ForumBréif un de Buergermeeschter vun Hesper no dem Post vum 3. Mäerz 2024

Forum / Bréif un de Buergermeeschter vun Hesper no dem Post vum 3. Mäerz 2024
 Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Här Buergermeeschter, Marc Lies,

D’Gemengeconseillere vun Hesper, déi dëse Bréif ënnerschriwwen hunn, hu mat Schrecken Äre Facebook-Post vum 3. Mäerz 2024 festgestallt. Dëse vun Iech verfaassten, haasserfëllte Post attackéiert d’Press an déi lénk Parteien, déi Dir fir d’Dereguléierung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft verantwortlech maacht, a schéngt sech géint Flüchtlingen ze riichten, déi Dir implizit verantwortlech maacht fir den Doud an den Déif vu fënnef Hinger, déi engem Matbierger vun der Gemeng Hesper gehéiert hunn. Sollt et sech net géint Flüchtlinge riichten (100komma7.lu vum 4.3.2024), géint wien dann?

D’Signatairë froen sech, wéi en CSV-Deputéierten, President vun der Interieurskommissioun vun der Chamber, Buergermeeschter vun enger Gemeng mat méi wéi 16.000 Awunner, wou d’Majoritéit vun der Bevëlkerung eng net-lëtzebuergesch Nationalitéit huet, eng Kommissioun fir d’Zesummeliewen huet, déi den „pacte du vivre ensemble“ ënnerschriwwen huet an no der Ausso vum Buergermeeschter selwer (Tageblatt vum 3. Mäerz 2024) kee besonnesche Kriminalitéitsproblem huet, et sech leeschte kann, esou Virwërf a Vermëschungen ouni jeglech Beweislag ze äusseren.

Eng rout Linn gouf hei erëm iwwerschratt.

Erëm, well ee Post baséierend op der Stigmatiséierung vun enger Grupp vu Leit hutt Dir schonns eng Kéier gemaach. Dir hutt Iech fir dëse Feeler zwar entschëllegt, an dach hutt Dir et awer nach eng Kéier gemaach.

De Manktem un Ënnerscheedungsverméigen an déi haasserfëllten an diskriminéierend Aussoen, déi mer den 3. Mäerz nach eng Kéier hu misse liesen, si fir den éischte Bierger vun enger Gemeng, deen och nach der CSV ugehéiert, déi bal 60% aus Net-Lëtzebuerger Bierger mat iwwer 128 Nationalitéite besteet, inakzeptabel.

D’Gemengeconseilleren, déi dëse Bréif ënnerschreiwen, distanzéieren sech kategoresch vun den Aussoen, déi an Ärem Post vum 3. März gemaach goufen, a froen Iech wéi och de Schäfferot:

1. fir eis an der nächster Gemengerotssëtzung méi detailléiert iwwer d’Grënn an d’Intentioune vun dësem Post z’informéieren. Wie gëtt am Post eigentlech cibléiert?

2. eng offiziell Entschëllegung auszeschwätzen

3. konkret Moossnamen ze huelen, fir dass esou eppes an Zukunft net erëm geschitt.

D’Conseilleren vun Déi gréng Hesper, LSAP Hesper a Piraten Hesper

Grober J-P.
6. März 2024 - 10.01

"ouni jeglech Beweislag ze äusseren." Wien kennt den nët de Jängi vun Stengefort. Hien soutz gëschter mat sengem Schlofsak am Tramshaischen virun der Spuerkeess zu Hesper an hat nach 2 Hingerfiederen an sengem groen Bart stiechen. Wat brauch een nach?