Betrunken hinterm Steuer

Betrunken hinterm Steuer

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

In der Nacht von Freitag auf Samstag wurden wieder viele Autofahrer erwischt, die aich trotz Alkoholkonsum hinters Steuer gesetzt haben. In Schieren landete ein alkoholisierter Fahrer in eine Hecke. Prompt ließ er den Wagen stehen, verließ den Unfallort und ging nach Hause zum Schlafen. Dort klingelte dann bald darauf die Polizei.

In Differdingen erwischten die Beamten zwei betrunkene Fahrer bei einer Kontrolle. Einem wurde noch vor Ort der Führerschein entzogen. In Ahn wiederum fiel ein Fahrer wegen viel zu hoher Geschwindigkeit auf. Teilweise war das Auto mit über 160 km/h unterwegs. Im Dorf ignorierte der Fahrer ein Rotlicht, doch kurz darauf war die Fahrt vorbei – die Polizei stoppte den Wagen und stellte fest: Der Fahrer stand unter sehr starkem Alkoholeinfluss.

In Grevenmacher nahm ein Trunkenbolt der Polizei erst die Vorfahrt, um dann seine Fahrt in Schlangenlinien fortzusetzen. In Flaxweiler zogen die Beamten ein Führerschein ein, weil ein alkoholisierter Fahrer bereits 12 Punkten verloren hatte. Auf der A7 in Höhe der Ausfahrt Mersch verlor ein Fahrer wegen Aquaplaning die Kontrolle über sein Auto und prallte gegen die mittleren Leitplanken. Die Polizei stellte allerdings fest, auch er hatte Alkohol im Blut.

In der Hauptstadt stellte sich ein Fahrer der Bahnhofspolizei. Er behauptete einen Unfall mit seinem Fahrzeug gehabt zu haben. Resultat: Der Wagen sei fahruntüchtig. Der Mann war betrunken. Noch seltsamer war der Fall eines anderen Betrunkenen. Er parkte sein Auto einfach mitten auf der Fahrbahn und lag halbschlafend auf dem Fahrersitz.

 

jang_eli
11. September 2017 - 11.18

@Rosch. Dir hutt vollkomme Recht wann Dir soot "Wann all Problem mat méi héigen Steieren ze léise wär." Genee dorop wollt ech hiweisen (ech war villeicht net grad ganz explizit). Zevill Zocker an der Cola, eng Zocker steier, zevill Nicotin an der Zigarett, eng Tubaksteier, Zevill Autoen op der Strooss, eng Maut, etc. Mee wann alles emmer méi héich bestäiert gett waat anscheinend ongesond as, firwaat da net och den Alkohol radikal méi héich, deen u villen Autosaccidenter Schold as, hun ech mir geduecht. @ Nicole. Ech sin keen Journalist a keen Expert a Sachen Alkohol um Stäierrad. Ech gesin allerdings an de skandinavesche Länner, datt do vill méi extrem géint Raser an den Alkohol um Stäierrad bestroft gett. Zum Beispill direkt mat der Immobilisatioun vum Auto, an een dono och fir eng Zäit keen aneren kann umelden. @Rosch & Nicole: Mat Stäieren oder radikale Mossnahmen sin, ménger Meenung no, net allzevill Alkohols- oder Raseraccidenter ze verhenneren. Et muss een Emdenken an der Populatioun do sin, datt ee net Auto fiert wann ee gedronk huet (iwrigens och een Opruf un déi Leit déi déi Persoun gesin déi wellt enner Alkohol fueren ze argumentéiren datt déi Persoun net soll fueren - et gouf mol eg Zäit wou de Wirt matschelleg war wann hien engem "zevil" erausgeschott huet an doduerch een Accodent geschitt as). Wann daat Emdenken do as, kann ee sech all déi aner Bestrofungen oder Steieren oder waat soss nach proposéiert gett, spueren. @Nicole. Wann en Emdenken an der Populatioun an an der Politik do as, da gin och keng Steiergelder méi zur Fenster erausgehäit fir, wéi Dir soot, "Krichswouscht". Ech hoffen heimatt méng Meenung ausféierlech genuch gesoot ze hun. Fir weider Informatiounen an Argumentatiounen sin d'Journalisten do an eng asbl déi sech em d'Accidentsaffer kemmert. Ech wärt heizou elo kee Kommentar méi oofgin.

Rosch
11. September 2017 - 9.36

@jang_eli. Dir maacht Iech et e wéineg einfach. Wann all Problem mat méi héighen Steieren ze léise wär, hätte mer guer keng Problemer méi an d'Ministern géifen sech Peien vun 100.000€/Mount gönnen. Steieren op Alkohol, Steieren op Drogen, Steieren op "décken" Auto'en. Ech schloe vir: (héich)Steieren op "Freedefeier" déi total iwerflësseg sin. Dee leschte Sonndeg goufen zu Gréivemaachetr etlech Tonnen héich gëfteg Substanzen an d'Luucht geschoss,e Méindeg, 11.09. daatselwecht an der Staadt no der Fouer, an d'Autofuhrer solle Schold sin u schlechter Loft ?? Allez !

Nicole
10. September 2017 - 19.49

@jang_eli. Leider as an Ärem Kommentar och kee Virschlaach, wéi méi Akzidenter kënne verhënnert gin ausser Är toopech Fuerderung no méi Steieren ! Wie wann d'Sëffer dovun beandrockt géife gin. Mat enger neier Steier gi jidefalls keng Akzidenter verhënnert ! Daat as Populismus pur fir esou eppes ze fuerderen an et encouragéiert d'Regierung fir nach méi Geld aus der Fënster ze geheien fir Krichswouscht. Awer garantéiert nët fir d'Verkéierssécherheet !

jang_eli
10. September 2017 - 17.47

Madame Nicole, ech hun elo an Ärem Kommentar zu mengen zwou Zeilen leider keng eegen Viirschléi gelies wéi een déi vill Accidenter ka verhenneren déi duerch den Alkohol produzéiert gin. Schued fir all déi vill Affer a Familjen déi ennert esou Accidenter leiden.

Nicole
10. September 2017 - 15.24

@jang_eli. Gottseidank kréien esou Leit wéi Dir NIE eppes ze soen well mat topechen Ideen as kee Blummestack ze gewannen. Dir mengt, mat Steieren kennt Dir d'Welt regéieren ? Wou bleiwt dann z.B. den Erfolleg, dass d'Autosteier virun e puer Joer massiv erop gesaat gouf ? Et reent ëmmer nach an d'Regierung ka méi Krichsspillsaache wéi Drohnen asw. kaafen ! War daat den Zweck dovun ??? Eng säfteg Alkoholsteier hätt Dir gären ? Hut Dir nach nie eppes dervun héieren dass een Alkohol och kann op Tankstellen, a Supermarché'en oder am Ausland kaafen ? Den Auto konfiskéieren ?Daat gët et scho laang wann z.B. een ouni Bong weider fiert !An die ganz Schlau gin sech op d'Schrottplaatz irggendeng Ruin kaafen (déi nach uspréngt) a fuhren dann domat.Dir musst d'Rad nët nei erfannen ! D'Welt huet genuch Weltverbesserer mee si gët awer nët besser.

jang_eli
10. September 2017 - 14.01

Eng Zockerstaier ... Wéini eng säfteg Alkoholstaier an d'Konfiskatioun vum Auto op der Platz ? Den Auto kann eng Waff sin