Uni.luEng historesch Errongenschaft: Um Belval goufe 15 Joer Luxemburgistik gefeiert

Uni.lu / Eng historesch Errongenschaft: Um Belval goufe 15 Joer Luxemburgistik gefeiert
Den Auteur, dee kee „poète luxembourgeois“ wollt sinn: den Edmond Dune  Foto: Archiv

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Viru 15 Joer ass, am Kader vun der Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg, een Institut fir Luxemburgistik an d’Liewe geruff ginn, mat dem implizitten Zil, mam Lëtzebuerger Mannerwäertegkeetskomplex opzeraumen, dee bewierkt, dass deemools deelweis d’Meenung vertruede gouf, ee ganzt Institut wier vläicht ze vill fir esou ee klengt Land an esou eng kleng Sprooch. Dass de Géigendeel wouer ass, hunn zwee intensiv Deeg u Konferenzen verdäitlecht.

„Mir sinn e klengt Land, mir hunn net esou vill Wieder, mir brauchen och just ee klengt Wierderbuch.“ Esou Aussoen, déi sech d’Fuerscherin Claudine Moulin um Ufank vum neie Joerdausend huet missen unhéieren, gehéiere glécklecherweis der Vergaangenheet un – wat déi zwee Deeg Jubiläumskonferenzen an der Black Box op Belval beandrockend gewisen hunn.

Wärend senger Erëffnungsried huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) drop higewisen, wéi eng Efforten an de Schoule a vun all méiglechen Instituter wéi dem INL, wou zanter kuerzem an zur grousser Iwwerraschung vum Minister d’Aschreiwunge fir Lëtzebuergesch-Coursen iwwerhand iwwert déi fir d’Franséischt geholl hunn, oder och den ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch), gemaach ginn, fir d’Lëtzebuergesch Sprooch a Literatur ze fuerderen. Besonnesch interessant ass an deem Kontext ee Pilotprojet, deen am Lycée Michel Rodange stattfënnt an deen doraus besteet, op enger 4e A d’Lëtzebuergescht als véiert Langue vivante anzeféieren.

Doropshin koum ee chronologeschen Iwwerbléck vum Doyen Georg Mein, deen d’identitéitsstëftend Relevanz vun enger nationaler Philologie, ma och d’Widderstandsroll, déi d’lëtzebuergesch Sprooch wärend der Besatzung vun den Däitsche gespillt huet, ervirgehuewen huet. Weiderhin huet hien d’Etappen, déi zu der Legitimiséierung vum Lëtzebuergesche gefouert hunn, opgezielt: Do wier d’Sproochegesetz vun 1984, d’Rechtschreifreform zéng Joer méi spéit – a schliisslech eben d’Grënnung vum Institut fir Luxemburgistik: Mat der geplangter Aféierung vun engem Bachelor, dee sech nieft de Master gesellt, wier de Studiegang dann ab der nächster Rentrée vollstänneg. Hei wier net just ee Fach, ma ee ganzt Institut gegrënnt ginn, dat d’Lëtzebuergescht zu enger Nationalphilologie gemaach hätt – an dat wier definitiv eng historesch Errongenschaft.

D’Jeanne Glesener, Associate Professor in Luxembourg Literature, weist drop hin, dass d’Fuerschungsaarbecht scho mam CNL zanter 1995 ugefaangen huet, an dass hei, wat och den Head of Department Peter Gilles ervirhieft, den Institut net just beobacht, ënnersicht a vermëttelt, mä och matdréit, um Terrain duerch d’Schnëssen-App oder Konferenz-Zyklen present ass a sou och an der Transmissioun an Pluralisatioun vum Public eng Roll ze spillen huet.

De Lëtzebuerger Auteur Roger Manderscheid
De Lëtzebuerger Auteur Roger Manderscheid Foto: Archiv

Étude vun de Variatiounen

Dass d’Fuerschung hei souzesoen ee „Rôle à part“ inkarnéiert, huet op linguistescher Basis wuel och domat ze dinn, dass d’Lëtzebuergescht als traditionell mëndlech Sprooch, där hir Grammaire an der Schoul oft just brochstéckhaft enseignéiert gëtt, vill méi Variatiounen kennt, erlaabt an toleréiert wéi eng méi institutionaliséiert Sprooch, wat wärend engem éischten, der Linguistik gewidmete Panel ëmmer nees zum Thema gouf.

