrière bei senger Jeunesse hei Revue passéiere loossen. Nieft all sengem Talent als béidféisseg Lénksband, senge Goalgetterqualitéiten a senger Iwwersiicht als Passeur ass et awer nach eng aner mënschlech Qualitéit, déi et verdingt, hervirgehuewen ze ginn, an zwar seng absolut Trei zum Verein, an enger Zäit, wou déi haiteg Spiller fir ee puer Euro méi den Trikot méi schnell wiessele wéi anerer d’Hiem!

Och no senger aktiver Carrière ass de Méni senger Jeunesse als Supporter trei bliwwen. Esou kënnt Dir hie bei quasi all Heemspill uewen op der Tribün sëtze gesinn, flankéiert vun engem haarde Kär vun alen, ganz gudde Frënn a fréiere Matspillerkolleegen, déi him elo am Alter op eng bemierkenswert Aart a Weis zur Säit stinn an hie begleeden! Si hu sech hiren Equippegeescht iwwer déi lang Joren erhalen a sinn ee fir deen aneren do!
Et gi Seelschaften, déi halen op Dauer net, mee déi lang Fussballsschongstréckelen hei si bis haut net gerass!

All Respekt a Chapeau!

Dru gewinnt, mat Zuelen ëmzegoen a sech och haut nach domadder ofzeginn, huet hie sech ee gutt Gediechtnes erhalen a weess vill ze erzielen. Hien drënkt weiderhi keen Alkohol, a sécherlech ass seng gutt „Hygiène de vie“ och eng vun den Ursaachen, firwat hien ausser sengem Aeleiden nach ëmmer bei beschter Gesondheet ass.

„Meng Oe loosse mech am Stach, an et ass näischt dergéint ze maachen“ sot eis de Méni am Ufank vum Gespréich. Dat ass sonner Zweiwel een eschten Handicap, ma mär hunn hien domat versicht ze tréischten, andeems mär him verséchert hunn, datt déi nostalgesch Biller vu fréier, déi hien, an iwwregens vill vun den ale Jeunesser am Kap mat ronderëm droen, wäit méi schéin dierfte si wéi déi Szenen, déi sech elo e bësse verschwommen a liicht ondäitlech fir hien ënnen um Terrain ofspillen … !

Ech hunn him dunn d’Fro gestallt, op hien dann eigentlech och, wéi säi Numm et undeit, vu Genua wier an ob hien zur Sampdoria oder dem Genoa hale géif? „Nee guer net“, sot hien an huet mer erkläert, datt seng Eltere vun Aquila aus den Abruzzen an d’Land koumen an datt hie selwer virun elo 81 Joer zu Déifferdeng gebuer gouf. Mat 16 Joer schon huet de Méni, dat ass d’Ofkierzung vun Dominique, am Uewerkuerer CSO zesummen mat sengen dräi Bridder éischt Equipe gespillt. 1963 ass hien da mat 21 Joer bei d’Jeunesse komm, déi op säin Talent opmierksam gi waren, an huet do 11 Saisone laang erfollegräich gespillt. Durch Vermëttlung vun der Jeunesse ass hien als Geometer op der Arbed ugestallt ginn – ee Beruff, fir deen de Méni ëmgeschult gouf an huet missen noléieren, nodeems hie säi fréieren Job als Plätterchersleeër an Entrepreneur mat Meeschterkuart opginn hat. Dëst huet him erlaabt, besser kënnen ze trainéiere respektiv ze recuperéieren. Mat der Jeunesse gouf hien dunn net manner wéi sechsmol Champion an huet zweemol d’Coupe gewonnen. Hei, an engem vum Dr. Aachen an anere gutt gefouerte Club, huet hie sech wuel gefillt, esou datt fir de Méni ni een anere Veräin a Fro koum, obschonn Alliance, Spora an Alliance un him interesséiert waren.

50 Joer sinn et hier …

Deen allerschéinste Moment a senger Carrière wier awer, sot hien, den 1:1 am Hispill vun der Coupe d’Europe doheem géint den F.C. Liverpool gewiescht, wou hien als Kapitän zwou Minutte viru Schluss déi lescht Pass op deen an der 65’ agewiesselten Gilbert Dussier gemaach hat, deen déi dann zum 1:1 verwäerte konnt. Dat wuar den 19. September 1973, esou datt och mär aner, als deemoleg begeeschtert Zuschauer, mat dem Méni zesummen dëst Joer am Hierscht schonn de 50. Anniversaire vun dësem memorable Match op der Grenz feieren duarfen.

Seng gréissten Enttäuschung wuar dogéint – hien huet déif Loft geholl … – déi blamabel Nidderlag an der Coupefinall, mat 4:1 géint Käerjeng. Manner schlëmm fir de Méni, ma net fir d’Supporter, wuar de Verloscht vum Championstitel 68/69 opgrond vum bessere Goalaverage fir Beggen, mat deene mär punktgläich wuaren.

