„En Haus wéi en Haus“ vum Elise Schmit: „D’Erënnerung stécht am Krëppeng“

„En Haus wéi en Haus“ vum Elise Schmit: „D’Erënnerung stécht am Krëppeng“

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Nodeems „En Haus wéi en Haus“ am Kader vum „Kaz am Sak“-Projet uropgefouert gouf, huet MASKéNADA entscheet, d’Stéck an säi Programm vun der Saison opzehuelen. Eng gutt Entscheedung: „En Haus wéi en Haus“ iwwerzeegt duerch eng präzis, plastesch Sprooch, een intelligenten Dispositif a stellt d’Fro no deem, wat eigentlech en Doheem ass – a wat passéiert, wa mer et verléieren.

„Et ass just en Haus. Du hues zoufälleg emol hei gewunnt. Souvill wëllt dat net heeschen“, mengt de Brudder (Clod Thommes). „Dach, dat wëllt alles heeschen“, äntwert seng jonk Schwëster (Piera Jovic). Wéi eng emotional Verflechtung ass et, déi aus engem alen Haus – mat „Rëss an de Fënsterlueden“ an enger Fassad, déi „näischt méi ass“ – en Doheem mécht?

„Du richs kee Fett, du richs Iessen. Du weess, wou d’Taarten agefruer leien. Et huet geheescht, du dierfts déi net eleng siche goen.“ Um Ufank vum Stéck sinn et d’Erënnerungsfragmenter, déi d’Annette Schlechter mat hirer donkeler, verfëmmter Stëmm opzielt, déi aus dem Haus méi wéi en Haus maachen – déi eelst Schwëster zielt se op, wéi wa si aus den Iwwerreschter, dem Agefruerenen, de Schockelasgrimmele wéilt d’Ëmrëss vum vergaangene Liewen eropbeschwieren.

Dräi Gesëschter versammele sech virum Familljenhaus, wat nom Dout vun den Eltere verkaf soll ginn – eng knaschteg Agence immobilière, wéi kéint et anescht sinn, huet schonn een Intressent fonnt, deen de Krëppeng ofrappe wäert an een ellent, selwergezeechent Haus dohinnerplanze wëll. Nëmmen ass et genee an deem Krëppeng, an deem „d’Erënnerung stécht“.

Pornobuedzëmmer an een niddrege Plafong

Um Ufank steet den Zuschauer am Gaart, vu bausse gesäit e stomm, abstrakt Choreographië vun engem Banneliewen, de Clod Thommes stuerkt liicht rosen an d’Eidelt, ewéi wann de Public um Punkt wier, Hausfriddensbroch ze begoen – wéi wann de Public déi zwee héiflech, bedreelech Bouwen aus dem Haneke sengem „Funny Games“ wier.
Kuerz drop erschéngt eng Immobilienhändlerin (d’Regisseurin Tammy Reichling), déi an engem enken Tailleur kromm, hektesch an iwwerdriwwen héiflech en Depliant verdeelt, op deem den „Objet“ beschriwwe gëtt – Unzuel vun den Zëmmeren, d’Lag an d’Zomm (bal dräi Milliounen, Lampertsbierg oblige), fir déi een e ka kafen.

Et ass am Kader vun enger Visite guidée, wou den Zuschauer dann eben net just d’Raimlechkeete gewise kritt, mä och vergaangen Episoden aus dem Liewe vun der Familljen an d’Diskussioune vun den dräi Gesëchter iwwert hir Ierfschaft.
Den zeeneschen Dispositif, dee sech an enger vun den ongewéinleche Plazen, wou MASKéNADA seng Stécker opféiert (um Enn vun der leschter Saison huet de Max Thommes Kafka an enger Kellerei zu Réimech gespillt) entfaalt, féiert de Public no an no duerch d’Haus – dës Woch een alt Haus um Lampertsbierg, wou eemol Ateliere fir Kënschtler drakomme sollten, Enn Oktober een Härenhaus zu Ettelbréck.