Dageszeitung oblige kënne mer hei net an all d’spannend Detailer agoen, ma et war eng spannend Iwwer- an Aussiicht, an där de jonken post-doktorale Fuerscher Sam Mersch an enger diachronescher, komparativer Approche iwwert d’vermeintlech Origine vu Wieder wéi „Schank“ a „Steng“ opgekläert huet a Parallellen tëschent dem Lëtzebuergeschen a benoperte Sproochen opgedeckt oder am Géigendeel als ierféierend entlarvt huet. Vun der Claudine Moulin gouf een esou munches iwwert d’Digitaliséierung an d’Vernetzung vu Wierderbicher gewuer, wärend de Peter Gilles gewisen huet, wéi räichhalteg déi partizipativ „Schnëssen“-App, fir déi 1 Prozent vun der Lëtzebuergeschsproocheger Bevëlkerung Date bäigedroen huet, fir d’Evaluatioun vun allméigleche Phenomener wéi z.B. d’Eraarbechte vu Preferenz-Reegelen bei Variatiounen, ass.

D’Caroline Döhmer vum ZLS huet an engem impressionnante Parcours gewisen, wat Acquisen, mä och Schwächte vun de Lëtzebuerger Grammairen sinn, déi et den Ablack gëtt, an Ziler gesat, wéi eng zougänglech Grammaire, déi an engem Zesummespill mam LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) funktionéiere muss, sollt ausgesinn: Am Géigesaz zu vergaangenen Aarbechte soll si ënnert anerem a lëtzebuergescher Sprooch sinn, enger sënnvoller Andeelung entspriechen an eng kloer Empirie mat korpus-baséierte Beispiller opweisen.

Neien Terrain: d’Bande dessinée

Mëttes geet et weider mat méi literareschen Debatten. Iwwer déi aktuell Situatioun vun der BD zu Lëtzebuerg huet de Conservateur Claude Kremer geschwat, deen zanter 2016 als Digital Curator am CNL schafft. Virun 20 Joer hätt de Lëtzebuerger Autorenlexikon BD-Kënschtler nach net opgeholl, sou de Claude Kremer. Deemools wier dëse Manque ze vertriede gewiescht, well Enn 2006 d’Buch „Comics in, aus und über Luxemburg“ verëffentlecht gi wier. Säitdeem hätt sech awer esou vill am deem Beräich gedoen, datt eng konsequent Archivéierung noutwenneg gi wier.

Wëssen iwwer déi Lëtzebuerger BDiste liwwert ënnert anerem d’Buch „Humoristic Luxembourg – 31 portraits de cartoonistes contemporains“. Dat dräisproochegt Wierk ass 2017 erauskomm. E weideren Iwwerbléck bitt d’Buch „60 illustrators of Luxembourg“, wat d’lescht Joer op de Maart koum. Natierlech wiere BDisten och a sëllechen Zeitungen an Zäitschrëfte rezenséiert ginn, mä déi meescht Artikelen hätte sech net verdéift mam Sujet auserneegesat. Als eenzeg Ausnam gëllt de Superjhemp.

„Eis Haaptaufgab am CNL ass et, de Patrimoine ze sammelen an zougänglech ze maachen“, sot de Kremer. An dësem Sënn wier et hiert Uleies, d’Material iwwer d’BDen zu Lëtzebuerg systematesch zesummenzedroen an déi Beräicher, iwwert déi nach net esou vill bekannt wier, ze erschléissen. Keng einfach Aufgab, wéi e Kremer mat sengem Virtrag kloer mécht. Vill BDe wieren episodeweis an der Press verëffentlecht ginn, och no deem Zäitpunkt, zu deem Comicalbe schonn eng fest Plaz an de Bicherregaler gehat hätten. Eng grouss Roll hätt hei d’Revue gespillt – do hätt zum Beispill de Gab Weis seng Billergeschichten iwwert den Hobby-Detektiv Mil erausbruecht.

De Bibliothekär gouf och ee klengen Ofrëss vun der méi rezenter BD-Geschicht. En Héichpunkt wier d’Verëffentlechung vun der éischter BD op Lëtzebuergesch mam Titel „Dem Asterix säi Jong“ Enn vun den Achtzeger Jore gewiescht. Bannent e puer Woche wier dësen Album 15.000-mol verkaf ginn. An den 90er Jore wieren dunn d’Comicfestivals entstanen, ënnert anerem deen zu Conter. Et hätte sech verschidde Stiler gebilt, sou datt d’BD hei am Land „divers an dynamesch“ gi wier. Nach géing et kee richtege Lëtzebuerger Webcomic ginn, seet de Kremer. Zwou Lëtzebuerger Kënschtlerinne wieren awer an dëser Richtung ënnerwee: d’Sabrina Kaufmann an d’Valérie Minelli.

