Sonntag9. November 2025

Demaart De Maart

Schaack will kein Brandstifter sein

Schaack will kein Brandstifter sein

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

FUSSBALL - Mit einem Pressekommuniqué reagierte am Mittwoch Käerjengs Trainer Roland Schaack auf die am vorvergangenen Freitag anlässlich des Schiedsrichter-Kongresses in Junglinster gegen ihn gerichteten Vorwürfe, er sei der „Brandstifter“ des Problems zwischen Trainern und Unparteiischen.

Der UNK-Coach war am 12. September nach der von seiner Mannschaft gewonnenen Partie in der BGL Ligue gegen Hesperingen mit dem Argument zurückgetreten, dass die FLF-Schiedsrichter sein Team benachteiligen würden, da er auf der Bank säße. Wenig später hatte Schaack nach einem Gespräch mit UNK-Präsident Emile Muller davon abgesehen, zurückzutreten.

Nach den Zwischenfällen am zehnten Spieltag (17. Oktober) bei den Partien Canach – Déifferdeng 03 (vier Rote Karten gegen den Aufsteiger, zudem wurde der Unparteiische Mario Pinto Da Costa tätlich angegangen) und Petingen – Wiltz (die Wiltzer Mannschaft hatte nach ebenfalls vier Roten Karten gegen ihr Team einen vorzeitigen Spielabbruch provoziert) hatten die FLF-Referees der FIFA- bzw. A-Kader wenige Tage später bei ihrem Kongress beschlossen, an einem Spieltag zu streiken.

Damals hatte Schiedsrichter Abby Toussaint in seiner Rede mit scharfen Worten Roland Schaack als Hauptschuldigen dieses ganzen Schlamassels verantwortlich gemacht.
Was Roland Schaack mit dem folgenden Schreiben von sich weist und in welchem er die Schiedsrichter auffordert, solch eine Vorgehensweise in Zukunft zu unterlassen, ansonsten wolle er juristisch gegen Toussaint und Co. vorgehen.

Pressekommuniqué

„Betreffend d’Aussoe géint meng Persoun, déi vum Arbitter Abby Toussaint um Arbitterkongress zu Jonglënster, Freides, den 22. Oktober 2010 gemaach goufen.

Als Trainer, a generell als bekannt faire Sportsmënsch, vun engem grousse Fussballveräin muss et mir, wéi och all anere Sportsleit, erlaabt sinn, sech mat der sportlecher Leeschtung net nëmme vu senger Equipe, mä och mat der Leeschtung vum Arbitrage op den Terrainen kritesch kënnen ausenanerzesetzen.

Well ebe just déi Manéier ze arbitréieren – sprëch e Fussballmatch ze leeden – net nëmme vu mir, mee och nach vu verschiddenen anere Leit bemängelt gouf a gëtt, an ech eben op dee ‚Malaise‘ wollt hiweisen, hunn ech den 12. September 2010, nom gewonnene Match géint den FC Swift Hesper, eben wéinst dësem katastrophalen Arbitrage meng Demissioun als Trainer bei der UN Käerjéng 97 ginn.

Heibäi hunn ech keng persounebezunn verbal Attacken oder Veronglimpfungen géint d’Arbitter geridden.

Fir elo mech, no den Evenementer bei de Matcher vum 17. Oktober 2010 (CS Péiteng – FC Woltz 71 an FC Jeunesse Canach – FC Déifferdeng 03), wou aner Leit sech wéinst dem Arbitrage opgereegt hunn a wou och wuel aner Saache geschitt sinn, déi näischt mat Fussball ze dinn hunn, un de Pranger ze stellen, entbiert jiddwer Grondlag.

Ech muss mech mat aller Bestëmmtheet dogéint wieren, dass eng oder verschidde Persounen aus der Arbittervereenegung mech op der ‚place publique‘ als ee ‚Brandstëfter‘ bezeechent hunn.

Op ënneschtem Niveau

Brandstëftung ass ee kriminellen Akt, a mech als Kriminellen duerstellen ze wëllen, just well ech meng Meenung iwwert ee bestoende ‚Malaise‘ betreffend verschidden Arbitragen op den Terrainen zum Ausdrock bruecht hunn, ass fir mech onzoulässeg an op ënneschtem Niveau.

Wat de 17. Oktober op aneren Terrainen bei de Matcher CS Pétange – FC Wiltz 71 an FC Jeunesse Canach – FC Déifferdeng 03 passéiert ass, dofir kann ech net responsabel gemaach ginn a wëll ech mech och net responsabiliséiere loossen.

Fir dann och nach ze probéieren, mech a menger vergaangener Fonctioun als U21-Nationaltrainer duerch de Knascht ze zéien – fir mech als e Mann mat onméiglechem Behuelen duerzestellen–, da muss ech einfach nëmme feststellen, dass all Mëttele gutt sinn, fir meng Persoun ze diffaméieren, mee et weist fir mech och, datt déi betreffend Arbitteren net ganz fräi vun A-priorie sinn, wa si den UN Käerjeng mat sengem Trainer musse päifen.

Op dëse Punkt wëll ech net weider agoen, mee ech stellen hei just fest, dass ech eng gutt Zesummenaarbecht an deene bal véier Joer mat der FLF hat, an dass ech mir och do näischt virzegeheien hunn oder hat.

Zu deenen Duerstellungen muss ech einfach nëmme feststellen, datt ech während véier Joer fir d’FLF geschafft hunn, mech dono aus fräie Stécker fir eng aner Richtung entscheed hunn, an et mat de Responsablen ëmmer eng gutt Zesummenaarbecht gouf. Wann et do Problemer gi wieren, hätten déi mat Sécherheet och Konsequenze fir mech no sech gezunn, dëst am Intérêt vun der FLF.

Et kann einfach net sinn, dass een, fir vu senger eegener Onzoulänglechkeet ofzelenken, probéiert, fir all dat, wat op den Terrainen schifgelaf ass, vläicht schifleeft oder nach weider schiflafe kéint, respektiv fir Aussoen oder Aktioune vun anere Leit, op aneren Terrainen oder wou och ëmmer, mech als ‚bouc émissaire‘ dohinzestellen.

‚Appel un den bon sens‘

Als faire Sportsmënsch läit et mir um Häerz, nodeems wat um Arbitter-Kongress ugeriicht ginn ass, een ‚Appel un den bon sens‘ ze maachen un all Acteuren – ob Arbitter, Trainer, Spiller, Klubresponsabel a Supporter –, dass si sech alleguer erëm dorop besënnen, dass et haaptsächlech drëm geet, dass op den Terrainen flotten a faire Fussball gespillt gëtt, an d’Matcher vun den Arbittere geleet an net entscheed ginn.

Ech appelléieren hei un dat, wat am Volleksmond als ‚dat néidegt Fangerspëtzegefill‘ bezeechent gëtt, well en diskret Optrieden an e bëssi ‚Auto-Critique‘ bréngen och déi betreffend Leit aus dem Arbitrage wuel weider.
Wien Respekt fuerdert, muss och sengem Géigeniwwer Respekt entgéintbréngen.

Um Enn fuerderen ech heimadden, och ganz offiziell, de Verfaasser vun dem Pamphlet an déi Persoun, déi se offiziell um Arbitterkongress virgedroen huet, op, esou Uschëllegungen an Duerstellungen an Zukunft ze ënnerloossen.

Sollt dat net de Fall sinn, da behalen ech mir all juristech Schrëtt vir.

Roland Schaack