Noruff Jempy BauschDe Jempy ass net méi do – e grousse Verloscht fir Rëmeleng an d’Vëlosfamill 

Noruff Jempy Bausch / De Jempy ass net méi do – e grousse Verloscht fir Rëmeleng an d’Vëlosfamill 
            Foto: Guido Romaschewsky

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den nächste Samschde wär et nees esou wäit gewiescht, am traditionelle Kalenner: Hometrainer-Soirée am Rëmelenger Centre culturel. E ganz besonnesche Rendez-vous, alljoers Mëtt Januar, fir all déi Cyclisten, déi Freed haten, sech am Sprint um fräie Rouleau mateneen ze moossen.  

Elo, am Januar 2024, ass näischt méi, wéi et emol war. De Muere vum 6., och e Samschden, ass de Bausche Jempy gestuerwen, mat 86 Joer. Ech ginn déi traureg Nouvelle den Dag selwer vum Ramon Lambert gewuer, dem laangjärege Sekretär vun der Rëmelenger Hirondelle. E Schock, deen ech eréischt eng Rei Stonne méi spéit richteg realiséieren, wourops hin et mer schwéierfält, d’Tréinen zréckzehalen. E Verloscht, deen enorm wéi deet!

Et wor och am Kader vum Hometrainer, wou ech deemools – et muss esou 2002 gewiescht sinn – en éischte Kontakt mat deene Rëmelenger hat. Du gouf ech invitéiert, an hire Sall op den Training ze kommen, fir d’Disziplin vum fräie Rouleau méi genee gewisen ze kréien. Zwee Hären hu mech do ganz häerzlech opgeholl: de Ramon … an de Jempy. Als Cyclotourist a Geleeënheets-Coureur hunn ech esou kënne sportlech eng flott nei Experienz entaméieren – an ech hunn dierfe mam Jempy e ganz besonnesche Mënsch kenneléieren.

Séier konnt ech gesinn, dass ouni dem Jempy seng grouss technesch Kenntnisser a Fäegkeeten – a sengem Beruffsliewen hat heen als Mechaniker op der Hadir zu Rëmeleng, zu Esch an zu Déifferdeng geschafft – net vill géif „rullen“. E ganzen Arsenal vu scho relativ ale Pistevëloen – dorënner och dee bloen Gios-Stol-Bijou, deen ech bis haut däerf benotzen – gouf permanent vum Jempy a Schoss gehalen, heen huet all Schrauf an all Pignon (fixe) kannt, onzäleg Stonnen huet heen am Sall vun der Hirondelle geschafft, fir dass alles, vun den Distanz-Auere bis bei d’Lager an d’Gainë vun de Rouleauen, an der Rei war a prett fir d’Courssen op der „Soirée“.

Traditioun a Materialfleeg woren dem Jempy wichteg

Op den Trainingen, wou ech am Wanter bal all Samschde wor, fir mech no an no op de groussen Dag am Januar virzebereeden, wor sech de Jempy (a bis haut och de Ramon, wat net däerf onernimmt bleiwen!) ni ze schued, all deenen, déi fir ze fueren an de Sall komm sinn, hir Vëloen esou anzestellen, dass se bis op de Millimeter gepasst hunn. Guer net ze schwätze vun deenen etleche Séancen, wou d’Cyclisten hu missen ugehal an hir Zäite gestoppt ginn – a wäertvoll Trainings-Conseile kruten.

Op der Soirée wor de Jempy iwwerall am Asaz – och nach op der (leider) leschter Editioun 2019, wou d’Claire Faber, e Rëmelenger Meedchen, dat deemools virun enger grousser Cyclistecarrière stoung, gewonn huet. De Jempy hat e groussen Undeel dorun, dass d’Hometrainer-Courssen och fir mech eng laangjäreg „Success Story“ waren – en huet sech mat mer gefreet, wann eng nei Beschtzäit erausgesprongen ass, en huet dat ganz léif, wéi dat seng Aart wor, mat engem diskrete Schmunzelen an Aenzwinkere gewisen. Jo Jempy, ech war allkéiers och frou fir dech, wann ech gutt gefuer sinn, well dat wor dee beschte Merci, deen ech där konnt soe fir däin onermiddlecht Engagement. Dofir wollt ech an all deene Joren – wou s du ëmmer do waars – och ni ofsoen, wann ech emol net fit war. Just 2017 konnt ech net matman, do hunn ech da beim Chrono gehollef.

