/ „De Cabinet vum Dokter Menasse“ enttäuscht op ganzer Linn

„De Cabinet vum Dokter Menasse“ ass deelweis méisproocheg, wëll villes,
zielt wéineg, verléiert sech a Fortune-Cookies-Philosophien an engem Statistik-Dschungel a mécht am Endeffekt leider net villes richteg.
De Jean-François Lyotard, groussen Theoretiker vun der Postmodern, huet d’Iddi vertrueden, dass déi sougenannte MetaErzielungen – dat heescht, déi Geschichten, déi de Mënsch sech selwer verzielt, fir ze iwwerleeën, wéi et mat dem Schicksal vu senger Spezie soll weidergoen – am 20. Joerhonnert ee fir allemol an der Sakgaass vun der Geschicht gelant sinn.
D’Meta-Erzielung vum Kommunismus – den Egalitarismus – huet zum Gulag gefouert, d’Meta-Erzielung vum Kapitalismus zu der Beräicherung vun e puer an der Veraarmung vum Recht. Die Menschheit hat mit den Genoziden des 20. Jahrhunderts ihren Anspruch auf Fortschritt, auf Zielsetzung aufgegeben.
Elo, wou d’Ressourcë vum Planéit lues a lues opgebraucht sinn, kënnt awer eng nei Meta-Erzielung op: De Weltall soll déi nächst Etapp sinn, de Mënsch als Kolonialwiese kéint, wann e säi Planéit bis grëndlech versaut huet (also ganz geschwënn), einfach op deen nächste reesen. Un peu comme un parasite qui changerait d’hôte après l’avoir laissé exsangue.
Genee dëst ass de Kader vum Charel Meder sengem Theaterstéck: Stänneg gëtt vum Opbrauche vun de Ressourcen an dem Verloosse vum Planéit geschwat. Star-Wars-Visuals und Interstellar-Referenzen, begleitet von einem von „Major Tom“ dominierten Soundtrack, thematisieren auch ästhetisch die Idee eines Erdballs, den es zu verlassen gilt.
Dësen erzieleresch intressante Kader liwwert ee Virwand, fir iwwert d’Thema Gléck ze schwätzen. An engem Iwwerschoss vu Statistiken – déi zum Deel vum Marc „Bad Banks“ Limpach ageschwat ginn – gëtt gewisen, dass Lëtzebuerg an der Hitparade vun de glécklechen Natioune gutt positionéiert ass. Och wann „d’Preise“ virun eis sinn. That there are five countries that have a „Ministry of Happiness“.
Keng Handlung
D’Glécks-Guruen, d’Selbstfannen, d’Verstrécke vum individuelle Gléck an der Notioun vu kollektivem Gléck (ergo: vum Profitmaachen), d’ongläich Verdeelung vum Goss, d’Orientéierungslosegkeet am atheisteschen Zäitalter, d’Gléckshormon Serotonin, d’Foto vum klenge Jong, deen am Mëttelmier erdronk ass, an „deem säi vill ze klenge Kapp op senge vill ze klenge Schëlleren“ louch, d’Gilets jaunes: D’Stéck versicht krampfhaft, all méiglech Thematiken ofzedecken, fir selwer eng maximal Relevanz opzeweisen, esou wéi am Hollywood-Film och Léift, Action, Spannung a Gefiller gläichméisseg verdeelt solle ginn, fir maximal Glécksgefiller beim Zuschauer an, vrun allem, am Portmonni vum Produzent auszeléisen.
Dass et hei absolut keng Handlung gëtt, ass manner schlëmm wéi de Fait, dass d’Thematike schwéierfälleg behandelt ginn, dass den Text weder als Theaterstéck nach als philosopheschen Essai funktionéiert. Et kënnt engem fir, wéi wann déi eigentlech talentéiert Schauspiller (Elsa Rauchs, Nora Koenig an Timo Wagner) struewele missten, fir sech net vun der Laascht vun enger Textmass, déi et kaum erlaabt, Spillsituatiounen ze schafen, erdrécken ze loossen.
Klischeen uprangeren
D’Meta-Erzielung vum Kommunismus – den Egalitarismus – huet zum Gulag gefouert, d’Meta-Erzielung vum Kapitalismus zu der Beräicherung vun e puer an der Veraarmung vum Recht. Die Menschheit hat mit den Genoziden des 20. Jahrhunderts ihren Anspruch auf Fortschritt, auf Zielsetzung aufgegeben.