Freitag31. Oktober 2025

Demaart De Maart

LeserforumSinn d’„aides-soignant(e)s“ dann elo hannebäi a vir widder?

Leserforum / Sinn d’„aides-soignant(e)s“ dann elo hannebäi a vir widder?

Virun e puer Joer hate mir schonn esou en ähnlechen Artikel an d’Zeitung gesat, deemools war den Titel „Et geet elo duer, net méi esou mat eis“, mee mir als ALAS ginn d’Gefill net lass, dass verschidde Politiker nach net verstanen hunn, wou de Schong bei de Gesondheetsberuffer wierklech dréckt. Sécher komme manner Grenzgänger eriwwer, well si eng Work-Life-Balance wëllen hunn, mee huet sech dat net scho viru Joere bemierkbar gemaach an net eréischt elo an der Pandemie, déi jo wierklech d’Schold kritt fir alles?

Ass et net éischter esou, dass eis Politiker net reagéiert hunn a wéi sou oft schonn de Moment erëm verpasst hunn, fir de Problem unzegoen an ze léisen? Ass et wierklech néideg, nei Beruffer ze schafen, fir enger Pénurie entgéintzesteieren, amplaz vun enger reeller Revalorisatioun auszegoe fir déi Beruffer, déi um Terrain sinn?

Natierlech denke mir do un éischter Plaz un de Beruff vum „aide-soignant“ (AS). Wann den „diplôme technicien“ (DT) dann elo awer kënnt, wou mir am Ufank, wou en thematiséiert gouf, mam Saz berouegt gi sinn, „dee wëll keen ausser der Copas an dem LTPS“, stelle mir no der rezenter Plénière an der Chamber fest, dass vill Politiker hir Meenung geännert hunn. Den „assistant activitée quotidienne“ (AAQ) gëtt jo schonn ausgebilt, wann den DT dann och elo kënnt, da gi mir, d’AS, e Sandwich, deen dann opgefriess gëtt.

Firwat schreiwen ech dëst? 1. AAQ kréien zu 90% vun eise Kompetenzen, an hirer zweejäreger Ausbildung kréie si awer just e Minimum un Theorie bäibruecht, wat verschidden technesch Akte betrëfft (déi bis elo zu eisen Attributioune gehéiert hunn), an dierfen dëst dann um Terrain ausféieren, awer sinn da méi bellëg ewéi den AS.

2. DT kréien déiselwecht Kompetenze wéi mir AS, si vläicht e bësse méi deier ewéi mir, awer mei bëlleg ewéi den Infirmier, vun deem si och e puer Kompetenzen dierfen iwwerhuelen.

3. D’Passerelle vum AS op den Infirmier, déi oft ernimmt gouf, bleift erëm mat Sécherheet en eidelt Verspriechen, oder war et vläicht just e Verschwätzen? Also, AS, wéi laang bis „weg vom Fenster“, wou mir jo an der Pandemie esou wäertvoll a kompetent waren an all eis geléiert Attributiounen ausféiere konnten?

Léif Politiker, vergiesst net: Muer kéint Dir selwer Bewunner oder Patient sinn. Da wäert och Dir vun deene Fleegkräfte betreit ginn, déi haut ënner Käschtendrock a spuermotivéierte Moossname leiden. Wann d’Käschte méi ziele wéi d’Wuelbefanne vun eise vulnerabelen oder eelere Matbierger, wat bedeit dat da fir d’Zukunft vun der Fleeg?