No eisen Traininge si mer gären een huele gaang an d’Rëmelenger Stuff, an de Jempy wor bal allkéiers mat, de Ramon, heiansdo och den Andriolos Guy (haut President) an de Steichens Norbert – an da konnt ee flotte Geschichten nolauschteren: iwwert d’Flèche du Sud, wou de Jempy während ville Joren techneschen Haaptkoordinator fir d’Rëmelenger Etapp wor, d’Eurodax-Kilometer-Breveten, wou de Jempy jorelaang fir den Organisateur „Capitaine de route“ war, iwwert är Rallyen an den alen Zäiten, wou ee vum Grupp nach de Veräinsfändel hat, iwwert är Randonnéeën erop op de legendäre Ventoux an nach esouvill aner Souveniren …

Klenge Mann mat groussem Häerz

Am Summer si mer eis manner dacks begéint, well een do vill fir sech Strooss fiert. Mat e bësse Chance konnt een, an de fréien 2000er, nach mam Jempy zesumme fueren, sou z.B. op der „Pir a Mett Clemens“. Säi „Markenzeechen“ wor de Rucksak iwwert dem Maillot: E wor ëmmer prett, aner Cyclisten ze dépannéieren, en hat dat richtegt Geschir allkéiers bei sech – wéi op der Charly Gaul, wou en dowéinst och emol en eegene Retard a Kaf geholl huet. Et wor alsou méi wéi verdéngt, dass de Jempy 2014 vun der FSCL den Titel vun engem „Bénévole de l’année“ krut!

Eng weider Geleeënheet, de Jempy an der Summersaison ze gesinn, wor d’Rëmelenger Rallye am September. Och do si mer gäre laanschtkomm um 50-km-Tour. Bis viru fënnef Joer huet do de Jempy fir de „Bureau“ nach des öfteren d’Stellung gehal, fir d’Kaarten ze sammelen an ze stempelen. Déi lescht Joren huet een e leider net méi sou dacks gesinn, woubäi de Ramon da meeschtens d‘Permanence op der Haaptkontroll gemaach huet.

Als Bouf vun néng Joer, 1946, koum de Jempy an de VC Hirondelle. Nieft senger Aarbecht a senger Famill hunn de Veräin an de Vëlo am Zentrum vu sengem Liewe gestanen, an iwwer vill Joerzéngten huet de Jempy mat all senge Fonktiounen – Cyclotourissem, Flèche du Sud, Cyclocross, Hometrainer – d’Hirondelle geprägt. E wor déi gutt Séil vum Club an eng markant, onvergiesslech Perséinlechkeet fir seng Stad Rëmeleng. Hei goufe seng Äschen de leschten Donneschden um Kierfecht an enger émouvanter Zeremonie verstreet an dem roude Buedem vu senger Heemecht zréckginn.

Et fält schwéier an et deet wéi, dem Jempy elo mussen Äddi ze soen, engem gudde Kärel, dee mir ëmmer wäerten an eisen Häerzer droen. Vläit hëlleft et, dat mat engem gewinnte Bild ze versichen: „Ciao Jempy, bis nächste Samschden dann!“ – Ech klammen a mäin Auto, fueren d’Strooss a Richtung Rond-Point, wou de Jempy riets um Trottoir mam rouden Anorak a senger faarweger Sportstäsch mat zackege Schrëtt um Wee ass fir heem – a beim Laanschtfuere streckt en d’Hand an d’Luucht, fir nach eng Kéier „Ciao“ ze soen … 

De Jempy am Rëmelenger Clubsall, Enn 2010. An all deene Vëloen, déi haut nach do stinn, lieft en Deel vum Jempy weider.
De Jempy am Rëmelenger Clubsall, Enn 2010. An all deene Vëloen, déi haut nach do stinn, lieft en Deel vum Jempy weider. Foto: Akim Schmit
                 
                  Foto: Akim Schmit
            
             Foto: VC Hirondelle
De Jempy Bausch op der Soirée
De Jempy Bausch op der Soirée Foto: VC Hirondelle