LeserbriefRemplaçant an der Grondschoul 

Leserbrief / Remplaçant an der Grondschoul 
(Symbolbild) Foto: Britta Pedersen/dpa

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Et gëtt a leschter Zäit nawell vill iwwert de Recrutementsmodus, de Statut, de Stage, d’Gehalt, d’Aarbecht, d’Motivatioun an d’Qualitéit vun de Remplaçanten an der Schoul – haaptsächlech an der Grondschoul – geschwat. Do geet villes duercherneen: Et ginn Äppel mat Biere verglach, an heiansdo sinn esouguer Banannen a Kornischongen drënner. A wärend oder besser gesot zanter der Corona-Kris ass nach erëm villes anescht wéi virdrun.

Ech kann nëmmen dat heite soen: Ech hu 57 Joer, hunn an der Fuerschung geschafft, war Conseiller beim Staat, Kader an enger Bank, Stëftungsdirekter an Direkter vun enger Zeitung. Vun Enn Mee bis Mëtt Juli 2020 hunn ech als Chargé de cours temporaire an engem 1. Schouljoer zu Kielen Schoul gehal, deemools, wéi d’Konzept vun den A- a B-Gruppen nach gegëllt huet. Ech hat just zwielef Schülerinnen a Schüler, a meeschtens net beieneen, dat heescht sechs plus sechs.

D’Coursen hu fënnef Stonne gedauert, mat zwou Ënnerbriechungen. Wann ech déi éischt puer Deeg heem komm sinn, hunn ech mech op de Kannapee geluecht an hu gerascht. Ech war futti. Et war warscheinlech ee vun de wichtegsten, schéinsten, awer och ermiddendste Beruffer, déi ech jee gemaach hunn. D’Kanner ware wonnerbar, meng Léierin och, grad esou wéi déi ganz Organisatioun. Eng onvergiesslech Erënnerung.

Ech hunn a mengem Liewen eng ganz Rei dichteg Leit kenne geléiert: Politiker, Banker, Chefs d’entreprisen, Wëssenschaftler, Dokteren. Wärend menger Zäit zu Kielen hunn ech mir munchmol dat heite virgestallt: Et misst een si fir eng hallef Stonn aus hirem Costume oder hirer Aarbechtstenue erausschielen a se virun eng Schoulklass stellen. De Blousse missten se weisen … Dat wollt ech just gesot hunn. À bon entendeur, salut.   

Fernand
27. Dezember 2020 - 12.58

@CESHA "Genau so ist es. Die Konzentration, die zum Unterrichten einer Schulklasse erforderlich ist, lässt sich vielleicht allenfalls mit der von Fluglotsen vergleichen, welche im Minutentakt an- und abfliegende Flugzeuge überwachen und koordinieren müssen." Ja wenn, so ein kleiner Analphabet etwas nicht sofort kapiert, dann sterben hunderte Menschen, oder wie?

GeTee
26. Dezember 2020 - 21.46

"Conseiller beim Staat" ..... bei deem Staat deen elo grat beweist dass en zu neischt richtegem fäheg ass.... kee Wonner bei esou vill grengen Nullen an deem Verein !

Realist
25. Dezember 2020 - 19.32

Ehemolege Conseiller an Zeitungsdirekter, Wëssenschaftler a Cader, am Pensiounsalter..... Also mat dem Parcours an der Rent géife keng 10 Päerd mech zereck an d'Beruffsliewe kréien, geschweigs dann och nach an e Klassesall. Loosst di Jonk dat maachen, kuckt Iech d'Welt un a genéisst mueres um 9 Auer eng gemittlech Taas Kaffi mat Äerer Fra. De Kierfech läit voll mat Leit, déi sech selwer fir irremplaçabel gehaal hunn...

titi
24. Dezember 2020 - 17.07

Ët gi Beruffer, déi nët interchangeables sinn. Also loosse mer hei keng Äppel mat Biere vergläichen.

Jemp
24. Dezember 2020 - 11.59

Wat de Mann do schreiwt, stemmt zu 100%. En hat awer Chance, esou wéineg Schüler an der Classe ze hunn. An normalerweis geet et net, fir no der Arbecht ze raschten, well da permanent den Telefon schellt, wou Elteren sech da schrecklech doriwer opregen, datt hiren Engelchen säi Bläisteft geklaut krut an de Bänknoper säin Heft zerrappt huet. Dobäi huet e säin Heft selwer zerrappt, an de Bläisteft as gebrach, wéi en den aneren domat an de Henner gepickt huet, dat ganz begleed vu schrecklechem Gebirels a Gezeters.

titi
23. Dezember 2020 - 16.02

Nicht jeder eignet sich zum Lehrerberuf. Man ist dazu berufen oder nicht. Viele verfügen über das Wissen , es fehlt ihnen aber an der nötigen Begabung, dieses Wissen auch zu vermitteln. Der Mangel an Persönlichkeit führt zu einem Schwund an Respekt. Wer sich für den Lehrerberuf entscheidet nur wegen der vielen " Freizeit " oder des Salärs, ist auf dem Holzweg. Es sind nämlich auch eine Menge Idealismus und Begeisterung(sfähigkeit ) gefragt. Ebenso Geduld, Nerven, Ausdauer und Einfühlungsvermögen. Wer diese Voraussetzungen nicht erfüllt, wird nie ein guter Pädagoge werden. Wie der Herr , so das Gescherr!

CESHA
23. Dezember 2020 - 10.42

Genau so ist es. Die Konzentration, die zum Unterrichten einer Schulklasse erforderlich ist, lässt sich vielleicht allenfalls mit der von Fluglotsen vergleichen, welche im Minutentakt an- und abfliegende Flugzeuge überwachen und koordinieren müssen.