19. November 2025 - 17.14 Uhr
Akt.: 19. November 2025 - 17.28 Uhr
Forum vum Roby MehlenD’Mooss ass voll! Wisou ech aus der ADR austrieden a mäin Titel als Éirepresident zeréckginn
Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser war kierzlech zwee Deeg op Besuch zu Sotchi an huet do verschidde Vertrieder vun der russescher Oligarchie getraff, ënner aneren de fréiere President Medwedew, deen sech reegelméisseg e Spaass draus mécht, den Europäer mat Atombommen ze dreeën. Hie seet, et wäre „ganz produktiv, ganz intressant Diskussioune“ gewiescht an hien hätt „ganz vill gudde Wëlle“ bei de Russe begéint, fir déi aktuell „Krisen“ ze iwwerwannen. An senge Verlautbarunge beschëllegt hien d’Europäer der Krichsdreiwerei, behaapt, si géifen den Dialog mat de Russe refuséieren a schwätzt sech géint déi russesch Sanktiounen aus. Hien huet souguer mat de Massemäerder aus Russland fir de Fridde gebiet, amplaz ze fuerderen, si sollten dach endlech ophalen dagdeeglech an der Ukraine onschëlleg Zivilisten, besonnesch Kanner a Fraen, ëmzebréngen. Wat fir eng aarmséileg Heuchelei!

Dat ganzt Geschwafel vum Här Kartheiser leeft drop eraus, de vëlkerrechtswiddrege russeschen Iwwerfall op d’Ukrain, fir deen et null Justifikatioun gëtt, ze relativéiren a quasi der EU respektiv der NATO d’Schold ze ginn, datt zanter bal véier Joer e mäerderesche Krich an der Ukraine gefouert gëtt. Hie mécht sech domat zum Propagandist vun der russescher Verbriecherclique, déi am eegene Land jiddfereen aspäert oder zur Fënster erausgehäit, deen net mat hirem Terror d’accord ass. Hien ass dobäi a beschter Gesellschaft mat Orban a Fico, déi vun him gelueft ginn an och mat Deeler vun der AfD an Däitschland, déi dat selwecht aarmséilegt Spill bedreiwen.
Jo, Russland ass schonn amgaang Krich géint europäesch Länner ze féieren, a warscheinlech sinn – an den Ae vum Här Kartheiser an senge Gesinnungsgenossen – mir Europäer doru schold
Ech weess net, ob den Här Kartheiser mat senge russesche „Frënn“ iwwer dee clandestine Krich geschwat huet, deen d’Russe scho laang géint Europa féieren, ugefaange mat dem Duerchrappe vu Leitungen an der Ostsee bis zu den Dronen iwwer eise Flughäfen. Ganz ofgesinn vun der manipulativer Liggepropoganda an de sozialen Netzer, fir eis Demokratien ze destabiliséieren. Jo, Russland ass schonn amgaang Krich géint europäesch Länner ze féieren, a warscheinlech sinn – an den Ae vum Här Kartheiser an senge Gesinnungsgenossen – mir Europäer doru schold.
Loosse mer d’Situatioun mol realistesch kucken: De Putin huet sech mat sengem Iwwerfall op d’Ukrain kolossal verrechent. Déi mënschlech an ekonomesch Bilanz vun senger Aventure ass och fir Russland katastrophal. Awer hie kann net méi zréck an duerfir féiert en deen onsënnege Krich weider „ohne Rücksicht auf Verluste“. Sou wéi den Hitler 1944, wéi de Krich fir Nazidäitschland verluer war. Mat alle schreckleche Konsequenzen. A wéi deemools gëtt et Leit, déi sech virun d’Kar vum Onrecht spane loossen, fir dem „Fridden“ ze déngen.
Fridden ass nëmme méiglech, wann den Aggressor gestoppt gëtt; net wann ee mat de Mäerder heuchleresch fir de Fridde biet an déijéineg, déi an d’Verdeedegung investéiren, der Krichsdreiwerei beschëllegt. An der Ukrain ka mar Fridde sinn, wa Moskau dat wëllt. All Offer vun Dialog a Verhandlungen ass bis elo un der russescher Verweigerungshaltung gescheitert. Ech ka mer schwéier virstellen, datt den Här Kartheiser sou naiv ass, dat net anzegesinn. Duerfir kann ech seng Attitude och net verstoen, et sief dann, et wär plakege Populismus, fir do Stëmmen ze fänken, wou déi russesch Propaganda op fruchtbare Buedem gefall ass. Dat wär an héckstem Mooss verwerflech.
D’ADR, déi ech iwwer 20 Jar presidéiert hunn, huet sech hanner hiren Europadeputéierte Fernand Kartheiser an seng Putin-frëndlech Politik gestallt
Dat demokratescht Europa ass de Moment a grousser Gefoer. Et geet drëm, eis Wäerter vu Fräiheet, Demokratie a Gerechtegkeet mat alle Mëttelen ze verdeedegen. Géint kriminell Elementer, déi, eng Kéier un der Muecht, net méi lassloossen, an deenen d’Wuel vun hirem eegene Vollek wurscht ass. Wéi mer mat grousser Suerg gesinn, weist sech sou eng Tendenz souguer bei eisen amerikanesche Frënn.
D’ADR, déi ech iwwer 20 Jar presidéiert hunn, huet sech hanner hiren Europadeputéierte Fernand Kartheiser an seng Putin-frëndlech Politik gestallt. Ech soe bewosst net russlandfrëndlech, well dat russescht Vollek selwer gréisstendeels Affer vun där Politik ass. Déi Attitude vun der ADR ass mat menger Opfaassung vu Rechtstaatlechkeet, Fräiheet an Demokratie onvereinbar.
Dat heescht am Kloertext, datt ech aus der ADR austrieden an domat och mäin Titel als Éirepresident zeréckginn.
De Maart
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können