Montag17. November 2025

Demaart De Maart

BuchbespriechungD’Inkarnatioun vum Begrëff Passivitéit – „De Bicherbus“ vum Christiane Kremer 

Buchbespriechung / D’Inkarnatioun vum Begrëff Passivitéit – „De Bicherbus“ vum Christiane Kremer 
 Foto: Kremart

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

Wat mécht een, wann engem säi spéidert Liewe quasi vun Ufank un, bis an dat klengstent Detail geplangt ass, een eigentlech bal alles huet, wat een am Fong ëmmer wollt, an een awer onzefridden ass? Ma am beschten, et mécht een et wéi d’Corinne, d’Protagonistin aus der Christiane Kremer hirem éischte Roman „De Bicherbus“. Oder besser och net … 

D’Corinne Rausch, d’Fra respektiv Nach-Fra vum Deputéierte Joé Welter, ass méi wéi onglécklech an hirer Bezéiung mam geléierte Jurist, déi sech nëmmen nach tëschent Dier an Aangel ofspillt. Mee och mat hirem gemeinsame Liewen, hirem Plang, dee se sech zesummen opgestallt hunn, ka si sech einfach net méi identifizéieren. An där Zait, wou de Joé op d’Uni gaangen ass, huet d’Corinne direkt no der Schoul op enger Bank eng Plaz fonnt, fir schonn eemol e klenge Fong u Sue fir déi gemeinsam Zukunft unzespueren. Dono huet si opgehale mat schaffen, fir hirem Mann „de Réck fräizehalen“, hie bei senger Aarbecht als Deputéierten, déi hie bis an d’Chamber féiert, ze ënnerstëtzen. Si huet sech hir Passioun fir d’Liesen an hir Interesse komplett an den Hannergrond gestall a sech nëmmen nach op de Joé an hir gemeinsam (oder awer éischter seng?) Pläng fokusséiert. Bis op ee gewësse Punkt ass der Christiane Kremer hirer Protagonistin dat awer verständlecherweis net méi duergaangen.

D’Corinne wëll hiert Liewen änneren, et selwer an de Grapp huelen a méi wéi nëmme passiv niewent hirem Mann stoen. Mee sou richteg geléngt hir dat dann awer net. Wuel mécht d’Corinne no hirem Neistart eng Rei intressant Bekanntschaften, deet sech mat enger aler Frëndin, dem Sylvie, zesummen a kënnt endlech mol erëm e bëssen ënnert d’Leit. Trotzdem bleift si net nëmmen ouni Aarbecht, mee och ouni Perspektiv. A vun hirem fréiere Liewen an hirem zukünftegen Exmann kënnt d’Corinne a politesch turbulenten Zäiten, vu virgezunnene Walen am Joer 2013, am Endeffekt dach net richteg lass. Dat Eenzegt, wat hirem langweilegen Alldag, dee vun der Sich no Aarbecht an dem reegelméissege Gang op d’ADEM dominéiert gëtt, e bëssen Ofwiesslung bréngt, sinn de Bicherbus an e sprëtzege jonke Kärel mam Numm Aldo.

Wann d’Lethargie dominéiert

„Ëmmer dat Waarden op Beweegung, op Aktivitéit.“ – Jo, op déi Aktivitéit waarden de Lieser an d’Lieserin och. Dem Personnage vum Corinne hätten e bësse méi Energie a Spontanitéit ewéi déi vum Aldo bestëmmt net wéigedoen. Als Lieser a Lieserin wéilt een am léifsten dohigoen an d’Protagonistin aus dem Roman eemol waakreg rëselen, esou passiv a lethargesch schleeft si sech nämlech duerch d’Liewen! An deem Sënn ass et scho méi wéi nëmmen eng Iwwerraschung, datt d’Corinne ganz spontan zesumme mam Aldo, op dee si definitiv een A geworf huet, et awer wéinst dem Altersënnerscheed net esou richteg akzeptéiere wëll, ee Minitrip an de Cornwall ënnerhëlt. Och hei hätt ee sech als Lieser a Lieserin vum Corinne, mee och vum Aldo vläicht méi erwaart wéi nëmmen e bëssen Händchenhalen an e Kussi hei an e Kussi do.

E Fonke méi Energie, Feier, vläicht souguer Leidenschaft hätt der Geschicht eventuell ganz gutt gedoen, well ëmmerhin huet een et esouguer als Lieser a Lieserin tëschent deenen zwee kréckelen héieren. Och vun der Literatur, déi d’Corinne sech am Bicherbus ausléint an déi hirem Liewe jo awer erëm e gewësse Sënn ze gi schéngt, kritt ee bis op e puer Zitater an Titelnennunge leider relativ wéineg mat. Mee dorops läit am Endeffekt och vläicht net de Fokus vum Roman, deen net nëmmen an enger humorvoller an ugeneemer Sprooch erzielt ass, mee deen och seng méi déifgrënneg Passagen enthält. E klenge Plot-Twist, deen ofgesi vun der Cornwall-Rees dann endlech mol e bësse Geschéien an dem Corinne säi Liewen erabréngt, sinn déi skandaléis Schlagzeilen iwwert d’Corinne an de Joé an der Lëtzebuerger Press. Leider bréngt si dat op hirem Wee, endlech vun hirem ale Liewe lasszeloossen, och net wierklech weider, ausser datt si nach eemol de Beweis dofir huet, datt si definitiv méi wëll, wéi nëmmen am Schiet vun engem Deputéierten ze stoen.

„Ze vill Passivhaus“

Obschonns d’Story vum Gesamtroman luewenswäert ass, huet ee wärend dem Liesen d’Gefill, änlech wéi d’Corinne, net richteg vun der Plaz ze kommen. Iwwerhaapt freet ee sech um Enn vum Roman, deem seng Stäerkten definitiv an de méi dramatesch formuléierten Drampassagë vun der Erzielerin leien, ob d’Corinne sech an hirem Charakter weiderentwéckelt huet. Well esou richteg aus hirer Passivitéit schéngt si en fin de compte dach net auszebriechen.