„Gëff mer mäi Plover“

D’Haus um Lampertsbierg, mat absurdem Pornobuedzëmmer, ze niddregem Plafong, enger topeger Bannen-Architektur, ass eng wonnerbar Kuliss fir déi zwielef Fragmenter, déi den Text ausmaachen – d’Mamm, déi ëmmer virun all Mënsch an d’Bett geet, d’Sonndesiesse mat den Tattaen a Monnien, dat Jéngst, wat op der Schaff an Doheem erausgeflunn ass a sech et kuerz virum Verkaf vum Haus nees a sengem alen Doheem gemittlech gemaach huet („Sief frou, dass mer der fir déi lescht Méint kee Loyer froen“, mengen d’Gesëchter), oder eng ganz Declinaisoun u Sträitgespréicher tëschent de Gesëschter – als Kanner streiden si sech ëm ee Plover, als Erwuessener ass de vestimentäre Kaméidi net méi gespillt, mä gëtt nom Dout vun der Mamm ausgeléist, well eng Figur et morbid fënnt, dass déi aner hiert Gezei un eng Asbl ginn huet – „wann ech Pech hunn, begéinen ech hei Jänni a Männi an der Mamm hire Mäntel?“

Géint der Enn gëtt an engem Monolog vum Clod Thommes un den Dout vun den Elteren erënnert – an ëmmer nees op d’Traditiounen, op d’Verflichtungen, op d’Ritualer verwisen, ouni dass den Text an eng „Fréier war alles besser“-Rhetorik verfält, ouni dass en awer och pauschal un d’Idiotie vum kuerzliewege Präsens uspillt, an deem mer eis fir eise (sproochlechen) Heritage bal schummen.

„Mir wollten d’Mamm net op déiselwecht Plaz leeë wéi de Pappa. Dat wier zwar gaang. Si wier mat der Zäit ganz opgaang am Pappa. Mir wollten dat net wëssen. Mir wollten net Schold dorunner sinn.“

Vu Pisspoppen a rose Louderen

Bis an dee leschte sproochlechen Detail ass dem Elise Schmit säin Text vun enger poetescher Nostalgie befall – enger Nostalgie, déi sech net just an den archaesche Familljeritualer, deenen dat Jéngst ënnert dem Dësch wéi e paffen Ethnolog nokuckt, bemierkbar mécht, mä eben och an all den Idiosynkrasien, op déi dës Famill zeréckgräift, fir d’Verhalensreegele vun hirer verschwonnener Welt ze ëmschreiwen – Ausdréck wéi „Braddelmisch“, „Knätzelkätt“ oder „Leitsgeheier“ wierke bal plastesch an hirer Aart, eng vergaangen Epoch nees an d’Liewen ze ruffen.

Wéi Schichte Stëbs leet sech eng Geeschterwelt fir ee leschten Danz op den zeenesche Kader – d’Visite guidée –, deen den Zuschauer duerch d’Haus wanderen deet.

Hei ass en Ecran, do koschtert eng Hausfra, uewe sëtzt d’Piera Jovic an enger Bidden, da stees de selwer um Balcon a stuerks op d’Wiss erof, wou s de virun enger Stonn nach selwer stoungs – eng intelligent Inversioun, déi d’Logik vum Baussen a Bannen notzt, fir ze hannerfroen, wéini a wou mer eis op eiser Plaz oder ebe friem fillen. Genee sou passend sinn dann och déi Choreographien, déi d’Stéck ënnermolen.

Um Schluss denks de, wann s de nees heem oder an den Tram een huele gees an iwwert de Lampertsbierg a säi faarwege Melange un alen an neie Bauten trëppels, un déi „al Këscht“, an där s de selwer opgewuess bass an déi s de eemol däin Doheem genannt hues – a wënschs der vläicht, du häss méi vun denge „Sentimentalitéiten dra verpaakt“.

Jaans
11. Oktober 2019 - 15.08

Merci fir d'Erënnerungen. Dat Wuert 'Krëppeng' hat ech scho bal 40 Joer net méi héieren.