Donnerstag6. November 2025

Demaart De Maart

ZeithistorikerE puer Froen zur Sortie de crise

Zeithistoriker / E puer Froen zur Sortie de crise
Och wa mer zanter genee engem Joer net an enger Krichssituatioun liewen, erliewe mer déi gréisste Kris zanter der Wirtschaftskris vun den 1970er Joren Foto: Editpress/Julien Garroy

Jetzt weiterlesen!

Für 0,99 € können Sie diesen Artikel erwerben:

Oder schließen Sie ein Abo ab:

ZU DEN ABOS

Sie sind bereits Kunde?

D’Regierung versicht zanter engem Joer, gréisstendeels am Konsens mat der Oppositioun am Parlament, esou gutt wéi méiglech d’Folge vun der Pandemie zu Lëtzebuerg ze meeschteren. Regierung a Parlament stinn awer elo virun enger weiderer, op d’mannst genee sou grousser Erausfuerderung. An dat ass, d’Sortie aus der sanitärer Kris ze plangen. Net nëmmen um medizineschen, mee och um wirtschaftlech-soziale wéi um psychologesche Plang. Erlaabt mer dozou e puer Commentairen a Froen.

Och wa mer zanter genee engem Joer net, wéi de franséische Präsident Macron an aner Politiker et an hire Kommunikatiounsdelirie formuléiert hunn, an enger Krichssituatioun liewen, erliewe mer déi gréisste Kris zanter der Wirtschaftskris vun den 1970er Joren. Wéi deemools versiche Regierung a Sozialpartner mat aktiver Mathëllef vu groussen Deeler vun der Bevölkerung Solidaritéitsmechanismen en place ze setzen a mobiliséiere Staatsgelder, fir déi wirtschaftlech a sozial Folge vun der sanitärer Kris ofzefiederen.

Wéi deemools verhënnert dat leider net, dass déi Mënsche mat de prekärsten Aarbechts- a Liewensbedingungen nach méi fragiliséiert ginn: Männer a Fraen, déi virdru schonns fir en niddrege Loun geschafft hunn an elo mat engem weidere Réckgang vun hire Revenuë konfrontéiert sinn, Jonker, wou de Chômage zu Lëtzebuerg op d’Rekordhéicht vu 25% geklommen ass, monoparental Familljen, fir déi den Aarmutsrisiko mëttlerweil bei bal 50% läit. D’Bewosstsäin fir déi sozial Inegalitéiten, déi duerch d’Corona-Kris nach verschlëmmert goufen, ass déi lescht Woche geschäerft ginn duerch dat komplett verantwortungsloost Behuele vun Impfvirdrängler, déi zur wirtschaftlecher Elite vum Land gehéieren.

Am Kader vun der Stolkris huet d’Escher Terres-Rouges-Schmelz, wou mäi Papp geschafft huet, 1977 hir Diren zougemaach. Glécklecherweis fir hien a fir Dausenden aner Stolaarbechter an hir Famillje gouf dat selwecht Joer, am gréissere Kader vun engem Rettungsplang fir d’Arbed, eng Division anti-crise (DAC) agefouert no Decisioun vun der Tripartite Regierung-Patronat-Gewerkschaften, fir Massenaarbechtslosegkeet ze verhënneren. Dofir meng Froen: Wéi kéint eng DAC 2021 an déi Joren dono am Kampf z.B. géint Chômage ausgesinn? A lieft d’Tripartite nach?

An engem, wéi hie selwer sot, häretesche Gedanke sot de Statec-Direkter Serge Allegrezza 2018 an engem Interview, de Staat misst 700 Milliounen Euro pro Joer ausginn, fir d’Aarmut hei am Land ze eradiquéieren. Schonns deemools hunn d’Wunnengskäschte fir vill Famillje méi wéi 50% vun hirem Budget ausgemaach. Wuelwëssend, dass grad d’Wunnengspräisser weider an d’Lut gaange sinn, erlaben ech mer dofir, weider Froen ze stellen: Wéi soll déi dringend Aarmutsbekämpfung am 21. Jorhonnert zu Lëtzebuerg ausgesinn? Wéi sollen zousätzlech budgetär Moyene finanzéiert ginn? Viru 40 Joer ass et e.a. iwwert eng national Solidaritéitssteier, am Volleksmond Arbed-Steier genannt, geschitt. À moins, dass d’Regierung d’Staatsschold wëll weider eropschrauwen, stellt sech d’Fro, wéi se sech eng gerecht Steierpolitik haut a moar hei am Land virstellt.

Mat enger Remarque an engem Virschlag wéilt ech ofschléissen. An déi betreffen de mënschlechen Impakt vun der sanitärer Kris. An deem Joer, wou mer eis sozial Kontakter dramatesch hu missen aschränken, wou jiddwereen op senger Aarbecht, mee och am private Beräich gesäit, wéi Famill, Frënn, Kolleegen a Kolleeginne psychesch drënner leiden, sinn ech mer enger Saach nach méi bewosst ginn: Mär alleguer, mee besonnesch eis Kanner a Jonker, déi am Ufang vun hirer Perséinlechkéitsentwécklung stinn, brauche zwëschemënschlech Kontakter wéi d’Loft fir ze otmen. Dat Wäertvollst an eisem Wiesen a Liewe läit dodran, dass mer eis Gedanken, eis Gefiller, eis Froen iwwert eis an iwwert d’Welt matdeelen, also mat anere Persounen deele kënnen. Dat, wat de Soziolog Emil Durkheim schonns viru méi wéi 100 Joer als déi gréisste Gefor an eise moderne Gesellschaften ugesinn huet, d.h. den Zoustand vun Anomie, an anere Wierder eleng ze sinn, isoléiert, ouni sozial Lienen, ass zanter engem Joer an der Extremsituatioun vun der Pandemie eng Norm ginn.

Sortie de crise heescht also och, dat Wäertvollst vum mënschleche Wiesen nees an de Virdergrond stellen. Erlaabt mer dofir zum Schluss, ee konkrete Virschlag an deem Zesummenhang un d’Regierung ze maachen. An dat ass, an den nächste Wochen a Méint all d’Gremien, déi mat der Gestioun vun der Covid-Kris ze dinn hunn, mat Professionellen a Chercheuren opzestocken, déi sech mam psychologesche Wuelbefannen an, no engem Joer Pandemie, virun allem mat der psychescher Belaaschtung vu groussen Deeler vun der Bevölkerung auserneesetzen an hei hëllefe kënnen. Well d’Wonnen, déi d’sanitär Kris an eisem mënschleche Wiese verursaacht, sinn – genee wéi déi kierperlech Sequellen – zwar elo scho visibel, mee an hire Folgen haut leider nach net anzeschätzen.