Den Arthur Muller huet eis den 12. Juli 2024 leider fir ëmmer verlooss. Hien huet zënter 1963, wou hien op Ettelbréck geplënnert ass, sech net nëmmen als ganz engagéierten Schoulmeeschter mat Freed un der Wëssensvermëttlung, mä och ganz besonnesch als wäertvolle Lokalhistoriker en Numm gemaach. Iwwert Joren huet hien ee räicht Privatarchiv, mat Fokus op...