Gro Zelle fir 2022

Gro Zelle fir 2022

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Eng Satir: "Vu Minett a Matière grise" vum Jhemp Hoscheit

Vu Minett a Matière grise – vum Jhemp Hoscheit

O! Wat eng Begeeschterung, wéi d’Decisioun gefall ass, den 10. November 2017, datt Esch 2022 europäesch Kulturhaaptstad gëtt. Wéi si se sech an d’Äerm gefall. Kussi, Kussi, Bravooo! Mischo, Knaff a Co kréie vum Vera Spautz a Co Esch 2022 op engem sëlwer Plateau zerwéiert.

De Kuturminister Xavier Bettel, dee ganz megalomanesch mengt, seng Ried virun der Jury hätt de Projet gerett, sot no der Reunioun nach zu der Press: „Hier on a extrait l’acier de la minette, aujourd’hui on extrait la matière grise des cerveaux.“

Hunn ech dat lo richteg verstanen, hunn ech bei mär geduecht. Datt eise Xavier Bettel net weess, datt fréier net gläich Stol aus dem Minettgestengs erauskoum, dat huelen ech him net fir iwwel. Awer datt een haut d’Matière grise aus dem Gehir eraushëlt?! … Mat där bettelscher Ausso stëmmt dach eppes net! Wann een ëmmer méi där groer Zellen eraushëlt, denken ech mer mol, da bleift jo näischt méi am Gehir! … Dat heescht, wann ech richteg verstinn: fréier hunn d’Schmelze gedämpt an haut sollen d’Käpp dämpen? Gro Zellen amplaz vu roude Steng!

Jo, mee, wann d’Matière grise bis ganz aus de Käpp erausgeholl ginn ass, wat soll dann do nach dämpen? … Do hat ech dach geduecht, et wär wichteg, datt mer méi Matière grise an d’Käpp kréien. A grad d’Kultur géif dozou bäidroen? Oder ieren ech mech do!

Gerhir, dat brooch läit

Et ass nämlech biologesch erwisen, datt, wann d’Gehirzelle bis eng Kéier all aus dem Gehir verschwonne sinn, se absolut kee geeschtege Wäert méi hunn. Laut rezente Studie vun Hirnforscher verléiert all gro Zell ausserhalb vum Gehir, also am Vakuum, u Substanz. Dat, wat haut nach vun de Schmelzen iwwreg bliwwen ass, also d’Frichen, ass – wann ech dem Xavier Bettel seng Ausso richteg verstinn – deemno ze vergläiche mat engem Gehir, dat duerch d’Extraktioun vun de Gehirzellen elo komplett brooch läit!

Fréier: am Süde vum Land: floréierend Industriesiten an haut … geeschtegt Broochland! … Eng Eminence grise aus dem Institut vun den Europäeschen Hirnforscher huet souguer an enger weltwäit unerkannter Etude bewisen, datt, wann déi gro Zelle bis eng Kéier fort sinn, dem Mënsch seng geeschteg Leeschtungsfäegkeet ofhëlt. Fréier hätte mer also, wann ech de Xavier Bettel richteg verstinn, e Minettofbau gehat, an haut hätte mer en Intelligenzofbau! Fir hien symboliséiert Esch als europäesch Kulturhaaptstad deen duebelen Ofbau op eng exemplaresch Manéier!

Fir gro Hoer ze kréien

Wat net duerch wëssenschaftlech Etudë bewisen ass, dat ass, datt ee laut dem Xavier Bettel senger Behaaptung – also der Extraktioun vu Matière grise aus dem Gehir – och nach zousätzlech gro Hoer kritt. Wéi et schéngt, gëtt et keen direkte biologeschen Zesummenhang tëscht dem Verloscht vu Grozellen an dem Wuesse vu groen Hoer. – Also dat nëmmen niewebäi gesot.

Et ass awer fir gro Hoer ze kréien, wann een dat héiert an … wann een der iwwerhaapt nach huet!

Ech hoffen, fir mäin Deel, datt déi Saach mat dem Xavier Bettel senger Extraktioun vu Grozellen ee vu senge speziellen Hirngespinster ass … also souzesoen eng reng gro Theorie bleift … soss kënne mer d’Kulturhaaptstad vergiessen. Wa bis 2022 d’gro Zelle vun de Minettsdäpp all verpufft oder extraéiert sinn, da gesinn ech … schwaarz fir 2022.

Hoffentlech bleiwen dem Xavier Bettel nach e puer gro Zellen iwwreg. Da misst hien elo schonn ufänken, déi nees ze reaktivéieren …