D’Sabrina Kaufmann verëffentlecht ënnert anerem illustréiert Märercher am Mangastil online (hei kënnt een op hir Internetsäit) an d’Valérie Minelli post hir Comics op Instagram – hire Profil „mrs.frollein“ huet schonn eng hallef Millioun Follower. Dat wier och international schonn immens vill, sou de Kremer.

Posture vum Auteur a Figure vum Béisen

Wärend der Fabienne Gilbertz hirer Interventioun um Freideg goung et ëm d’Posture vum Schrëftsteller am Kontext vu senger nationaler Zougehéieregkeet. Et wier opfälleg, dass francograph Auteure wéi den Edmond Dune sech mat Hänn a Féiss dergéint gewiert hunn, als „poète luxembourgeois“ bezeechent ze ginn, wouhigéint déi Auteuren an Auteurinnen, déi op Däitsch schreiwen, sech duerchaus als Lëtzebuerger Schrëftsteller*inne gesinn hunn an och stilistesch domat gespillt hunn, op Ausdrocksforme zeréckzegräifen, déi een däitschen Auteur esou net benotzt hätt.

Esou gouf et do bei engem Auteur wei dem Roger Manderscheid eng Identifikatioun, jo eng Accaparatioun vun enger Sprooch, déi een Däitsche vläicht als schif gesinn hätt, wärend den Dune engem Paräisser Ideal nogetigert ass a Saache vu sech gouf ewéi: „A mon sens, la littérature (luxembourgeoise) d’expression française n’existe pas.“

Eng polemesch Figur vun engem net onpolemeschen Auteur: dem Norbert Jacques säin „Dr. Mabuse“
Eng polemesch Figur vun engem net onpolemeschen Auteur: dem Norbert Jacques säin „Dr. Mabuse“ Foto: Archiv

D’Fuerscherin gesäit ee méigleche Grond vun där Diskrepanz an dem Fait, dass de franséische Literaturbetrib ëmmer scho monozentristesch opgestallt war, wärend dësen an Däitschland plurizentral funktionéiert, wat deen Ament méi Variatiounen innerhalb vun an Identifikatioun mat de jeeweilege Regiounen oder Stied erlaabt an de Lëtzebuerger Auteuren eng gewëssen Onofhängegkeet erméiglecht huet. D’Fuerscherin Marie-Anne Hansen-Pauly gräift änlech Gedanken op, an deem si kuckt, wéi Polyglossie an de schwierege Rapport zur Mammesprooch an de Wierker vum Pierre Joris an der Irine Welsh funktionéiert. Och hei gesäit ee Beispiller vu Rejet a vun Akzeptanz oder Houfert – an dat an de Wierker vun enger an där nämmlechter Persoun.

Den Assistent Professor Oliver Kohns deckt Parallellen op tëschent dem Norbert Jacques – den deemools als „enfant terrible“ vun der Lëtzebuerger Literatur bezeechent gouf an deem seng Positioune wärend dem Zweete Weltkrich vill diskutéiert goufen – senger Figur dem Dokter Mabuse an dem Prototyp vun enger antisemittescher Figur – eng Interpretatioun, déi sech där méi klassescher Interpretatioun stellt, laut där deen nämmlechten Dokter Mabuse den autoritären Diktator an deemno den Hitler géif metaphoresch duerstellen. Kann eng Figur gläichzäiteg als antisemittesche Prototyp hinhalen a fir déi Persoun stoen, déi eegenhänneg fir de Massemord u sechs Millioune Judde verantwortlech war?

D’Interventioun war op alle Fall eng vun de poleemeschsten, well si ee gutt Beispill fir d’Limitte vun der Interpretatiounsfräiheet gëtt oder awer, ganz nom Pierre Bayard, weist, dass och widderspréchlech Visioune vun engem Text, esou laang se enger interpretatiounsimmanenter Logik noginn, vertriede kënne ginn. Do war et da schued, dass dat, wat bei esou Colloquen dacks d’Diskussioune verhënnert, agetrueden ass: Den intensive Programm huet zum Weidermaache gezwongen, a wie virtuell dobäi war, konnt mam Trouscht, wärend der Mëttespaus kënne weider ze diskutéieren, net vill ufänken. All dat weist awer just, dass d’Luxemburgistik sech nach enge sëllechen Themen, Erausfuerderungen an Debatten stelle wäert. An deem Sënn war dës Serie u Konferenzen net just ee spannende Réckbléck, ma och eng Ukënnegung vun all deem, wat nach wäert kommen.