Noruff„An?“: Eng perséinlech Erënnerung un de Jay Schiltz

Noruff / „An?“: Eng perséinlech Erënnerung un de Jay Schiltz
Den Auteur a Journalist Jay Schiltz ass d’lescht Woch am Alter vun 62 Joer gestuerwen Foto: Editpress-Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

„An?“ E bësse laang gezunn ass d’Aussprooch. D’Hiewe vun der Stëmm virum Froenzeechen. Et sicht een no enger Äntwert, ewéi wann et géing heeschen: „Wat fir Strëmp hues de haut un?“ Oder: „Wat fir eng Faarf huet däi Campingsstull?“ Oder nach: „Wéi laang hues de gehalen, am Stau op der A3?“ Et hätt eng vun deene sëllechen, onintresséierte Froe kënne sinn, wou een näischt muss soen, well se net wierklech wichteg ass. A wou de Géigeniwwer sech och net onbedéngt eng Äntwert erwaart.

„An?“ Beim Jay stoung e Laachen am Gesiicht, breet a frëndlech. Zwee An, déi gespaant duerch de Brëll mam zolitte Gestell geblénkt hunn. Déi gedëlleg gewaart hunn, fir gewuer ze ginn, wéi et mer wierklech géing goen. Perséinlech. Wat d’Famill géing maachen. Wéi et mam Schreiwe wär. „An?“ – e Wiertchen als Fro, déi voller Interessi war, déi mech beim Aarm geholl a gesot huet: „Komm, laf elo net fort. Ech géing dat gär wëssen. Éierlech. Et kënnt jo net op d’Antenn. Ziel mer vun dengem Schreiwen. Ziel mer, wat s de soss esou méchs.“

De Jay hunn ech net esou gutt kannt ewéi sécher vill vu senge Frënn a Journaliste-KolleegInnen. Mer sinn eis begéint, geleeëntlech hu mer zesumme gelies, mer hunn eis ënnerhalen no sengen Optrëtter als Béierdeckels-Kommentator. Mer sinn eis emol am Restaurant iwwert de Wee gelaf, zoufälleg no enger Ausstellung, déi eis allebéid interesséiert hat. Onofhängeg ee vun deem aneren.

„An?“

E Fakt gëtt net méi oder manner Fakt duerch d’Manéier, wéi de Journalist e virdréit. Ech hunn dem Jay seng Stëmm héieren, éier ech e perséinlech kennegeléiert hat. De waarmen Timber, déi soignéiert Sprooch an Aussprooch, dee pointéiertë Rhythmus … D’Nouvellë waren oft bedréckend, dem Jay seng Wierder hu se fir mech esou preparéiert, dass ech mer net hu misse Gedanke maachen, awer mech wollt derfir interesséieren, fir dat Onvirstellbaart, fir d’Hannergrënn, grad ewéi fir eng lëschteg Anekdot oder de Resumé vun der Situatioun am Ländchen. De Jay huet et fir mech verzielt, ganz eleng, doheem, beim Erwächen, am Auto fir op d’Aarbecht oder sonndes fir an d’Éislek. En huet fir seng Nolauschterer alleguer zesumme geschwat an dach huet e jiddereen eenzel ugeschwat.

„An?“

Vläicht war et seng Konscht vum Saz, déi mech esou beandrockt hat. Seng Manéier, d’Gebraddels op der Säit ze loosse fir Plaz ze maache fir d’Sprooch. Fir dat Medium, dat esou wichteg misst sinn am Gebrauch tëscht de Mënschen. Dat no Prezisioun verlaangert, no Schéinheet an dat oft esou schif an ongehuwwelt dohierkënnt.

Plaz maache fir d’Sprooch

Ech muss gestoen, dass ech d’Kloerheet vum Ausdrock och vum Jay gewuer gouf, ëmmer nees, an zwar owes an der Virstellung: hien uewen op der Bün, virum ronne Bistrosdësch, ech ënnen am Sall. De Mikro huet heiansdo gefréckelt, d’Laachen ass mer méi ewéi eng Kéier an der Strass hänke bliwwen.

Et waren net d’Wierder vun engem Guru, ma d’Kommentare vun engem zäitkritesche Mënsch, dee kee Blat virun de Mikro gepecht huet. Deen nëmmen eent wollt: weiderginn. Dat, wat en opgereegt a rose gemaach, wat e verdaamt an ofgewisen huet. En hat awer och d’Wierder fir dat, wat schéin a berouegend war, lëschteg a voller Wäermt. Esou huet de Jay de Kappstand gedréckt fir d’Opklärung an d’Toleranz, fir en Iwwerleeën aus neien, ongewinnte Perspektiven eraus. Virun allem war et d’Warnung géint de Mëssbrauch vun der Sprooch als Zammermann vun der Dommheet, der Klengbiergerlechkeet an dem neie Populismus, dee sech geféierlech breetmécht. Seng Optrëtter waren och ëmmer meng perséinlech Momenter. Ech hunn, ewéi de Jay, mam Häerz gelauschtert an oft huet kee Béierdeckel tëscht eis Meenunge gepasst.

