von N.A.
Wann een esou vun der blo-rout-grénger Regierung während véier Joer virgefouert ginn ass, da sicht een no all Stréihallem, fir kënnen Oppositioun ze maachen.
Vläicht hëlleft äre „Palmarès“ aus ärer Regierungszäit (LuxLeaks/SREL/School-Leaks/Saar-Autobunn/Kläranlagen/Bipass Méchela/Militär-Fliger), bei deene Leit Stëmmen ze sammlen, déi nach un den Ouschterhues gleewen!
Laut Ëmfro vum Tageblatt am November si 35% vun de Gefrote fir eng Gambia-2-Regierung mat engem Xavier Bettel als Premier. Also 35%, déi keng Tomaten op den Aendeckelen hunn.
Vläicht kënnt dir als CSV mat äre Rekorder punkten ewéi 30 Joer Nordstrooss, 20 Joer Saar-Autobunn, 30 Joer Bommeleeër-Prozess, 16 Joer Bipass Méchela asw.
Bei der Verfassungsreform sidd dir als CSV jo och scho schéin amgaang, iech ze blaméieren. Laut ärem Spëtzekandidat sinn duerch de Referendum vun 2015 ganzer dräi Joer „Retard“ entstanen. Do muss de d’Héichschoul matgemeet hunn, bis op d’Mansaren, fir dat ze verstoen.
Dës Regierung huet en zweet Mandat verdéngt, a wien dat nit agesäit, dee soll virun de Comptoir stäipen a säin Humpen drénken!
CSV brauch der nët Leed ze doen, déi ass " auf und davon " fir dee nächste Premier ze stellen an ët kann een nëmmen hoffen, dass se nët d'absolut Majoritéit kritt. Vill wärt wuel nët feelen.
Och, de Béierminister hat mech op d’Idee bruecht!
'Bistrot' als Nickname ass Programme, denken ech.
Ech gesinn dat net an! Des Regierung huet alles falsch gemaach wat ee falsch maache konnt. Si huet just d’Chance gehat, dat eng Rei vu Projeten esou weit duerch d’Instanze waren, dat se hu miste ferdeg ginn. Dat ass awer just weint der gudder Viirarbescht vun den CSV Regierunge méigelech gewierscht. De Referendum war effektiv eng Klatsch fir d’Regierung, an si hätten dorobshinn ONBEDENGT misten zeréck trieden. Dat se dat net gemaach hunn weist dar se kee Reckgrad hunn. Schummt iech Gambia.