LeserforumDe Fondamental brauch Schulleitungen

Leserforum / De Fondamental brauch Schulleitungen
 Foto: Marijan Murat/dpa

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Am Juni 2021 gouf an der Press mäi Lieserbréif publizéiert, an deem ech d’Bewerbungs- an d’Ustellungsprozedur vum Lëtzebuerger a vum Schwäizer Schoulsysteem matenee verglach hunn. Zu deem Zäitpunkt war ech nach Schoulmeeschter zu Bern an der Schwäiz. Zanter engem Joer schaffen ech awer zu Lëtzebuerg an der Grondschoul an ech ginn dacks gefrot, wou et da „besser“ wier a wat d’Haaptënnerscheeder sinn. Mir perséinlech huet d’Schoul dohanne besser gefall. Ee vun den Haaptgrënn dofir an ee vun de gréissten Ënnerscheeder fir mech, läit an de Schulleitungen an der Schwäiz. Eppes, wat et an de Lëtzebuerger Grondschoulen ënnert där Form leider nach net gëtt a menger Meenung no awer dréngend noutwenneg wier.

Mat enger Schulleitung ass dat gemengt, wat mer hei en gros schonn aus de Lycéeë kennen. Mir hunn zwar 15 regional Grondschouldirektiounen an och SchoulpräsidentInnen, mee béid kënnen net mat de Schulleitungen, wéi ech se an der Schwäiz kennen a schätze geléiert hunn, gläichgesat ginn. D’regional Direktiounen op der enger Säit, si jeeweils fir eng Rei Schoulen aus enger gréisserer Regioun zoustänneg an hunn domat souzesoen e risege Betrib mat ville Gebaier a vill Personal ze managen. D’SchoulpräsidentInnen op der anerer Säit, sinn zwar, wéi eng Lycéesdirektioun, sur place an un eng eenzeg Schoul gekoppelt, hunn do awer e vergläichsweis begrenzte Verantwortungs- an Aufgabeberäich, well se hierarchesch net iwwert deenen aneren Enseignantë stinn a meeschtens nach zousätzlech Schoul halen. Oder ëmgedréint: Nieft dem Ënnerriichte musse s’och nach PräsidentIn sinn a kënnen um Enn déi zwou Funktiounen net esou geréieren, wéi si sech et vläicht wënsche géifen.

Lëtzebuerg brauch also Schulleitungen, déi keng Schoulstonne méi halen, mee sech voll a ganz ëm hir Schoul a virun allem ëm hiert Team këmmere kënnen. Wéi den Numm et seet, brauche mer kompetent an ausgebilte Leadere fir a virun allem an eise Schoulen. Gréisser Primärschoule sinn hautsdesdaags vum „Betrib“ hier net méi vill anescht wéi e Lycée a sou wéi do, brauch een eng Persoun, déi sur place ass, e fixe Büro am Gebai huet, present a séier z’errechen ass, wann ee se brauch. Wat net de Fall ass bei enger Regionaldirektioun, déi hire Sëtz mol net an der Gemeng vun der Schoul huet oder bei engem Schoulpräsident, deen nach mat Schoul halen, Cours virbereeden, verbesseren an Elterenaarbecht beschäftegt ass. Mir brauchen eng Schulleitung, déi schnell, effizient a pragmatesch Entscheedungen treffe kann an dat och gesetzlech maachen däerf. Eng Schulleitung, déi duerch hir Tâche d’Enseignanten organisatoresch an administrativ entlaascht, déi den Enseignantë bei Konflikter mat Elteren oder Schüler de Réck stäerke kann, mee déi och mol – wann et muss sinn – iwwerpréift, wa beim Personal eppes net leeft, wéi et soll. De Schoulalldag ass méi komplizéiert a villsäiteg ginn a mir Enseignantë brauchen a mengen Aen déi eng hierarchesch Instanz iwwert eis, déi eist Team leet, informéiert an Aufgaben delegéiert. Eng Persoun, déi nolauschtert, där mer eis uvertrauen an op déi mer ziele kënnen.

Schulleitungen am Fondamental – eng konkreet an ëmsetzbar Idee, déi ech extreem positiv an der Schwäiz erlieft hunn an déi menger Meenung no vill kleng an och gréisser Probleemer a jidderengem sengem Schoulalldag léise kéint.