„An?“

De Jay e Wuertsichert? En Akrobat vun de Sätz? E messerschaarfen Analyst vu gesellschaftlechen Entwécklungen? Jo, dat war en. An e Scout an en Indianer, wéi ech et op Facebook konnt liesen. Derbäi e lëschtege Kolleeg, e léiwe Papp a Partner. Anescht konnt ech mer hien net virstellen.

D’Sich no de Wierder

Nëmmen, et gi Plazen a Momenter, wou mer sichen. Wou mer eis net erëmfannen. Wou d’Onrou esou grouss gëtt, dass een doruechter leeft, ouni Kapp, an der Angscht, an der Panik. Wou och de Jay gesicht huet. No Wierder. No Sätz. Wou keng Sonn do war, fir den Himmel blo schéngen ze loossen. Wou den Niwwel sech net gehuewen huet, och wann ee wäit iwwer d’Gewan gesouch. Um Enn vun der Geschicht vum Mënsch a vun all Relioun bleift déi grouss Eidelt, déi keen Numm huet a wou all Wëssen ophält. Wou et nëmme kann heeschen: „Nicht nach dem Warum musst du fragen, sondern nach dem Wieso. … Wieso konnten Menschen Menschen Derartiges antun?“ (1)

„An?“

Wéini ass e Mënsch vergiess? Et ginn esou vill Manéieren, fir sech z’erënneren. Zu Auschwitz a Birkenau probéieren d’Iwwerliewend, d’Zeien, hir Geschicht an hier eege Wierder ze kleeden. A se wéi eng Flam an d’Hänn vun de Jonken ze leeën, déi sech getraut hunn, de wäite Wee bis a Polen ze fueren – an dat oftmools, ouni dass se woussten, wat se géing erwaarden. D’Zeie schwätzen, kräischen, fänke Käerzen un a verzielen. Si stierwen, hir Nimm gi vläicht vergiess, awer d’Kreesch vun deemools, si gi keng Rou, well se et net fäerdegbréngen. Si wëllen nëmme virujäizen. Well d’Leed esou grouss war an esou schro.

„Wir haben es gesehen“, dat ass den Titel vun engem Buch, an deem ech fir d’éischt iwwert den Holocaust gelies hat. Mat 15 Joer. Dem Jay säin „Aschengänger“ huet mech zréckgefouert op déi Plazen, déi een net ouni Blessur ka verloossen. A wou ee spiert, dass et nëmmen een eenzege Wee eraus ka ginn: Dem Mënsch eng ferm Hand reechen, en duerch d’Nuecht an duerch d’Keelt féieren, laanscht d’Séien zu Birkenau, laanscht d’Äschen ënnert dem Waasserspigel. Als Vertrieder vun den „Zeien vun der zweeter Generatioun“ huet de Jay no Wierder gesicht, no enger Sprooch, déi oprëselt, ee schudderen deet. Déi d’Erënnerung stäipt, well déi muss beschützt ginn, schreift en, „si ass eng schwaach Planz, d’Vergiessen e staarke Stuerm“. (2)

De Jay huet kee Blat virun de Mond geholl, well e wousst, wéi wichteg et bleift, grad deen opzedoen an net ze fäerten. Well ee Courage sollt hunn, eng Wourecht eng Wourecht ze nennen, e Cretin e Cretin an e Lëtzebuerger Nazi e Lëtzebuerger Nazi. Well ee sech muss wieren an deenen den Diks riichten, déi mengen, se kéinte soen a maachen, wat se wéilten, wéinst hirer Positioun oder hire Suen.

„An?“

Jay, mer gesinn eis erëm, mär zwee, an Alaska oder soss enzwousch. Du ziels mer vun denge Wäibierger an ech vun de Pizzaen, déi eis esou gutt geschmaacht haten, deemools, wéi mer zesummen an deem onméigleche Restaurant souzen. E war duebel Garage an dräifach Kiermes, mat schife Biller an antike Lüsteren. An d’Garçonen si mat wäissen Händschen dorëmmer geditzt an hu gefrot: „Va bene, signore?“
Ech iwwerleeë mer eng uerdentlech Äntwert, dës Kéier. Eng lëschteg, awer ech passen op, wat fir Wierder ech gebrauchen. Déi richteg, déi, déi passen. Net dass de mengs, Jay, ech hätt dengen ni nogelauschtert.

(1) Jay Schiltz, „Aschengänger, Erzählung einer langen Reise“, Editions Guy Binsfeld, Luxemburg 2016, S. 72-73
(2) idem, fräi iwwersat no „… Die Erinnerung ist eine schwache Pflanze, das Vergessen ein starker Sturm.“ S. 70