Vun all denen, déi mat a géint hie gespillt hunn, huet him bal am meeschten de Norbert Reiland wéinst sengem Stil a senger feiner Technik gefall. De Méni huet kee Géigner gefuart, och net den Tommy Smith, vun deem säi Liverpooler Trainer, de Bill Shankly, ëmmer sot, hie wär ee wéi aus engem Stee geschloene Verteideger …

Op seng bekannten eegen Häert ugesprach, hat den Di Genova plausibel Erklärunge parat. „Ech hu mech misse vu jonk un durchsetzen an hu mat vill Kierperasaz gespillt, an dobäi weder mech nach de Géigner geschount. Do ware Golkipperen, déi hu scho geziddert, wann ech op den Terrain gelof koum, esou z.B. dee schon ëmmer e bësse vill vu sech iwwerzeegten Arisgoalie, deen zu Onrecht gemengt huet, hie wär besser wéi eise Renn!“ Vill vun den Arbitteren haten dowéint de Méni um Napp an hie krut vun hinne ganz oft Stiermerfoul gepaff, déi guer keng wuaren! Datt de Méni ee knallhuart Stéck Minett wuar, dat konnt eis de René Kollwelter vru kuerzem bestätegen. „De Méni“, sot hien, „war zwar eng immens haart Sau …, physesch staark wéi en Déier, ma wann ech als Libero mat Beggen géint hien ugetrueden sinn, war hien ëmmer fair, korrekt a keng Spuer hannerlësteg, an dofir huel him ee schéine Bonjour vu mir mat!“

Et koum awer och eng Kéier zu engem Clash, wéi de Méni sech mat dem Trainer Willi Macho kritt huet, well deen dee vun him recommandéierten an iwwertalentéierte Junior Yves Schwachtgen net an déi éischt Equipe mat era wollt huelen an duerno d’Wourecht virum Comité verdréit hat! „Ech hunn als nach aktive Spiller déi talentéiert an opstriewend Junioren, déi mär haten, ni als Konkurrenten, ma ganz am Géigendeel als meng natierlech Nofolger betruecht a si aus deem Grond och motivéiert, als eng Art offiziösen „Spillertrainer“ esou ze soen, wat awer dem Macho net gepasst huet. Ech erënnere mech do u Jonge wéi de Barboni, den Zwally, Gianni Di Pentima, Scuto, Ontano a Co., déi op mech gelauschtert hunn …“ 

D’Konsequenz dovu wuar, datt de Méni eng Zäit laang net méi opgesat gouf, an eréischt wéi se gemierkt hunn, datt den Hoffmann’s Jempi op eemol keng Goler méi geschoss huet, well hie jo keng Passe méi vum Di Genova krut, ass hien erëm erakomm an huet direkt géint Aris zweemol markéiert! Dat war seng Äntwert an eben typesch Méni!

Nodems de Comité begraf hat, datt hien ee gudden Drot zur Jugend hätt an och am iwwerdroene Sënn ee gudde „Passeur“ tëscht de Spiller-Generatioune kéint sinn, gouf hien effektiv Jugendtrainer, an dat mat Erfolleg! No senger Carrière huet de Méni sech no engem aneren Hobby ëmgekuckt an huet mat senge Véierbeener am Bieleser Veräin Hondssport bedriwwen. Do sinn d’Muppen da fir hie gelaf …, an zesummen hu si un etleche Concoursen am In- an Ausland deelgeholl. Hien ass och op d’Juegd gaangen, ma wann de Méni och als een éischter rabiaten „Torjäger“ gegollen huet, esou wuar hien awer als echten Naturfrënd een éischter faire Jeeër, deen esou guer eemol ee Minimarcassin mat der Fläsch opgezillt an um Liewe gehal huet.
Zum Ofschloss huet hien eis an der „Verlängerung“ nach eng weider flott Anekdot verzielt. Do wuar de Patrice Schonkert, och ee Geometer, deen niewelaanscht als Sportjournalist meeschtens schlecht iwwer hie geschriwwen hätt.

Bis déi Kéier, wou hien als Reporter d’Jeunesse an der Saison 1969/70 mat an Nordirland begleet huet, wou si géint den F. C. Coleraine gespillt a mat 0:4 verluer hunn, noodems se am Allermatch nach durch ee sensationellen Hattrick vum Guy Allamano 3:2 gewonnen haten!

Nom Match wär de Patrice mat engem Glas Whiskey an der Hand lues bei hie geschlach komm, hätt him d’Hand op d’Schëller geluecht a gesot: „Méni, entschëlleg, ech hu mech hannert där geiert, du bass eigentlech ee ganz feine Jong … !“

„Vun deem Dag un, wou hie seng negativ Virurteeler mir géintiwwer op d’Säit geraumt hat, huet hien dann och net méi esou negativ iwwer mech bericht … !“